deSCOUT 2/2007

17
No 519 / 87. Joergang deSCOUT SCOUTEN A GUIDEN FNEL 2/07

description

No 519 / 87. Joergang 2/07 F N E L SCOUTEN A GUIDEN

Transcript of deSCOUT 2/2007

Page 1: deSCOUT 2/2007

No 519 / 87. Joergang

deSCOUT

SCOUTEN A GUIDENF N E L

2/07

Page 2: deSCOUT 2/2007

Imprimerie Victor Buck Scoutsjoer geet esou lues op en Enn an déi meescht vun iech wäerte sech sécher op d’Summervakanz freeën. Réckbléckend wor dëst Joer fir ons e memorabelt Joer am Zeeche vum 100 Joer Scoutismus. Déi vill Aktivitéiten, déi dëst Joer stattfonnt hunn, hunn de Scoutsmouvement no bausse publique gemaach. Oft ass d’Idee déi di aner Leit vun de Scouten hunn, e Bild wat dem Scoutsmouvement vun haut absolut net méi entsprécht. Am Kader vun de ville Festivitéiten ass et gelongen de Leit dobaussen, déi näischt mat Scouten ze dinn hunn, ze weisen dass Scoute vun haut en dynamesche Mouvement ass, dat en d’Jugend duerchaus och nach haut begeeschtere kann. Wéi heescht et esou schéin „Eemol Scout ëmmer Scout“.

An dem Sënn soll och den 8. Juli op der Kockelscheier fréier Scouten a Guiden zesumme brénge fir dësen Dag ze erliewen. Bestëmmt erënneren déi fréier Scouten/Guide sech gären un hir Zäit bei de Scouten zeréck, a wie weess villäicht krit deen een oder anere villäicht erëm Idee aktiv mat dobäi ze sinn. Op alle Fall si mir iwwerzeegt, dass dësen Dag fir ons e flott Erliefnes gëtt.

Dëst Joer huet ons villäicht alleguer, déi mir dobäi si, kloer gemaach, wat ons de Scoutismus bruecht huet. Dir huet bestëmmt nei Bekannschafte, Frëndschafte geschloss an dat Gefill krut, dass mir eng Gemeinschaft si an zesummen eppes färdeg bréngen.

Duerno kënnt fir déi meescht vun de Gruppen e flotte Summercamp, fir een Deel vun iech och d’Participatioun um Jamboree. Op dir elo am Land bleiwt oder an d’Ausland

Josiane Kaiser-Hinger

gitt, dir gitt zesummen an enger Équipe a weist dat och dobaussen. Dir erlieft zesummen eppes Flottes a wäert alleguer flott Souvenire mat heem bréngen. Déijéineg, déi um Jamboree si kréien d’Geleeënheet nei Leit kennen ze léieren a Frëndschaften ze schléissen. Op alle Fall wënsche mir iech e ganz flotte Camp an dass der all erëm gestäerkt a voller Enthousiasmus am September dobäi sidd.

Wa mir um Enn vum dësem Scoutsjoer denken, denke mir awer och un all déi Scouten a Guiden, déi villäicht no hirem Exame fort an d’Ausland op d’Uni ginn. Eng ganz interessant a flott Zäit steet iech befier. Leider bedeit dat oft, dass ons Chefen , wa mir elo ganz egoistesch denken, net méi esou vill am Asätz kënne sinn, souwuel an hirem Grupp wéi och an der FNEL. Vergiess ons net! Am Zäitalter vun Internet ass et méiglech trotz grousser Distanz Kontakt ze halen. Et ass menge mir eng flott Méiglechkeet gewuer ze gi wat alles lass ass an esou wa Geleeënheet do ass awer mat derbäi ze sinn.

Mir wënschen iech all eng ganz flott Vakanz an hoffen iech all am September erëm ze gesinn

EDITORIAL

EDITORIAL 3deSCOUT 2/07

Périodique officiel de la FNEL Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg

43, rue de Hollerich, Luxembourg

Paraît 4 fois par an

Rédaction et mise en page Josiane Kaiser-Hinger, Claudine Scheeck Impression Imprimerie Victor Buck, Leudelange Adresse postale deSCOUT (FNEL) B.P. 2676 L-1026 Luxembourg Tel +352 26 48 04 50 Fax. +352 26 48 04 30 E-mail [email protected] Internet www.fnel.lu

Clôture de rédaction pour le prochain numéro le 15 août 2007

deSCOUT

Page 3: deSCOUT 2/2007

24

Phot

o: A

. Fri

tsch WËLLEFCHER

RONDERËM

ÄER SAÏTEN

INHALT 5deSCOUT 2/07

TITELTHEMAD’GeneralproufL’histoire des Jamborees

ZU GUDDER LESCHTDe klenge Scout

Gudden Appetit E klengt Rezept

3 Froen

28 30 31

deSCOUT 2/07

Luxembourg knows how to rave

Eng BA fi r de Nepal

24 26

SCOUTENDen Explo an der Stad10

Scouten a Konscht

Une histoire d’un malentendu

Sixplo am Hexenhaus12

FORMATIOUNLa nuit des brevets

89 Kandidaten kruten hire Brevet

17

12 Phot

o: C

omm

issa

riat

LX

Phot

o: B

ison

s fu

tés

20 22

Un arbre pour la vie23

6 8

10

Page 4: deSCOUT 2/2007

deSCOUT 2/07

D’GENERALPROUF

Päischtweek-end um Neihaischen Préparatioun fi r de World Scout Jamboree 2007 an England

Fir mat Zuelen unzefänken: Lëtzebuerg geet dëst Joer mat engem relativ grousse Kontingent op de Jamboree, näämlech 261 Leit am Ganzen: 176 Scoute mat 20 Chefen, 57 Leit ginn als sougenannten „EIST“ mat (International Service Team). E gudden Drët-tel vum Kontingent si Leit vun der FNEL. FNEL oder LGS – dat soll awer an England keng zevill grouss Roll spillen a fi r dass ee sech e bësse kenne léiere kann, war dann iwwer de Päischtweek-end (26-27-28 Mee) e Camp um Neihaischen. Dernieft gouf et eng Hellewull Preparatiounsaarbechten ze maachen a fi r anerer war de groussen High-light sécherlech „d’Reunioun 1957“, eng Aart Conveniat vun deenen di viru 50 Joer um Jamboree an England waren.

6 TITELTHEMA

Paul Konsbrück

deSCOUT

E Samschdeg sinn dann awer mol fi r d’éischt „EIST’en“ opgetaucht an hunn ugefaang d’Zelter fi r d’Atelier’en opzeri-ichten an d’Campplaz ze aménagéieren esou dass d’Scouten/Guiden an hir Chefen déi Aarbecht alt mol manner haten. Déi hu sech dann och gudd Zäit gelooss an hunn d’Sonn genoss amplaz vive hir Kichen ze iwwerdaachen. Dat sollt bestrooft ginn, mat Eemere Waasser, déi op eemol vum Him-mel gefall sinn an och - bis eng kuerz En-nerbriechung Sonndes Mëttes - net domat opgehal hunn.

Allerdéngs muss een eppes ganz kloer soen : de Reen war gudd a wichteg fi r dee Camp! Doduerch, dass et heiansdo naass a kal war, si sech d’Leit méi no koum an

TITELTHEMA 7

hu sech och miissten zesummen débrouil-léieren. D’Stëmmung ass duerch di Schau-eren net gedréckt ginn an et war de grousse Moment fi r di sëllege Max-Kuborn-Imita-toren: „Jo, elo nach eng Stonn, dann hält et op“, „De Wand kennt jo vu Westen“, „Et ass och schonns vill méi hell“, „D’Sonn ass gläich erëm do“ (...)

D’Atelier’en déi Sonndes de ganzen Dag op Héichtoure gelaf si, waren trotz ge-leeëntleche Schaueren allefalls e Succès an et konnt vill fi r de Jamboree preparéiert ginn. Sou misst den „Offi ce“ (Lëtzebuerge-sche Pavillon um Jamboree) mat all senge genialen Expositiounselementer nëmmen nach de Finissage verpasst kréien, d’Veillée gouf preparéiert, de Kachkéis am World-

village geschmaach, d’Scoute krute lauter Informatioune wéi et um Jamboree leeft an hunn och nach en Holzhummer mat hirem Numm drop fi r matzehuelen.

Nach e Wuert zu der Réunioun vun de 1957’er. Dat war mol vläicht cool! Et war esou, dass vun deene knapp 600 (!), déi dee-mools an England derbäi waren, der eng 50 dee Wee op Neihaischen fonnt hate fi r sech eremzebegéinen – deelweis fi r d’éischte Kéi-er säit 1957 – an awer och fi r eis ze erziele wat fi r Spiichten dann deemools um Pro-gramm stoungen. Mir krute Foto’e gewisen a mat enger gewësser Portioun Stolz erzielt wat fi r schéin Zäiten et dach waren. ( Ers-taunlech iwweregens, dass Verschiddener seguer nach hir Uniform vun deemools un haten – an se huet gepasst. Bei muncher ee passt déi vum Läscht Féderalscamp mol net méi). FNEL a LS (nix „G“) waren deemools nach streng getrennt, dat ass haut anescht a vläicht och gudd esou – de Scouten ass den Ënnerscheed net opgefall, just engem klenge Bouf vun den LGS, dee gefrot gouf, wat dann den Ënnerscheed wier:

„ Déi vun der FNEL si scho méi lëschteg ewéi mir – awer och méi liddereg! Hei Gëschter hu mir schonn d’Zelter opgeriicht a si hunn nach gespillt“.

Domat wier alles gesot.Wieder Info zu Week-End an

d’Campzeitung op : http://wsj2007.org.lu

2/07

Page 5: deSCOUT 2/2007

L’HISTOIRE DES JAMBOREES

21e Jamboree Scout Mondial 2007 Le 21e Jamboree Scout Mondial mar-quera le Centenaire du Scoutisme, avec plus de 40000 scouts venant de presque tous les pays du monde.

Le fondateur du Scoutisme, Lord Baden-Powell pensait organiser une rassemble-ment spécial avec des scouts de toutes les nationalités pour célébrer le dixième anni-versaire du premier camp scout sur l’île de Brownsea. Cela n’a pu avoir lieu qu’après la première guerre mondiale. Cette rencontre internationale a eu lieu en 1920 à Olympia, Londres. Ce premier Jamboree rassembla 8000 scouts venant de 34 pays.

Jamboree est à présent un terme interna-tional qui désigne un grand rassemblement scout. Depuis 1920, des Jamborees Scouts Mondiaux ont eu lieu environ tous les 4 ans, sauf durant la seconde guerre mondiale, et ont été accueillis par différents pays.

1er Jamboree Scout Mondial – 1920 Londres, Angleterre. 8.000 scouts de 34 pays.

2e Jamboree Scout Mondial – 1924 Emerlunden, Copenhague, Danemark.

3e Jamboree Scout Mondial – 1929 Birkenhead, Angleterre. 50.000 scouts de 69 pays (320.000 visiteurs).

4e Jamboree Scout Mondial – 1933 Gödöllö, Hongrie. 25.792 scouts.

5e Jamboree Scout Mondial – 1937 Vogelensang-Bloemendaal,Pays-Bas. 28.750 scouts de 54 pays.

6e Jamboree Scout Mondial – 1947 “Le Jamboree de la paix”. Moisson, France. 24.152 scouts sont présents.

8 TITELTHEMA

Source: www.scout.org

deSCOUT

7e Jamboree Scout Mondial – 1951 Bad Ischl, Autriche. 12.884 scouts.

8e Jamboree Scout Mondial – 1955 Niagra-on-the-Lake, Canada. 11.139 partici-pants de 71 pays.

9e Jamboree Scout Mondial – 1957 Sutton Park, Angeterre. Le Jamboree du Ju-bilé commémorant le 50e anniversaire du Scoutisme. Plus de 30.000 scouts de plus de 80 pays sont présents.

10e Jamboree Scout Mondial – 1959 Mt. Makiling Phillipines. 12.203 scouts ve-nant de 44 pays.

11e Jamboree Scout Mondial – 1963 Marathon, Grèce. 14.000 participants de 89 pays.

12e Jamboree Scout Mondial – 1967 Farragut State Park, Idaho, U.S.A. 12.011 campeurs venant de 105 pays.

13e Jamboree Scout Mondial – 1971 Asagiri Heights, Japon. 23.758 campeurs ve-nant de 87 pays.

14e Jamboree Scout Mondial – 1975 Lillehammer, Norvège. 17.259 campeurs venant de 91 pays.

Jamboree Scout Mondial de l’année 1979Lieu: le monde. Date: toute l’année 1979.

Au lieu d’un seul Jamboree, l’Organisation mondiale déclare 1979 “l’Année mondiale du Jamboree”, multipliant par mille le rayonnement d’un. Le 15e Jamboree mondi-al, prévu en Iran en 1979 a été reporté.

TITELTHEMA 9

15e Jamboree Scout Mondial – 1983 Kananaskis Country, Alberta, Canada. 14.752 scouts de 106 pays sont réunis.

16e Jamboree Scout Mondial – 1987-1988 New South Wales, Australie. 14.434 partici-pants de 84 pays.

17e Jamboree Scout Mondial – 1991 Parc National du Mt. Sorak, Corée. Avec près de 20.000 participants représentant 135 pays .

18e Jamboree Scout Mondial – 1995 Flevoland, Pays-Bas, 28.960 participants 166 pays.

19e Jamboree Scout Mondial – 1998-1999 Picarquín, Chili, 1998-99. Participation de 30.948 scouts, de 157 pays et territoires.

20e Jamboree Scout Mondial – 2002-2003 Le 20e Jamboree Scout Mondial en Thaï-lande a été l’événement phare de notre Mouvement. Plus de 24.000 scouts de 147 pays.

2/07

Le Grand-Duché de Luxembourg

sera représenté par un contingent

“LBSA” de 263 scouts et guides au

21ième Jamboree Scout Mondial.

Les 86 membres participants de

la FNEL, c.à.d 64 jeunes scouts,

7 responsables, 11 membres EIST

(International Service Team) et

4 membres “Staff”, représentent les

groupes suivants:

Les Aigles, 23 participants

Bisons futés, 12 participants

CBDM, 14 participants

EELQ, 13 participants

Greng Scouten, 11 participants

Piwitschen, 1 particpant

Panthères noires, 9 participants

Wiselen, 3 particpants

Page 6: deSCOUT 2/2007

SCOUTEN 11deSCOUT 2/07deSCOUT

Vum Gronn aus ass et dunn a Richtung Stat gaang an zwar bei de Roude Pëtz, do wor onse sou genannten „Headquaerter“. D’Scouten hu missen 10 Posten, déi aller-déngs duerch ganz Stat verspreet woren, fannen. Bei all Poste krute si e Puzzlestéck. Nodeem si déi10 Posten zur Zefriddenheet zu Enn bruecht hunn, si si mat hiren 10 Puz-zlestécker zeréck bei de Roude Pëtzt komm. Do krute si da matgedeelt, wou d’Owesplaz fi r z’iesse wor.

Et gouf gegrillt an zwar beim Home vun der Hoga. Owes ass et dunn nach eng Kéi-er zeréck an d’Stat gaangen. Op der Place d’Armes hu mir eng Veillée gehal, mat Spill-er, Lidder a Sketcher. Well et schonns esou herrlecht waarm Wieder wor, woren owes vill Leit op der Plëss, esou dass mir iwwert e feelende Public net konnte kloen.

Wéi allgemeng bekannt feieren d’Scouten dëst Joer hieren 100 jäerege Jubiläum. Dofi r hu mir et och wichteg fonnt de Scoutsexplo ënnert dëst Thema ze stellen.

Fir dass mir och genuch Zäit hate fi r all ons Aktivitéiten duerchzezéien, hate mir schonns Samschdes mueres um 10 Auer Rendez-vous op der Gare.

Nodeem all Mënsch ukomm wor ass et mat Sak a Pak lass gaang a Richtung Bouneweeg. Beim Home vun de Lions Bleus hu mir alleguer an Zelter geschlof. Mir hunn ons installéiert an dunn zou Mëtteg giess, fi r dann endlech op de grouss Aventure a Stat opzebriechen.

Zou Fouss si mir an de Gronn gaang. Do wor schonns vill lass, well owes „la fête du printemps“ wor.

DEN EXPLO AN DER STAD

Den 28. an den 29. Abrëll war an der Stadt eppes méi lass. 165 Scouten a Guiden hun sech getraf fi r eng fl ott Aventure ze erliewen.

10 SCOUTEN

Scout’s Équipe

deSCOUT

Sonndes hu mir d’Kasematten erorbert. An zwar hu jeeweils 3 Gruppen esou vill wéi méiglech „Gold nuggets“ misse sam-melen, fi r sech kënnen Holz etc. ze kafen. Domat konnten d’Équipe sech dann Hüt-ten an Haiser kafen. Et ass natierlech drëm gaangen esou vill wéi méiglech Haiser an Hütten ze kafen. Nodeems jidderee säi Be-scht gemaacht hat hu mir ons fi r d’„Chaîne des adieux“ eng super Kuliss ausgesicht an zwar d’Pirateschëff am Park.

Alles an allem ass den Explo an der Stat eng fl ott Aventure gewiescht an esou muncher Ee, wiert vun elo un sech villäicht besser an der Stat erëmfannen, an d’Scouten hunn erlieft, dat een och an onser Stat ganz vill Abenteuer erliewe kann.

2/07

Page 7: deSCOUT 2/2007

SIXPLO AM HEXENHAUS

Den 12. an 13. Mee hu 45 Sixer an 122 Wëllefcher, zesumme mat hire Chefen, de Bësch zu Huelmes ver-zaubert.

Endlech war et nees sou wäit, d’Sixer aus dem ganze Land hu sech den 12.Mee 2007 zu Huelmes am groussen Hexenhaus ge-traff. Dëst Joer hu si sech zu diploméierten Hexen an Zauberer rageschafft.

Déi 45 Sixer (an 20 Chefen) hunn, nodeems se sech aquartéiert hunn, tonne Saache misse léieren a beweisen, fi r éischtens genuch Punkten ze sammelen, fi r zur Hex oder zum Zauberer ausgebilt ze ginn an zweetens hu misse bei den alen Zauberer an Hexen, “Zutaten” verdéngt ginn, well der leider net méi genuch do ware fi r de groussen Hexen-trank ze brauen. Et gouf gezaubert, duerch Spannennetzer geklomm, Gewierzer ge-schmaacht, Planzen erkannt, Hexenstawdu-elleléiert, um Hexebiesem gefl unn, Zauber-spréch erfonnt a villes méi. No deene villen ustrengenden „Prüfungen“ ass endlech de groussen Trank zesummegewierfelt ginn an et gouf eppes zwëschen d’Zänn.

Owes gung et du weider mam Hexenduel-léieren. Zwou Équipen hu mat vollem Asaz bewisen, dass si quasi als Hexen an Zau-berer gebuer goufen a si hu sech nom us-trengende Spill all en Diplom verdéngt (an natierlech eng Schlupp vum Hexentrank an e Kichelchen), sou dass sech elo offi ziell all als diploméierten Hexemeeschter oder Zau-berer bezeechnen däerfen.

12 WËLLEFCHER

Sandy Spielmann

deSCOUT

No enger erhuelsamer Nuecht an engem warme Bett, koume moies schonn 122 wei-der kleng Hexen an 25 grouss Hexen op Besuch, déi all kucke wollte wat hier grouss Sixer geléiert hunn. Si all goufe fi r hire Cour-age mat voller Sonn de ganzen Dag belount an se hu sech op de Wee gemaach duerch de groussen Hexebësch, wou all méiglech Aufgaben op se gelauert hunn. Si hu geléiert um Biesem ze fl éien, d’Gläichgewiicht drop ze halen (soss ass een defi nitiv naass ginn!!), si hunn en Amulette an en Zauberstaf ge-bastelt a sech och misse kreativ beweisen.

Géint 15.00 Auer hu mer eis all nees zesumme getraff an et gouf sech vun den Hexe verabschid an e klénge seriösen offi -ziellen Deel gemaach, wou 7 Bonne Meute verdeelt gi sinn a 5 extra gudd Wëllefcher hire Leaping Wolf iwwerreecht kritt hunn. Dono si mer nees all an de (richtege) Bus geklomm a ware frou wéi mer nees op der Gare ukomm sinn.

Ech well hei nach emol jidderengem vill-mools Merci soen, deen am viraus oder (a virun allem) um Sixplo selwer sou gudd gehollef huet an och der Jugendherberg well ech e grousse Merci iwwert dëse Wee zoukomme loossen, déi super fl exibel a fein waren. MERCI. Sandy Spielmann (iwwert de leschte SIXPLO;)

WËLLEFCHER 132/07

“Bonnes Meutes” 2006-2007 Bisons futés, FréisengCastors, SchëtterCBDM, MerlGreng Scouten, DiddelengHoga, Stadt LëtzebuergPiwitschen, CapPanthères noires, Luerentzweiler

“Leaping Wolf” 2006-2007 Paul BERTRAND, CastorsCharel LOOS, CastorsChristophe MOLITOR, CBDMGuilhelm TURK, CBDMYves SEBURGER, Piwitschen

Page 8: deSCOUT 2/2007

deSCOUT2/07

No 519 / 87. JoergangSCOUTEN A GUIDEN

F N E LdeSCOUT14AKTUELL deSCOUT

INVITATIOUNHues och Du vill schéi Momenter bei de Guiden an de Scouten erlieft, a wëlls Du dës erëm opliewe loossen?

Am Kader vum Centenaire vum Scoutissem invitéieren d’AGGL, d’FNEL an d’LGS all aktiv a fréier Guiden a Scoutenan hir Familljen op de Weekend de Rencontreop der Kockelscheier.

8. Juli 2007

Dann ass den 8. Juli 2007 däin Dag!

2/07 AKTUELL152/07

Programm:vun 10:00 un Arr ivée

10:00 - 12:00 Programm vun de Branchen, wou j iddferee nokucke kann

vun 11:00 un Presentat ioun vu FI lm a Fotoen aus de leschten 100 Joer Scoutsshop a Scoutsauss te l lung

11:30 Concer t -Apéro am groussen Zel t

vun 12:00 un Mët tegiessen (Gegri l l tes a reser véier t Menuer) an typescher Guiden- a Scoutsambiance

14:30 - 16:00 Gebuer tsdagsfeier mat al le Guiden a Scouten, duerno grousse Gebuer tsdagskuch

16:00 - 18:00 Gemit t lecht Zesummesin (Gri l l a Gedrénks)

Parking :Op der Kockelscheier kënnt dir deen Dag leider net parken. Benotzt dof i r w.e.g eis Navet ten. Déi fueren vun 10:00 - 18:00 Auer tëscht der Stater Gare an dem P&R Boui l lon an der Kockelscheier.

Weider Informatiounen um Telefon 26 9484 26, op www.scout ing2007.lu oder een E-Mai l un tom.lahr@lgs. lu.

Mir f reen eis op en onvergiess lechen Dag op der Kockelscheier.

BHHM-!GOFM-!MHT

Page 9: deSCOUT 2/2007

2/07

LA NUIT DES BREVETS

89 Brevet’e sinn den 30. Juni op der “Nuit des brevets” ausgedeelt ginn.

100 Joer Scoutissem ass nu mol eng Exzeptioun. Dofir organiséiert d’FNEL am Joer 2007 kee Pow-Wow.

Et sinn awer eng ganz Partie nei Responsabler, déi am vergaangene Joer hir Formatioun (Leadership, Ex-plorerbrevet, Assistant- oder Chef d’Unité) ofgeschloss hunn.

Fir dëst an engem würdege Kader ze feieren hat de Service Formation FNEL e Samsdeg den 30. Juni bei de Fraiheetsbam op Stroossen invitéiert, fir bäi der Geleeënheet de Kandi-daten hire Brevet ze iwwereechen an d’Chef d’Unité z’assermentéieren.

Service Formation FNEL

FORMATION 17

Brevet: LEADERSHIP 2007

Chris BACKES, DachsenGilles BACKES, DachsenJeff BERENS, DaereldéierenDjuna BERNARD, WiselenDelphine CALMES, AiglesLisy CLESEN, CBDMTom COLOMBO, PiwitschenSara D’AGOSTINO, DachsenElisabeth ENGELDINGER, WiselenDennis FINK, Greng ScoutenLena HARTZ, Greng ScoutenCathie HAVE, Greng ScoutenNora HEINEN, Lions bleusJérome KOCKHANS, Loups blancsLaurent KOPS, LoutresJoshua MAJERUS, DaereldéierenClaire MERENZ, LoutresCathy MEYER, PiwitschenJessica PELTIER, DachsenKevin RAACH, CastorsSophie REINERS, Lions bleusLena SCHMITT, Lions bleusBen Lim SIMON, KiewerleckenNicolas WURTH, Aigles

Page 10: deSCOUT 2/2007

2/07deSCOUT 2/07deSCOUTdeSCOUT18 FORMATION deSCOUT FORMATION 19

Assistant Chef de Colonie

Annick BACKES, DachsenMarianne BOLMER, LoutresJulie BOVE, WiselenBob CHRISTEN, Wëll SaiSarah DIDDEN, Panthères noiresJulie HUBERTY, PiwitschenMara HUBERTY, WiselenNicolas LAMPACH, Lions bleusLynn PALGEN, Dachsen

Chef de Colonie

Sara BAMBERG, CastorsJil BOUCHE, WiselenNora JACOBY, LoutresJessica SCHREINER, FeldmaisElisabeth THINNES, Hoga

Assistant Chef de Meute

Charlotte DIMMER, AiglesMax GAASCH, KiewerleckenValérie HELLINCKX, KiewerleckenLaurent KOEPP, DeckelsmoukenJill KOHL, Panthères noiresStéphanie KUBORN, KiewerleckenTina LEHNEN, Panthères noiresElodie LONGO, Panthères noiresKatrin MECKEL, Rammericher Fräschen Linda QUARING, DeckelsmoukenJulie REGENWETTER, Panthères noi.Yvonne SCHACKMANN, AiglesLee WHITE, Kiewerlecken

Chef de Meute

Jeff FISCHER, CBDMBen HUBERTY, PiwitschenCorinne ROSEREN, HogaBob SCHIMBERG, Wiselen

Assistant Chef de Troupe

Elisabeth ALLDIS, DachsenCharel BINCK, PiwitschenNoémie COLLETIN, Lions bleusSven FANDEL, Wëll SaiYannick HINGER, DeckelsmoukenJulie KAYSER, KiewerleckenMarie-Sophie MEYER, EQPhilippe RAUSCH, Wëll SaiNoémie RUME, DeckelsmoukenManou SCHLESSER, DachsenLisa TURK, CBDMVincent WAGENER, Kiewerlecken

Chef de Troupe

Jessica CIGRAND, HogaAlain FRITSCH, WiselenJamila KREMER, CBDM

Explorerbrevet

Christophe CAPELLE, Bisons futésKen DAHM, Peaux rougesSharif EL DEIB, Bisons futésBen GAFFINET, Bisons futésChristian GYBERYEN, Bisons futésLisa LEUENBERGER, Bisons futésNadine LINDEN, Bisons futésJoëlle LINDEN, Bisons futésAndy LIONTI, Peaux rougesAngie SCHROEDER, Peaux rouges

Assistant Responsable d’Unité Explorer

Andy BARBONI, LoutresDon BOURONE, DaereldéierenRaphaël FOURNIER, PiwitschenMohammed HAMDI, Loutres

Responsable d’Unité Explorer

Tom SCHINTGEN, Loutres

Responsable Clan

Christine BASTIAN, PiwitschenFrank KAYSER, WiselenRomy MORANG, Panthères noires

Page 11: deSCOUT 2/2007

SCOUTEN A KONSCHT2007 ass Kultur Joer an zugläich Joer vun

100 Joer Scoutismus. Zu dëser Geleeënheet huet et mech interesséiert erauszefannen a wéiwäit Scouten da mat Kultur oder Konscht verbonne si. Fro huet sech och gestallt op et ka si, dass villäicht de Scoutismus säin Deel dozou bäigedroen huet déi eng oder aner Décisioun ze huelen.Laang Joer sinn et hir......

Wièn vun iech ka sech nach un den Ikki erënneren? Majo ech ka mech nach ganz gutt dorun erënneren. D’Idee wor eng Zeitung ze grënne mat enger Figur fi r Wëllefcher. Mir woren deemools e puer Leit déi d’Idee haten, mais leider konnt kee vun ons molen. Dunn ass wéi e Wonner Tina Gillen komm (deemools CB) an huet an Null Komma nix eng Figur op de Pabeier gezaubert. Déi Figur huet dunn „IKKI“ geheescht. Den Ikki huet der ëmmer gestiicht an do wor nach eng Figur „de Pefferkär“ déi huet natierlech ëmmer säi Pefferkär zou alles misse bäidroen.

Dir wäert iech elo froe wat huet dat dann elo mat Konscht ze doen? Ma d’Tina huet schonns deemools en immens Konschttalent bewisen an huet och du spéider an déi Richtung weider gemaach. Tina huet ënner aneren och an d’gëlle Buch vun der FNEL gemoolt.

Zum Tina senger Scoutskarriere hei e kuerzen Iwwerbléck. Hat war schonns an de Wëllefcher ab 1978 an ëmmer dobäi.

Wièn ka sech nach un den IKKI erënneren? A wat huet e Scout mam Kulturjoer ze din?

Josiane Kaiser-Hinger

deSCOUT 2/07

En plus wor Tina och beim éischte Camp am Nepal dobäi.

Wéi et net anescht ze erwaarde wor bei esou engem Talent huet d’Tina sech dann och spéider der Konscht gewidmet.

Op meng Fro: „Wéi bass du zur Konscht komm?“ mengt Tina: „ Comic zeechne wor ni dat wat mech am meeschten interesséiert huet, ma et wor e fl otte Moyen fi r schnell a Kontakt ze komme mat aneren. Et ass witzeg an direkt. „

Op jidder Fall huet d’Tina sech fi r déi Richtung entscheet op wuel et net ganz einfach ass vun der Konscht ze liewen. Tina ass am Moment zou New York, well hat eng Bourse krut fi r e Joer zu NY en résidence kënnen ze schaffen. Do kritt hat en Atelier zur Verfügung gestallt vum ISCP (international studio and curatorial program). Mech huet natierlech interesséiert op déi Zäit an de Scouten dem Tina erméiglecht huet Erfahrungen ze maachen, déi spéider a sengem Beruffsliewe wichteg woren. Tina ass iwwerzecht, datt déi Zäit hat markéiert huet. Virun allem de Sënn vun der Natur an Zesummeliewe mat aneren, de Respekt e fi r den aneren, si Wäerter déi d’Tina an dem Zesummenhang ernimmt. Awer wat och wichteg fi r Kreativitéit ass, ass d’Konscht aus wéinege Mëttelen eppes ze kreéieren.

Natierlech huet et mech och hei interesséiert wat fi r e Roll d’Scouten am Steph sengem Beruffsliewe spillen.Och de Steph huet gemengt, dat déi Experienzen, déi en an de Scoute gemaach huet, e schonns prägen. Esou huet dem Steph seng Experienz als Chef him et erméiglecht ënnert Stress ze organiséiren, Verantwortung ze droen an och ënnert Drock déi richteg Décisiounen ze huelen. Dat ganz natierlech ouni Nerven ze verléieren an ouni seng Mataarbechter ze stressen.Also ech mengen Devise „Learning by doing“ wier elo hei zum Schluss net falsch op der Plaz???

Wat huet e Scout mam Kulturjoer ze dinn?

Ma datt wäert dir elo gläich gewuer ginn an zwar vum Steph Meyers, de bereet wor ons Ried an Äntwert ze stoen.

De Steph wor och schonns mat 10 Joer an de Wëllefcher an zwar an de Kiewerleken zu Stroossen. A wie woren dann seng Cheffen?? Ma keen anere wéi de Pit Dolizy a Margot Guillon. De Steph huet et an de Wëllefcher esou gudd gefall, dass hien net méi konnt ophalen. Ausserhalb vun sengem Grupp wor hien och nach 6 Joer an der Scoutsformatioun aktiv.

An elo ass de Steph mat Responsabel fi r Organisatioun vum Kulturjoer. Wéi kënnt en dozou? Hei dem Steph seng Äntwert:

„Deelweis duerch d’Scouten. Ech hunn se vertrueden an engem Jugendgremium, deen zoustänneg wor ze kucken, dass och Jugendlecher a Jugendorganisatiounen d’Méiglechkeet hätte beim Kulturjoer matzemaachen. Wéi mäin Numm du vun enger anerer Säit gefall ass vir de Posten, wosste si schonns mat weem se et ze dinn hätten.“

De Steph këmmert sech em soziokulturell Projet’en , déi während dem Joer am Land organiséiert ginn. Mais hien huet och vill mam Gesamtprogramm fi r d’kulturellt Joer ze dinn, an ass mat an der Direktioun mam Robert Garcia an Nancy Braun.

20 RONDEREM deSCOUT RONDEREM 212/07

Page 12: deSCOUT 2/2007

UN ARBRE POUR LA VIE

En 10 ans, 75 arbres ont été plantés au Misäershaff. La prochaine cérémo-nie aura lieu le 11 novembre 2007.

Depuis 1997 nous plantons des ar-bres sur le terrain de 7 hectares du Mis-äershaff en souvenir d’une naissance, d’un mariage, de tout autre événement heureux ou en mémoire d’un cher dé-funt.

Cette action de plantation d’arbres aura des aspects multiples, puisqu’elle nous permettra non seulement de faire un geste d’amour ou d’amitié, de reconnaissance ou de souvenir, envers des personnes ou à l’occasion d’événements qui ont ou ont eu une grande importance dans notre vie,

22RONDEREM

Fondation FNEL

deSCOUT RONDEREM232/07

UN ARBRE POUR LE SOUVENIR

mais également d’aménager les alen-tours immédiats de notre Misäershaff et encore et surtout, de rassembler ainsi les fonds nécessaires pour la ges-tion de notre Centre de Formation et de Rencontres.

Celles ou ceux d’entre vous qui veu-lent fi gurer parmi les nouveaux do-nateurs et assister, en tant qu’invité d’honneur, lors de la cérémonie de plantation des arbres en date du 11 novembre 2007, sont prié(e)s de nous contacter au téléphone 26480442 ou par courriel: [email protected] .

Phot

o: p

ixel

io.d

e

UNE HISTOIRE D’UN MALENTENDU

22RONDEREM

www.mhvl.lu

deSCOUT

Dans le cadre de son exposition « Attention Tsiganes ! Histoire d’un malentendu », le Musée d’Histoire de la Ville de Luxembourg se propose d’organiser un atelier qui invite les enfants à réagir et à s’exprimer sur le thème de l’exposition en travaillant sur la symbolique du ‘mur’ - frontière, habitat, protection, délimitation, mur de silence, d’incompréhension…

Utilisant la brique de construction comme support, les participants vont employer des techniques variées telles que le dessin, la peinture, la mosaïque, le collage et le pochoir, pour créer des dessins et ornements narrant la vie et les coutumes des enfants tsiganes.

Toutes ces briques recouvertes d’histoires et de messages multicolores vont être ensuite assemblées pour former une grande installation, formant un tableau vivant où les enfants peuvent exprimer leurs réfl exions, leurs doutes, leurs espoirs et leurs envies.

Cet atelier s’inscrit dans la tradition de la peinture murale. Au fi l des siècles, le mur a été un espace d’expression et de création, que ce soit sous forme de fresque, de mosaïque, de relief ou de graffi ti, témoignant des préoccupations de chaque époque, jouant un rôle social, religieux et politique. On le retrouve par exemple dans l’art rupestre, les fresques et mosaïques de Pompéi, les hiéroglyphes des temples égyptiens, les fresques révolutionnaires mexicaines de Diego Rivera, le mur de Berlin…

Date : possibilité de s’inscrire du 4 au 11 juilletDurée d’une visite-atelier : 2h30Artiste: Justine BlauAge: 8 - 11ans

Renseignements auprès du Musée d’Histoire de la Ville de Luxembourg 14, rue du Saint-Esprit L-2090 Luxembourg ou appeler: Mady Mailliet, TEL 4796-4570, FAX: 47 17 07, e-mail : [email protected]

Page 13: deSCOUT 2/2007

2/07

ganze Camp resüméiert a bësse gefeiert. De leschten Dag waren dunn nach verschidden Atelieren: Filzbäll maachen, d’Mauer umo-len, a Stempele maachen, eis Konstruktioun fäerdeg maachen. Den Här Gasperi vum SNJ, huet eis den European Youth Program erkläert, deen eise Camp fi nanziell ënner-stëtzt huet. Um 3 war d’Chaîne des adieux op der Gare an dunn nach eng läscht kéier hire Lieblingshit: „ooohoohhh ech hunn eng Moss am Bic…“. Mir soen haaptsächlech ei-sem Camp Chef dem Lea, dem Tom, eisem Pappi, dem Mich an den englesche Chefen, der Kichenéquippe an all deenen déi dëse Camp erméiglecht hu villmools Merci!

Am Resumé et war e coolen Camp oder wéi d’Englänner giffe soe LUSH!

Vläit gesi mer si jo um groussen Jambo-ree erëm, beim Zelt opriichte sange mir dann “Und der Hammer der geht so“ an d’Englänner „And the hammer is a tool!“

24 ÄER SÄITEN deSCOUT

LUXEMBOURG KNOWSHOW TO RAVE

Rainbow Project 2007Vum 4. Abrëll bis den 10. Abrëll war an deem soss esou friddleche Fréiseng eng méi lass!

Nodeems d’Bison’s Explorer a Serbien 20 Englänner kennegeléiert haten, hate mer der Ouschteren 38 bei eis op Besuch, e richtege Camp à l’anglaise.

Nodeems d’Explorer an hier Chefen alles organiséiert, an d’Zelter opgebaut hate kon-nten d’Englänner kommen. D’Kichenequipe huet vu lo un fi r em di 60 Leit gekacht, an d’Danièle ass lo nach méi sécher, dass et ni Metzler oder Kach wäert ginn, well vu Bounen a Fleesch schneiden huet hatt es de-fi nitiv genuch.

Den éischten Dag goufe mer Owes um groussen Eröffnungs „Campfi re“ mat origi-nal englesche Scoutslidder an Dänz bekannt gemat, di richtege Kieperasaatz fuerderen.

Den 2. Dag hunn d’Explorer sech dunn zu Miedernach ofgeseelt an hu sech iwwer „Schluchten“ gehangelt, de Yak huet eis dunn nach duerch de Bësch guidéiert an eis vill interessant „facts“ iwwert de lëtze-buergesche Bësch erzielt. No all deenen Ak-tivitéite kruten d’Englänner als Stäerkung mëttes eng echt lëtzebuerger Grillwuurscht servéiert.

Den Dag drop si mer mam Bus op Iech-ternach gefuer an hunn do bei excellente Wiederconditiounen e Statspill, an dono zu Veianen eng Visite vum Schlass ge-maach. A souguer fi r Einheimescher war et net ëmmer einfach sech erëmzefannen, de Ben hat nodeems en seng Glace eran hat, mat massiven Orientéierungsproblemer ze

Joël a Nadien vun de Bisons futés

deSCOUT

kämpfen („Wou ass hei d’Toilette? Ech fan-nen se net“). An deen Owend wann dann och di legendär Party wou dono eis engle-sch Kollege sech mat“ Luxembourg knows how to rave“ geäussert hunn. D’Bilanz vum Owend: 2 gebrache Bänken. D’Englänner kruten eng Aweisung an e Stéck lëtzebuerg-er Musiksgeschicht, si beherrschen den Text vun zwou Bulle Mocca an diverse Lidder vum Fausti scho bal perfekt.

Eng aner Konsequenz vum laangen Owend war, dass den Dag drop de ganze Camp mat midde Gesichter mam Kayak iwwert de Stau gepaddelt, oder duerch de Bësch ronderëm de Misärshaff getrëppelt ass. Owes krute mir dann di englesch Tra-ditiounen a Spezialitéite méi nobruecht, schwaarzen Téi mat Mëllech, verschidden Zorte Kéis, a fi r di couragéiert „jellied eel“. Dono si mer kreativ ginn an hunn en Défi lé, mat Moud aus plastik’s Tute virbereet wou all Grupp e Land representéiert huet.

Sonndes si mer moies Luxembourg City besiichtege gaang, d’Lëtzebuerger miisste sech als Guidë beweise vun der éiweger Flam bis bei de Palais, iwwert de Bockfi els an de Musée, d’Englänner dono zielstrebeg an de Mc Do zougesteiert. :P

Den Hike huet eis op Iechternach an dunn an de Mëllerdall geféiert, wou mer owes an enger Höhl geschlof hunn, den anere Moie bis op Altréier.

Beim closing Campfi re gouf dunn de

ÄER SÄITEN 25

Page 14: deSCOUT 2/2007

2/07

ENG B.A. FIR DE NEPAL

“Les petits ruisseaux font les grandes rivières” Ovide

26 ÄER SÄITEN

Pierrette Kemp-Klein

deSCOUT ÄER SÄITEN 27

Wou? Wéini? Mat wièm?Weis eis, wou der et am léifste maacht: deSCOUT liesen.- eleng oder zu e puer- d’Foto un [email protected] gewannt är Photo als Poster

deSCOUT war rasant ën-nerwee. An d’Pantheren haten hire Spaass dobäi.

Bei de Scoute léiert ee Kniet maachen, an der Fuesent iesse mir gäre Fuesent-Kniet a fi r datt een eppes net vergësst, mécht ee sech e Knuet an d’Schnappech.

Kee Knuet am Schnappech hunn d’Beaver, d’Wëllefcher, d’Scouten an d’Guiden vun der HOGA, Stader Scouten a Guiden vun der FNEL gebraucht, fi r sech drun ze erënneren, datt et vill Kanner op der Welt gëtt, deenen et net esou gutt geet wéi hinnen. Duerfi r hu si den 10.Februar 07 an hirem Home an der Semoisstrooss e ganze Koup Fuesent-Kniet gebak fi r se ze verkafen.

Den Erléis vun dëser B.A., erschafft mat hire klengen Hänn, vun 300€, hu si e Samschdeg den 5.05.07 der ONGD-FNEL Eclaireurs et Eclaireuses pour le Développement Communautaire iwwerreecht, fi r de Kakani Centre de Formation vun hire nepalesesche Scoutsbridder fi nanzéieren ze hëllefen.

Phot

o: C

. Ste

mpe

rPh

oto:

C. S

tem

per

Page 15: deSCOUT 2/2007

Säit deem ass all 4 Joer en Jamboree. (Just während dem 2. Weltkriich, teschend 1937 an 1947 war keen.) E gëtt am Optrag vu WOSM – der World Organisation of the Scout Movement organiséiert. Bäi esou engem World Scout Jamboree treffe sech also d’Scouten aus der ganzer Welt fir zesumme während 10-12 Deeg e flotte Camp ze verbréngen, Abenteuer ze erliewen, onvergiesslech

de klenge SCOUTClaudine Scheeck

Waat ass en Jamboree?

28 ZU GUDDER LESCHT deSCOUT ZU GUDDER LESCHT 292/07

Momenter ze sammelen an international Frëndschaften ze knëppen. Dëst Joer ass den Jamboree vum 27. Juli bis den 8. August an England, an et fueren 263 lëtzebuerger Scouten a Guiden dohin. Fir op en Jamboree matzegoen, muss een tëschent 14 a 17 Joer al sinn. Iwwer 18 Joer huet een d’Méiglechkeet als Chef matzegoen (déi Plaze si awer limitéiert)

D’Wuert “Jamboree” soll aus der Indianersprooch kommen a wierdlech iwwersat “Friddlecht Treffe vun all de Stämm” bedeiten. De BP, de Grënner vun de Scouten, wollt am Summer 1920 d’Scouten aus ganz G r o u s s b r i t a n n i e n versammele fir den éischten Jamboree. Hie war ganz iwwerrascht wéi op eemol Scouten aus ganz Europa an esouguer aus Amerika koumen.

oder als Member vun engem internationale Service Team, dat heescht dat ee mat Scouten aus anere Länner zesummen an enger Équipe schafft an mat dozou bäi dréit dat de Programm leeft. Wièn elo denkt "Schued dat ech net mat dobäi sinn", den soll sech de Summer 2011 schonns reservéieren, well dann invitéieren d'Schweden eis op den 22. WSJ op Kristianstad.

Page 16: deSCOUT 2/2007

GUDDEN APPETITJosiane Kaiser-Hinger

Fir 4 Persoune brauch een:8 Cervelas (oder Wierschtecher)16 Stécker Kéis (Gruyère)16 Tranche moere Speck

3FROEN

Un de Raoul Wirion, Commissaire international an Responsabel FNEL fi r den Jamboree.

30 ZU GUDDER LESCHT deSCOUT ZU GUDDER LESCHT 312/07

CERVELAS MAT KÉIS

Fir d'éischt préparéiers du dir 16 Stécker Kéis op d'Längt vun denge Wierschtecher. Da schneits du däi Wupp zweemol der Längs no an, fir duerno de Kéis dran ze leeën, wéckel nach 2 Tranche Speck ronderëm a schonns ass e prett fir op de Grill.

Du gees mat ob den Jamboree an England. Firwat hues du décidéiert dëst Joer do mat ze goen?

En Jamboree ass fi r all Scout en onvergiesslecht Erliefnes, an ech si frou dass ech dëst Joer kann an England dobäi sinn, ëmsou méi well et den Jamboree vum Centenaire ass, a wat ass méi schéin e Gebuertsdag zesumme mat 42000 Gläichgesënnten ze feieren?

Ass dat däin 1. Jamboree? Wa jo wat erwaarts du dir ? Wa nee? Wéi eng Erliefnesser hues du vun engem fréieren Jamboree mat bruecht?

Et ass net mäin 1. Jamboree mais mäin 4. Jo, ech hat déi grouss Chance och schonn an Holland (95) am Chile (98-99) an an Thailand (2002-2003) mat dobäi ze sinn. Dat ass wahrscheinlech och e Grond fi rwat ech och frou sinn an England dobäi ze sinn, ech weess ongeféier wat op mech duer kennt. Natierlech ass all Jamboree anescht, an all Jamboree huet säin eegene Charme.Wéi eng Erliefnesser... Hm dat ass net sou einfach a Sätz ze schreiwen. Et muss ee sech dat esou virstellen dass e während knapp 2 Wochen an enger Stat lieft, eng Stat wou nëmme Scoute sinn... a wou iwwerall eng super Stëmmung herrscht. Jiddereen ass gudd gelaunt, et léiert een nei Leit kennen, nei Kulturen, ... Ech kann nëmmen all Scout, deen d’Méiglechkeet huet, et recommandéiere vun der Geleeënheet ze profi téieren an och un esou engem Jamboree deelzehuelen! (2011 a Schweden zum Beispill ;-) )

Wat genee ass deng Charge do? Wéivill Leit gi mat vun der FNEL an a wéi enger Funktioun?

Meng offi ziell Funktioun heescht “Head of contingent”. Mir hunn eng fl ott Staf-Équipe déi sech aus Leit vun der LGS an aus Leit vun der FNEL zesumme setzt. Den Änder vun der LGS mécht mat mir zesummen de Responsabele vum Lëtzebuerger Kontingent. Vun der FNEL hëllefen nach d’Lucie Schlechter (Responsabel fi r den EIST), de Pol Konsbruck (PR) an den Olivier Faber (Transport, Material a Logistik). Eis Funktioun ass haaptsächlech de Lëtzebuerger Kontingent ze formen, an se och rëm all gesond mat zréck ze bréngen. Niewelaanscht wäerte mer e Stand dohannen hu wou mir de Scoutismus zu Lëtzebuerg an eist Land presentéieren a representéieren.Am Ganze si mer zu 280 Lëtzebuerger, dovunner ronn 80 Scoute vun der FNEL. Dat ass also eng staark Équipe, an ech kann op dëser Plaz nëmmen all de Lëtzebuerger e super Camp wënschen!! Bis an England!!

Page 17: deSCOUT 2/2007

La Luxembourgeoise