deSCOUT 4/2010

17
SEPTEMBER 2010 fnel scouts & uides o No 532 / 90. Joergang

description

Periodique officiel de la FNEL (Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg)

Transcript of deSCOUT 4/2010

Page 1: deSCOUT 4/2010

SEPTEMBER 2010

fnel scouts & uideso No 532 / 90. Joergang

Page 2: deSCOUT 4/2010

Editorial 03

Annonce Faber

Summervakanz, Summercamp’en an Summerwieder läit hannert eis, e neit Scoutsjoer virun eis. Et ass elo eng Zäit vum Ufank, a fir d’FNEL gëllt dat den Ament nach méi, wéi soss; No 6 Joer, seet d’Martine eis nämlech „Äddi“ als Commissaire Générale. An dësem Scout soen mer em Martine M.E.R.C.I. an stellen d’Nathalie vir, wat déi schéin Charge elo iwwerhëllt.Mir kucken awer och nach vill méi wäit zréck, nämlech un den Ufank vun der LBSA. An engem spannende Gespréich mam Jean Aimé Stoll, gouf d’Redaktioun sou Munches gewuer.

Och an dëser Editioun ze fannen ass en Ausfluch an d’Kultur. Mam Anne Simon vun de Castors ass nämlech eent, wat mer gutt kennen, am gaange sech an der Lëtzebuerger Theaterwelt ze etabléieren. Dat war eis en Artikel wäert. Selwecht och en Ausfluch mat den Aigles-Rover op Basel. Déi hu sech anscheindend – wéi ëmmer – formidabel ameséiert an belouhnen sech mat engem Artikel. Soss an ärem neistsen SCOUT: De FEWECA 2010, déi läscht Informatiounen vun eiser ONG, Internationales an natierlech alles dat wat esou „gemunkelt“ gëtt.

Voilà, et gëtt deemno nees eng Partie ze liesen. An deem Sënn, wënschen ech Iech en schéinen Ufank vum neie Scoutsjoer, denkt bei all Aktivitéit drun, datt d’Redaktioun vum SCOUT sech ëmmer iwwer e Bäitrag freet an haalt op dat Hiem an d’Box ze man...

Lénks Patt, Paul Konsbruck(Chefredakter a Chargé de Communication FNEL)[email protected]

E Scout mat enger Vue zréck a no vir

DESCOUTPériodique officiel de la FNEL

Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg

No 532 / 90. année - Paraît 4 fois par an

Rédaction & mise en page Paul Konsbruck , Claudine Scheeck

Impression Imprimerie Faber, Mersch

Adresse postale deSCOUT (FNEL) BP 2676 L-1026 Luxembourg

Tél +352 26 480 450 Fax +352 26 480 430 email [email protected]

Internet www.fnel.lu Cover-Photo Kiewerlecken

Page 3: deSCOUT 4/2010

Sommaire 05

Pour plus d’informations sur nos services financiers, n’hésitez pas à nous appelerau (+352) 42 42-2000 ou à consulter notre site www.bgl.lu.

BGL BNP ParibasVotre partenaire financier

Annonce bgl neutre A5 nb.indd 1 22/12/09 11:32:27

Editorial 03 E Scout mat enger Vue zréck an no vir

bei der Formatioun 07 La Nuit des brevets

bei de Wëllefcher 10 Natur pur um Feweca

geet eraus an den Theater mam Anne Simon 12 Vun de Castoren, iwwer London op d’Bühn bei den TNL

am Grupp vun den Eechternoacher Quaichleken 14 E Grupp stellt sech vir

mecht de FNEL update 16 Au revoir Martine, Moie Nathalie

am Gespréich mam Jean-Aimé Stoll 18 Seven, your Majesty

am Grupp vun den Aigles 20 Basel, einfach nëmme faméis

International 23 Neiegkeete vun de Scouten ronderëm d’Welt

um Schantjen 24 Les nouvelles du fort (2)

bei der ONGD-FNEL 26 De Bau vun enger Primärschoul am Burkina Faso

Interview mam Michel Simonis 28 Eemol Scout - Ëmmer Scout!

spëtzt d’Oueren ... 30 ... a gëtt gewuer wat et Neits gëtt

Page 4: deSCOUT 4/2010

bei der Formatioun 07

La Nuit des brevets« La Nuit des brevets ». Dat kléngt op d’Mannst esou gutt wéi “La Nuit des Oscars”. Oder fann der net? Op alle Fall ass et genau esou eng feierlech Zeremonie.

Ouni rouden Teppech a Kodak Theater dofir awer an enger herrlecher Kuliss an der fräier Natur, hu sech de leschten 9. Juli, 95 jonk Scouten a Guiden beim Lagerfeier erëm fonnt fir déi 4. “Nuit des brevets”.

E ganzt Joer laang ware si an hirem Grupp engagéiert an doriwwer eraus, hu si och nach eng Formatioun bei der FNEL matgemaach; dat jäizt jo richteg no enger Belouhnung.

Jiddereen huet säi Bescht ginn a waart ganz gespaant drop dat säi Numm, op dësem Owend, an enger vun de Kategorie, genannt gëtt.De Laudator vum Event, de Pierre Scholtes, Commissaire à la Formation vun der FNEL, huet sech et dunn och net huele gelooss fir den Invitéeën ze gratuléieren an hinnen nach eng Kéier en décke Merci ze soe fir hiert Engagement, ...

... and the Brevet goes to…

(kuck op der nächster Säit)

Text: Klodin - Foto: FNEL

De Pierre Scholtes, Commissaire à la Formation, hat déi grouss Freed fir 95 Breveten op der 4. Nuit des brevets ze verdeelen. E Bravo un eis Cheffen.

M A R B R E R I E

M A R B R E R I E

M A R B R E R I E

M A R B R E R I E48 Z.A.E. le Triangle Vert L-5691 Ellange/Mondorf l Tél : +352 31 00 66 l Fax : +352 31 31 10 [email protected] l www.marbrerie-schott.eu

M A R B R E R I E

M A Î T R E M A R B R I E R D E P U I S 1 9 7 7

• Monuments funéraires et cinéraires

• Escaliers et dallages

• Salle de bains/cuisines

• Façades

• Restauration du bâti historique

Avec le décompte individualisé chacun sait ce qu’il consomme !

BRUNATA-METRONA est une entreprise familiale spécialisée dans la gestion des consommations d’eau et de chauffage.

Depuis 30 ans, nous commercialisons et installons des solutions efficaces permettant d’établir un décompte individuel de chauffage, de climatisation et d’eau froide/chaude dans les résidences. Pour un confort optimal, nos solutions permettent une lecture à distance de vos consommations. Ainsi, les relevés sont effectués sans jamais vous déranger.

BRUNATA-METRONA, 30 ans d’expérience en comptage immobilier.

Page 5: deSCOUT 4/2010

00bei der Formatioun

“Ech verspriechen op Éier a Gewëssen, meng Charge am Geescht vum Scoutsgesetz an am Sënn vun de Statute vun der FNEL, voll a ganz ze erfëllen a bridderlech iwwert déi mir uvertraute Jongen a Meedercher ze waachen.”

24 Brevet LeadershipBrand BRADLEY, Estelle DE MUYSER, Laura DETAIL, Lara GALLO, Yuri HARTZ, Vanda JENIN, Leo KAHN, Max KIFFER, Rob LECLERC, Ludovic LEMOINE, Catherine LUX, Caroline MAITRY, Steven MASON, Theo MECKEL, Claudia MICHELINI, Daniel MONVILLE, Isabelle NEU, Lisa RAUSCH, Jil REINARDT, Yves SEBURGER, Nils STRUCK, Louis THOMMES, Patricia TIBURZI, Sabrina TORNAMBE

15 ExplorerbrevetMikael AZEVEDO RODRIGUES, Kevin BEBING, Jeff CIGRAND, Diogo COSTA DOS REIS, Maxime DAMY, Ben FRANK, Mike LECLERC, Roby LEER, Marc SCHMIT, Benny SCHOUP, Luca SCHUETZ, Max STAUS, Julien STREFF, Georges WALLSTROEM , Julien WEBER

Formation pour adultes:

3 Responsable ScoutNadia FORGIARINI, Nathalie URBANY, Martine WILWERT

Brevets Aide-Animateur

6 Assistant Chef de ColonieChris BACKES, Nora HEINEN SENDEL, Jo MOLITOR, Lis OLK, Jessica PELTIER, Lena SCHMITT

10 Assistant Chef de MeutePatrick AZEVEDO RODRIGUES, Gilles BACKES, Felix KIFFER, Félix MORES, Max MULLER, Stefano PELBANI, Ben RECKINGER, Paul WAGNER, Max WITRY, Nicolas WURTH

14 Assistant Chef de TroupeJil AREND, Félix BASKEWITSCH, Tom COLOMBO, Lis EICH, Claudio GOETZINGER, Lena HARTZ, Cathie HAVE, Jeff MATHEIS, Claire MERENZ, Julien MEYER, Mark MONVILLE, Christophe REINERS, Alexandra SCHMIT, Gwenn WUNSCH

Brevets Animateur

2 Chef de ColonieCarole MULLER, Laurence VERVIER

6 Chef de MeuteAnn BEIDLER, Djuna BERNARD, Alexandra GASPERI, Nadine HENTGES, Lisa LEUENBERGER, Elisabeth THOMMES

12 Chef de TroupeJeff BERENS, Raoul BOCK, Félix DAHM, David DEVILLERS, Charly FEIDER, Julie KOHL, Sally LEEN, Cathy MEYER, Anne RAAS, Lex SCHMITT, Yan STRUCK, Romain WEYNAND

2 Responsble Untié ExplorerBob BICHEL, Luc SCHMIT

1 Woodbadge 2 tisonsRomain CIGRAND

09

Page 6: deSCOUT 4/2010

11bei de Wëllefcher

FewecaDe Federale Wëllefecherscamp 2010 war vum 18. bis den 24. Juli zu Schëffléng an der Albert Wingert Schoul. Eng 180 Foularden waren derbäi, verdeelt op 14 Meuten.D’Thema war vum FEWECA sou no beim Scoutissem, wéi kaum eppes anescht: „Natur Pur“.An deem Kader kruten d’Wëllef an hier Cheffen alleguer ee ganz aktive, flotten an interessante Ganzdaachsprogramm offréiert. Dorënner sou spannend Saache, wéi eng Sortie am Ellergronn, beim Minettskompost, um Dumontshaff, e Besuch vun engem Beiemann etc... mat all Kéier richtegen Hannergrondinformatiounen an Geheimnisser aus éischter Hand. Weider Aktivitéiten, déi begeeschtert hu, war eng

Présentatioun vun der Protex an de Pompjeeën, en Eischthëllefstrajet, eng Olympiad, Jeopardy, an natierlech e „Jeu de ville“. Och wann et nawell zerguttstert gereent huet um Camp, hunn d’Wëllefcher et sech net huele gelooss och nach emol an d’Waasser puddelen ze goen, an zwar an enger flotter Schwämm.

Héichpunkt vum FEWECA waren awer och déi zwou Veilléen, am Ufank an um Enn vum Camp. Fir dës zwee Rendez-Vous’en hate sech och den Tom, den Fuuss Lili an den Gardien vun der Müllkipp mat ënnert de Publikum gemëscht. Hei krut jidderee, vu kleng bis grouss mat aktive Spiller gewise, wéi wichteg et as, d’Natur an d’Ëmwelt ze schützen an de Kapp e wéineg unzestrengen, ier et ze spéit ass. D’Lidd wat eis de ganzen Camp iwwer begleed

“Natur pur” war den Thema, deen sech déi Responsabel fir de Fédérale Wëllefcherscamp (FeWeCa) 2010 erausgesiicht hatten.

huet („Mam Tom an Lilly ennerwee“), as all déi Deeg iwwer ëmmer nees geübt gin, fier et dann op der Oofschlossveillée esou richteg kraachen ze loossen.

Op dëser Plaz soll awer och nach eng Kéier all de Leit Merci gesoot gin, déi hannert dësem FEWECA stoungen an matgehollef hun, datt et esou en Succès war. Dobäi denke mer un den ganze Staff, un d’Kachéquipe déi dack geschweest an awer eng super Aarbecht

geleescht huet. Dann och d’Infirmerie, déi zwar öfters besicht war, awer ni wéint gréisseren Geschichten. Der Logistikséquipe déi mat ganz villen Hänn alles an kuerzer Zait perfekt organiséiert an duerchgezu kruten, der Gemeng Schëffléng, déi eis alles zu Verfügung gestallt huet wat gebraucht ginn ass – an natierlech dem Campchef, dem Armand Boos!

Text: Nadia - Fotoë: FNEL

Mam Tom a Lilly ënnerweeD’Lidd vum Feweca

Refrain:

Tom pack deng Gamelle an,d’Wëllef ginn elo campéieren,vergiess och net däi Schlofsak,Stären um Himmel, wäerten dech lo begleeden,fir d’Ëmwelt maache mir eng BA,Tom pack deng Gamelle an, deck cool ass de Feweca.

Strophe:

De Fuuss Lilly féiert eis sécher,laanscht Waasser a mol poulriicht duerch Bëscher,Loft a Planze gesi mir ënnerweevill Blumme léiere mir lo genee.Zesummen ass kee Wee ze wäit,um Camp vergiesse mir lo Zäit,mam Lilly an dem Tom, sange mir eist Lidd.

Page 7: deSCOUT 4/2010

00Rubrique 13geet eraus, an den Theater mam Anne Simon

“zu Lëtzebuerg huet een enorm vill Méiglechkeeten”Mir kennen d’Anne vu sëlleche Campen an Scoutsaktivitéiten. Du war et op eemol verschwonnen. Dat geschitt jo mat villen, wa se hiere Schoulofschloss an der Täsch hunn. D’Anne ass op London gaangen an huet op der Royal Holloway (University of London) studéiert. Regie, Theaterpädagogik, Konzeptioun an Stage Managment. Dat kléngt zimlech theoretesch – ass et awer net. Et kléngt och, wéi wann een duerno iergendwou wéilt schaffen, mee eben jhust net am klengen Grand-Duché. „Ma gewass“ seet d’Anne Simon, „zu Lëtzebuerg huet een enorm vill Méiglechkeeten.“ Jiddefalls war d’Anne vun de Castoren op eemol nees hei. Et huet een vun him gelies, héieren op der Telé gesinn. DESCOUT huet sech och fir de Parcours vum Anne intresséiert, fir séng Aarbecht a fir d’Fro, wat dat alles mat Scoutissem ze dinn huet.

E klengen Interview:

DESCOUT: Anne, du bass vill ënnerwee an vill beschäftegt. Wat méchs de dann déi ganzen Zäit?

Anne : Virop schaffen ech am Theatre National du Luxembourg an sinn do fir de Kanner- an Jugendberäich responsabel. Mee ech féieren och Regie bei verschidden Theaterstécker a sinn ëmmer nees op Tournée. Dernieft brauch ech och den Austauch mat de Kolleegen. Dofir ass een dann alt mol ënnerwee.

DESCOUT:Dat kléngt spannend an do léiert een bestëmmt lauter intressant Leit kennen?

Vun de Castoren, iwwer London op d’Bühn bei den TNL: D’Anne SIMON mécht Theater a mëscht déi Lëtzebuerger Theaterwelt nei op.

Anne : Jo et ass natierlech spannend an ech hat och schon d’Geléenheet „ganz Grousser“ aus der Branche ze begéinen, Zum Beispill virun e puer Joer de Kevin Spacey op der Ruhrfestspiele zu Recklinghausen. DESCOUT: Elo besteet déng Aarbecht jo awer net nëmmen aus Theater kucken, reesen an Leit begéinen... Wéi kann een sech d’Aarbecht als Regisseurin virstellen?

Anne : Dat ass vu Stéck zu Stéck verschidden. Am Prinzip huet een awer d’Aufgab fir dat Geschriwwent a beweegte Biller ëmzesetzen. Als Regisseur ass een dann och esou eng Zort „Chef“ vun enger Equipe, vun den Acteuren. Hei muss ech soen, ginn et grouss Parallèlen zum Scoutissem. Et besteet eng gewëssen Hierarchie, ouni déi et net fonctionnéiert. Op der anerer Säit, si mer awer och e Groupe vu gudde Frënn, bal wéi eng Famill. Et ass wierklech dacks bei eis, wéi op engem Camp.

DESCOUT: Esou, datt een déi ganzen Zäit fënnt et wier awer ustrengend an herno ass een doheem...

Anne : ...a fënnt, datt et esou schéin war déi ganzen Zäit an datt een direkt nees zeréck wëll. Jo genee, sou ass et.

DESCOUT: Mee du hues awer och nach weider mat Kanner an Jugendlechen ze dinn!

Anne : Genau, och beim TNL sinn ech zoustänneg fir d’Projet’en, déi mer mat Kanner an Jonker maachen. Dat sinn zum Beispill Atelier’en wéi “Maach Theater”, wou jidereen tëscht 12 an 25 Joer ka matmaachen.

DESCOUT: Wa mer scho bei der Reklamm sinn. Däi nächst Stéck?

Anne : Dat ass eppes vum Sarte mam Titel “La Putain respectueuse”. Et geet em de Rasseproblem an den USA, em Integratioun an Ongerechtegkeet, also topaktuell. E super Stéck an et ass net komplizéiert, wéi een beim Sarte kéint mengen. D’Premiere ass den 8. Januar.

DESCOUT: De Rendez-Vous ass notéiert, merci fir deng Zäit an “bonne Merde” Info: www.tnl.lu www.ill.lu www.theater-trier.de

Page 8: deSCOUT 4/2010

De neie Grupp ass, no Jahre laanger Zesummenaarbecht, aus der Fusioun vun den ´1st Echternach Scouts´ an den ´Lûssig Quaichleken´ entstaanen.

E puer Stechdatumer• 1st Echternach Scouts sinn de 27.05.1914 vu 16 Bouwen mat Hëllef vum Professer Limpach am Lycée zu Iechternach gegrënnt ginn. • Säit 1918 ass de Grupp bei der FNEL affiliéiert.• 1930 ass d´Blockhaus´ gebaut ginn.• 1945 ass parallel fir Meedercher de Grupp Lûssig Quaichleken gegrënnt ginn. • Bis 1966 ass de Grupp bei der AGGL

affiliéiert an trëtt dann der FNEL bäi.• 1984 war a Präsenz vum Grand-Duc Jean d´Aweiung vum Chalet Robert Schaffner• Pow-Wow zu Iechternach: 1922; 1931; 1935; 1951; 1955; 1965; 1972; 1984; 2005• 2003 war déi éischt Versammlung fir Fusioun vun deenen 2 Gruppen.

00am Grupp vun den Eechternoacher Quaichleken 15

‘Eechternoacher Quaichleken’, ennert desem Numm existeiert de Grupp ereicht seit dem 23. Mee 2008.

Aktuelle GruppFoulardD‘ Faarw vun eisem Foulard ass giel an eist Déier ass de Quaichlek.Dict.Eechternoacher-Letzebuergesch: Quaichlek = Kaweechelchen

Aktive GruppDe Grupp besteht aus 65 Aktiven (13 Beaver, 18 Wellef, 8 Scouten, 8 Explorer an 18 Rover).

Chef de groupeKauffmann-Schaaf Christiane mat enger Cheffenéquipe vun 10 Léit.

Comité vun 9 LéitPräsidentin: Dumont Dany

Amicales1st Echternach Scouts Präsident: Berscheid NicoLûssig Quaichleken Präsidentin: Knepper-Reuter Thésy

Aktivitéiten Montée, Chrëschtcamp, Summercamp, Gromperefest, Hierkefest, Chrëschtmoart2009, Summercamp vu 14 Deeg um Lago Maggiore an Italien.2010, Segelcamp vun 1 Woch um Ijsselmeer an Holland.

B.A.Zesumme mat der Amicale Lussig Quaichleken spillen Scouten an Explorer zu Iechternach an den Altersheimer Theater.

ScoutshomeD‘ Versammlungen haalen mir an eisem Lokal zu Iechternach, rue de la Montagne,31 oder um Blockhaus oof. Op desem Site steht och den ´Chalet Robert Schaffner´, mat 28 Better an enger scheiner Camplatz fir 150 Leit. Nëmmen am Summer disponibel.Reservatioun : Amicale 1st Echternach Scouts Casel Henri, www.chalet-scout.lu

Text: Christiane Kauffmann-SchaafFotoë: Eechternoacher Quaichleken

Page 9: deSCOUT 4/2010

17mecht de FNEL update

Au revoir Martine Bestëmmt sinn eng ganz Partie Wëllefcher a Scouten an der FNEL ënnerwee, déi net vill mat dem Wuert „Commissaire Général“ kënnen ufänken. Déi meescht kennen awer d’Martine a wëssen dat hatt de „Chef vun der FNEL“ ass. An dat scho méi laang. 2004 huet d’Campeuze Bronzée de Posten iwwerholl, virdrunner war et 2 Joer laang dem Pierrot seng Adjointe an do virdrun 2 Joer Commissaire Internationale. Elo geet déi laang Carrière op en Enn. Virleefeg, well ween d’Martine kennt weess och, datt et bestëmmt net ganz verschwënnt. Hoffentlech.

D’Martine wollt deemools guer net esou onbedéngt Commissaire Générale ginn. Et ginn esou guer Leit, déi behaapten, et hätt „sech gewiert“. Et konnt sech awer net laang wieren an huet de Posten ugeholl. „Eng facetteräich Liewenserfarung“ wäert et duerno eng Kéier soen. An d’Martine ass voller Begeeschterung un den Job gaangen, mat extrem vill Äifer an ouni mat der Fauscht op den Dësch ze schloen, ...et ass och esou gaangen. Projet’en am Kader vun „Dons pour la Paix“, en neie Siège fir d’FNEL, Dialog mat de Gruppen, Reformen am Fonctionnement, Communication externe... Et ass vill geschitt an de läschte Joren. D’Martine war ëmmer um Ball an huet sech nëmmen eng Kéier serieux Suerge gemaach, nämlech ëm d’Zukunft vun der ONG. Och dat konnt awer iwwerwonne ginn.

D’Martine seet et wier ëmmer begeeschtert gewiescht an ass ëmmer nach begeeschtert, wann et gesäit, wei de Scoutissem op engem Camp gelieft gëtt. D’Invitation steet! D’Martine seet elo „au revoir“, mä net „Äddi“. Uff.

Moien Nathalie !Wen ass d’Nathalie de la Fontaine? Eis nei Commissaire Générale! D’Nathalie war Wëllefchen bei de Campeuses Bronzées. 1979 huet dat klengt Nathalie fir d’éischt en Foulard ugedoen. Säi Pacours war deen, wéi mer e kennen: Guide, Explorer, an du Scoutschef...mëttlerweil bei den Diables Mauves. No enger klenger Paus vum Scoutissem, an no e puer mol plënneren, ass eis nei CG schlisslech bei de Loutres zu Miersch geland.

Wat mécht d’Nathalie esou? Bis virun 2 Joer huet sech alles rondërem e Buttéck zu Miersch gedréint, un der Spëtzt vun der FNEL steet also elo eng Geschäftsfra. D’Nathalie ass awer net méi berufflech aktiv, wat den Zäitmanagment als Commissaire Générale secherlech méi einfach mecht.Niewt FNEL ass do awer och nach eng Famill [Kuno a „Kanner“ Claire (18), Max (14)] déi hier Mama allzedacks um Handy mussen uruffen.

D’Nathalie wëll verstäerkt um Programm schaffen, well de Scoutissem sech duerch dat auszeechent, wat mer all Dag, Week-End an Vakanz maachen. Dernieft ass et eiser neier Commissaire Générale wichteg de Profil vun der FNEL ze schäerfen an der Ëffentlechkeet ze weisen, wien sech hannert där Organisatioun verstoppt. D’Nathalie freet sech op den neie Siège, wou méi effektiv ka geschafft ginn an hatt freet sech op iech alleguer.PS: Jo, d’Nathalie ass och d’Urenkelin vum Dicks.

Page 10: deSCOUT 4/2010

00am Gespréich mam Jean-Aimé Stoll

“Seven, your Majesty” En Extrait aus dem Jean Aimé STOLL séngem Liewen an der Geschicht, wou fir d’éischt iwwert d’Fondatioun vun der LBSA philosophéiert gouf.

De Jean Aimé Stoll war zu Iechternach am Internat, “an der Bullet”, wéi een seet. An hien war an den Iechternacher Scouten. Dat zu enger Zäit, wéi een et nach huet missen virum Paschtouer verheemlechen, wann een an der FNEL war.

Zanter hier sinn eng Partie Jorzéngten vergaangen an den Jean Aimé Stoll huet an där Zäit vill erlieft, vun deem en eis e puer Saachen erzielt huet… an mir hunn intresséiert an faszinéiert nogelauschtert.

Et ass net méiglech déi sëllegen Anekdoten hei nidder ze schreiwen - domatter ass den Här Stoll iwwregens den Ament selwer beschäftegt. Mir konzentréiren eis op en Extrait dee vill Bedeitung haat an huet - och vir d’FNEL.

Mir sinn am Joer 1946. De Krich loung hannert dem Jean Aimé Stoll. Eng Zäit an där hien an der Resistenz aktiv war, zwangsrekrutéiert gouf, fortgelaaf ass an sech verstoppt huet. De jonken Mann ass nom Krich an England gaangen, op d’Militärakademie. Hie war do fir d’éischt zu Wrotham, um “Preliminary Officer Training Unit”, ier et da méi spéit op de “Royal Military College Sandhurst” gaangen ass.

An duerch en Zoufall huet de Jean Aimé Stoll dunn de Glad BINCHHAM kenne geléiert, den deemoolgen Internationalen Commissaire vun den Engleschen Scouten. De Glad Bincham huet bei Wrotham gewunnt. Hien war e gudde Frënd vun Lëtzebuerg a vun der FNEL. Wéi sou dacks féiert de Scoutsissem d’Leit beieneen an schliesslech huet den Glad Bichham de Jean Aimé Stoll dunn op en grousst Evenement invitéiert. Dat zesumme mat sengem deemoolge Cadettekolleeg an och Scout, dem Gaston WORMERINGER.

Mir haaten op eemool allguerten en bloen Ziedel am Grapp an dat war d’Invitatioun fir d’Receptioun beim Kinnek!

Sonndes, den 28. Abrëll 1946 zu Windsor. Et war en Zesummekommen vun Scouten aus ganz Groussbritannien. Invitéiert waren awer och sëllechen Scoutsfrënn aus de besaate Länner. Och eng Lëtzebuegrer Delegatioun war geruff ginn, et pour cause: den Robert SCHAFFNER a den Jean SCHOMMER kruuten bei där Gelenheet de “Silver Wolf”, déi héchsten Auszeechnung bei de briteschen Scouten.

Mee bei engem Scoutstreffen sollt et zu Windsor net bleiwen:

Nodeems Moies eng Zeremonie mat Emzuch an Musek war goung et op de Mëtteskascht. Duerno dann d’Iwweraschung: Receptioun beim Kinnek, dem George VI. De Glad Bincham huet d’Lëtzebueger virgestallt an dorunner erënnert den Jean Aimé Stoll sech nach ganz gutt:

“… an du Mëttes, wat mir guer net woussten, huet et geheescht mer sollen matkommen. Mir haaten op eemool allguerten en bloen Ziedel am Grapp an dat war d’Invitatioun fir d’Receptioun beim Kinnek! Mir stoungen do zu siwen an wossten net war lass war. Du goung dann d’Dir op an du koum en. Den Kinnek Goerge VI, seng Fra an seng Duechter Elizabeth, deemools nach Prinzessin, haut jo da Kinnigin. Se sinn du ronderem gaangen an hu jidferengem félicitéiert. Bei eis hu se dunn mat Schaffnesch Robert an Schommesch Men geschwat. Niewendrunn stoung Lauffe Guill, Thevenin’s Raym, den Töff, deen nächsten war Wormeringesch Gast, duerno koum ech an da war nach den Georges Heisbourg nach derbäi. Dee war net FNEL, dee war bei deenen aanere

Scouten. Jiddefalls, huet de Glad Bincham eis virgestallt. An do sot de Kinnek: “How many are you from Luxembourg?” Do sot de Glad Bincham: “Seven, your Majesty” “Oh, it’s quite an Invasion” heut de Kinnek du gemengt. Well et war all Kéiers nëmmen een do an mir waren zu siwen.”

An genee bei där Gelenheet, ass dunn, wéi sou dacks och d’Fro opkomm wéi dat wier mat enger eenzeger Boy Scout Association zu Lëtzebuerg. D’Initiativ koum hei vum Glad Bincham, dorunner kann den Jean Aimé Stoll sech nach erënneren…

19

Page 11: deSCOUT 4/2010

00am Grupp vun den Aigles

Et wor, wéi ëmmer rëm, e super kollegiale Scouts-Week-end, wou Jonk an Aal sëch getraff hunn.

Basel, einfach nëmme faméis !

Den Aigles Rover Week-end 2010 am schwäizer Dräilannereck

D’Discussionsronne woren ustrengend, et gouf geschweest, gejhaut a gekraatzt, déi eng wollten eng Kultur-Visite an d’al Stoolminnen vu Bois-du-Luc an der Wallonie maan, déi aner wollte Spargele stieche goen op Beelitz am Landkreis Potsdam-Mittelmark, bref, et gouf kee Konsens, bis de Charel proposéiert huet, e Mövenpick-Glacen-Testing ze maan a sénger Studentestaad Basel. Du wor ob eemol all Mënsch sech eens dat dat déi beschte Plaz op der Welt wier fir den Aigles Rover Weekend 2010.

Vum 9. bis 11. Abrëll hu mer eis zu 16 am Betz sénger spartanesch ageriichtener 25 Meter-Carré Wunneg établéiert, a wa mer soen établéiert da menge mer dat och sou. Op all Kanapé, an all Honds-Couche an an all Kicheschaaf gouf e Schloofsaack gedonnert, et wor e Bild fir d’Götter, ma mir hun et awer gepackt eis all iergendwéi ënnerzekréien.

Freides owes gouf dovunner profiteiert dat Basel an engem Dräilännereck läit, fir dann eben direkt eng cross-kulturell Staadsvisite z’organiséiren: mir hun en aale Schéiss-stand zu Mulhouse besicht, eng Stad déi och nach als Ville d’art et histoire bekannt ass, a wou den Emile Zola säin berümten Artikel « J’accuse…! » geschriwwen huet. Zu spéider Stonn hu mer eis et beim Charel an der Buud gemitterlech gemat bei engem Glas hausgematenem Viz, a mir hun him genësslesch säi leschten Ouschter-Schokela ewech giess dee mer am besootene Kicheschaaf fonnt haaten.

Samsdes wor de groussen Dag, vum grousse Jeu de Ville, wou mer mat der Lupp sollten ganz Basel duerchkämmen. 7 Stonne goufe mer duerch d’Stad gejoot, iwwer 80 Froën hu mer missen iwwert Kultur, Geschicht a Gebaier beäntwerten, an fir dat ze toppen hu mer eis missen hallefplaakeg an all Pëtz stellen an eng Foto vun eis huelen : D’as lass gaangen iwwert d’Rousebréck laanscht de Rhein, wou mer eis direkt op eng Terrasse gesat hun, well fir all Glas Rivela wat mer

gedronk hun gouf et e Bonus-Punkt. An der Mëttes-Stonn gouf eng gudd Spaghetti gies an erausfonnt dat d’Baseler alles anescht, wéi presséiert sin…! D’Aalstaad huet immense Charme, an d’muss ee soen datt dës Staad, an där emmerhin 9 Architekten déi schon e Pritzker-Präis kruuten (Herzog & de Meuron hun hiere Sëtz zu Basel), gebaut hun, architektonesch interessant as well se e prägnante ma rouegen architektonesche Stil huet. Bekannt as d’Stad och wéinst hierer Fastnacht, eng Art Karnaval, wou all déi roueg Schwäizer sëch verkleeden a sech während 72 Stonnen de Batti stellen.

Ab 17 Auer hu mer eis op enger Wiss installéiert an d’Grill-Saison offiziell ugefaang, a während Wagener, Wiseler an Wirion op der Bänk soutzen an iwwert d’Wuermeldénger Wuurscht-Präisser dis-kutéiert hunn, hu mir Aanerer eng Partie Kubb gespillt, e coolt an intellektuellt Spill aus Schweden, och nach als Wikinger-Schach bekannt.

Owes si mer kuerz kucke gaange waat d’Baseler Nuetsliewen sou ze bidden huet, an et sollt nawell faméis gin. Wagnesch’s, Devos an Petit’s hun den Owend ganz interkulturell ausklénge gelooss, an duerfir gesuergt dat sëch dës Stad nach laang un eis Band Lëtzebuerger erënnert.

No sou engem ustrengende Programm wore mer nëmme frou Sonndes moïes um 8 Auer opzestoen fir op Rheinfelden an d’Kurbad ze tuckeren, fir eise verspaantene Muskelen an traumatiséierte Glidder en „Instant de détente“

z’offréiren. Mir sollten nët enttäuscht gin! Mëttes huet de Charel, eisen autodéclaréierte Fin Gourmet, eis nach herrlësch hausgemaate Pizza’en am Uewe mat Holzfeier gemaat ma frëschem schwäizer Kéis vun der Alp a Kënnbaaks-Speck, an nodeems all Kiche-Plättchen an Toilettendeckel vum Jasmine a Lisi mat der Zännbiischt oofgeschrubbt woren hu mer eis op den Heemwee gemaat, per Zuch, Camionnette oder Fliiger.Et wor wéi ëmmer, rëm e super kollegiale Scouts Week-end, wou Jonk an Aal sëch getraff hun fir als Aigles-Grupp nach méi zesummen ze wuessen. Wéini as deen nächsten, nach méi faméise, Week-end?

Text: Georges Krombach Fotoë: Aigles

21

Page 12: deSCOUT 4/2010

International 23

Z. IND. GRASBËSCH L-3370 LEUDELANGE Tél: 49 89 1 Fax: 49 89 333 [email protected] www.provencale.lu

World Scout Conference Brasil 2011Notre Commissaire générale Nathalie de la FONTAINE et son adjoint Carlo SCHOTT participeront du 10 au 14 janvier 2011 à la 39e Conférence Mondiale du scoutisme au Brésil. Jamila KREMER et Djuna BERNARD participeront du 3 au 6 janvier au 11e Forum des Jeunes du Scoutisme Mondial.

Bill Gates receives Boy Scouts of America’s Highest Honor for serviceSEATTLE, September 13, 2010 Microsoft cofounder and Life Scout Bill Gates received the Boy Scouts of America’s (BSA) highest commendation for his deep commitment to improving the lives of the world’s most disadvantaged people. The BSA’s Silver Buffalo Award recognizes distinguished service to youth. The Chief Seattle Council will host the awards luncheon where Gates will receive his Silver Buffalo honor.

Jamboree 2011135 Membere vun der FNEL hu sech fir den 22te Jamboree a Schweden ugemellt. D’Virfreed ass bestëmmt grouss fir dëse Mega-Camp mat iwwer 30.000 Participanten aus der ganzer Welt.

European Scout Conference elects new committee!!On the afternoon of the 19th July 2010 the 20th European Scout Conference elected the following volunteers as members of the European Scout Committee for the term 2010-2013.Andrea Dermarmels (Switzerland), Christos Hatzidiamandis (Greece), Christian Loste-

Ramos (Spain), Henrik Söderman (Finland), Craig Turpie (United Kingdom),Petr “Permi” Vanek (Czech Republic)

JOTA-JOTIDe JOTA - JOTI ass dëst Joer de Weekend vum 16. - 17. Oktober. Offizielle Start ass wéi gewinnt Samschdes Nomëttes um 17:00 Auer.Virbestellunge fir de lëtzebuerger Jota-Joti Badge kann een iwwert [email protected] maachen.Fir déi Leit, déi scho mol dat Wuert Jota-Joti héieren hunn, awer net esou richteg wësse wat dat ass, hei eng kleng Erklärung: JOTA ass d’Ofkierzung vu Jamboree On The Air, an dat ass ee weltwäite Rendez-vous fir d’Scouten, sech dee Weekend iwwer Funk auszetauschen. Dëst Joer ass et fir déi 53e Kéier wou dat organiséiert gëtt. D’Technik ass awer net stoë bliwwen, d’Internet ass ëmmer méi zu engem Thema ginn, an dëst Joer leeft dann och paralell de 14e JOTI, wat näischt anescht wéi Jamboree On The Internet heescht.

Page 13: deSCOUT 4/2010

00um Schantjen

Les Nouvelles du Fort (2) Pendant six mois vous n’avez pas eu de nouvelles de notre nouveau siège, ce qui ne signifie pas qu’il n’y ait pas eu de progrès dans sa réalisation. Des décisions importantes ont été prises, des événements importants ont eu lieu.

Dans l’ordre. Nous avons décidé, non sans regrets de ne pas laisser visible une partie de la tranchée respectivement des murs du Fort Dumoulin. Toutes les variantes envisagées pour le faire s’avéraient trop chères et nous avons alors pris cette décision puisque notre but premier n’est pas la conservation de monuments, mais bien la promotion d’un scoutisme moderne et efficient.

Suite à cette décision nous avons procédé aux soumissions des travaux. La firme SOPINOR exécutera les travaux de gros œuvre (pieux pour les fondations et dalle) et les travaux de gros œuvre fermé ont été confiés à PREFALUX. Le bâtiment sera construit en bois et préfabriqué.

Pour la façade nous nous sommes souvenus des liens de toujours entre l’industrie sidérurgique luxembourgeoise et la FNEL. Grâce à l’appui d’ARCELOR – MITTAL elle sera en acier INDATEN, cette tôle spéciale faite pour rouiller et qui donne un ton si particulier (voir le pavillon du Luxembourg à Shanghai, mais rassurez-vous nous n’allons pas kidnapper la « Gëlle Fra »…).

Mais d’autres mécènes aussi ont déjà contribué très largement à financer la part des frais incombant à la FNEL. Les fondations « Nicolas Lanners » et « Henry J. et Erna D. Leir » ainsi que l’ « Œuvre Nationale de Secours Grande Duchesse Charlotte » et des mécènes privés nous ont déjà enlevé la majeure part des soucis financiers.

Depuis fin août les événements se sont précipités : le 26 août l’autorisation définitive de construire a été accordée, le 13 septembre les travaux de préparation du terrain ont commencé et le 18 les premiers trous ont été forés et le béton a coulé.

Vous l’aurez compris : C’EST PARTI. Et cela pile-poil au moment fixé par les architectes dans un planning daté du 18 juillet 2008 !

La FNEL aura son siège !!Avant que je ne l’oublie: pour le solde des frais incombant à la FNEL, nous vous approcherons dans les prochains mois. But that’s another story.

A la prochaine… Pierre MATAGNE

25

Notre projet de construction franchit une nouvelle étape importante. Le bourgmestre de la Ville de Luxembourg, Monsieur Paul HELMINGER vient de signer l’autorisation de construire. Le chantier a démarré le lundi 13 septembre dernier.

Page 14: deSCOUT 4/2010

27bei der ONGD-FNEL

Op Initiativ a mat der dynamescher Matthëllef vun eisem Scoutsfrënn John SCHOCK huet d’ONGD-FNEL am Januar 2010 dëse Projet am Ministère agereecht an de Kontrakt gouf dunn am Mee ënnerschriwwen.Mir hunn zu Sapouy, engem Duerf an der Provënz vum Ziro, eng nei Schoul mat 3 Klassesäll gebaut fir Kanner vu 5-7 Joer, 8-9 Joer an 10-11 Joer. Déi al Schoul wor a schlechtem Zoustand a nëmmen zu engem klengen Deel mat Zille gebaut a mat engem Belchdach versinn. De Rescht vum Gebai huet éischter no engem einfachen Abri virun der Sonn ausgesinn. Am „Ëennerdaach“ vun deene Kléngsten stoungen och keng Pulter oder Bänken.

Bau vun enger Primärschoul am Burkina Faso

Vum Hierscht 2010 uns wäerten 65 Jongen an 82 Meedercher ënner wesentlech bessere Konditiounen an deenen neie Reimlechkeeten ënnerriiicht ginn. Et gouf och dofir gesuergt fir, duerch lokal Handwierker, ee vun den 3 Säll mat neie Pulter a Still ze équipéieren.

De gesamte Budget vum Projet beleeft sech op 21.210,05 €. De Suivi vum Projet gëtt, op der Plaz, vum John Schock selwer assuréiert.

MIr invitéieren Iech häerzlech mat Äre Frënn a Bekannten op den ONGD-FNEL

Charity Dinner

e Freideg, de 15. Oktober 2010ën 19:30 Aueram Hôtel Parc Belle-Vue

Salle Marie-Thérèse5, avenue Marie-Thérèse an der Stad

Musikaleschen Encadrement: Maxime Bender Trio

Informatiounen an Umeldungen iwwer Mail ongd-fnel.lu oder um Tel.: 26 48 04 41

Den Erléis vum Owend dréit derzou bäi d’Entwécklungsprojeten vun der ONGD-FNEL ze réaliséieren

Ensemble, osons aider!

Dir kënnt d’Projeten vun der ONGD-FNEL mat engem Don ënnerstëtzen. CCPL LU10 1111 1003 3032 0000

Merci all de Leit an Asssociatiounen, déi bei Geleeënheet vu Familjenévénementer, Partyen a Manifestatiounen un eis denken. Är Donen sinn e ganz wesentleche Bäitrag vun eiser Entwécklungshëllef.Mariette Braun (Gebuertsdag), Guy an Danielle Aach-Hertz (50 Joer Bestietnis), Här a Madame Weber-Brandenburger (Diamanthochzäit), Philippe a Betty Mayer-Rodesch (Hochzäit), Louis Bourone (Stierffall), Jos. Theissen (Stierffall), Jean Ruppert (Stierffall), Tilly Metz (Party), Reggie Lecorsais (Pensioun), Les Aigles (BA), Les Hirsch (verschidden Aktiounen), Les Panthères Noires (verschidden Aktiounen), Frënn vun de Caper Piwitschen a.s.b.l. (Konschtausstellung), Participanten un der ONGD-Rees an de Nepal (Aktioun CO2 neutrale Flug), Primärschoul Amber (Liichtmëssdag), Roger Wohlfart (Verkaf Karrikaturebuch), Charly Feider (Verkaf Nepal-Produkter), Zéissenger Veräiner (Bichermaart), Uewerdonwer Pompjeeën (Centenaire), ASTI (Verkaf Nepal-Produkter)

Dräi Klassesäll vun der fréierer Schoul déi éischter engem Abri geglach hunn

Ee vun den 3 fréiere Schoulsäll

Déi nei Schoul ass am Bau

Page 15: deSCOUT 4/2010

00Interview mam Michel Simonis

Eemol Scout – Ëmmer Scout ! Bei de Scoute léiert ee vill Leit a friem Länner kennen, et léiert een an enger Équipe ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen. Scouten : also eng Schoul fir d’Liewen? An dëser Rubrik stelle mer méi oder manner bekannte Leit vir déi Scout sinn (oder waren). An dëser Editioun ass et um: Michel Simonis, Direkter vun HELP

Ech war/sinn an de Scouten zanter 1978 bis (am Häerz nach ëmmer)

an zwar bei de Loutres vu Miersch an duerno bei den Dippecher Dachsen

Mäi Beruff ass/war, Economiste an ech schaffe beim Roude Kräiz

Ech sinn deemools an d’Scoute gaang, well meng Cousine gemengt huet et wier flott do a well déi Zäit soss net vill fir Jonker gebuede gouf

29

Nach haut erënneren ech mech dacks u munch international a national Camp’en als Scout oder Explorer awer och un d’Federalscamp’en zu Réiden an zu Réimech wou ech als Responsabel bei de Wëllefcher mat am Coup wor.Eng onvergiesslech Erfahrung wor och d’Aarbecht am Nepal, wou ech 4 mol konnt derbäi sin.

Wier ech net Scout (gewiescht), ech hätt nimools ech hätt niemols geléiert mat aanere Leit zesummen ze schaffen a mat Ausdauer en Ziel ze verfollegen

Ech fannen, dass d’Scouten haut (vill méi) aktuell sin wéi ee mengt an datt se versiche mussen hiir traditionnell Werter an e moderne Kontext ze iwwersetzen

Mäi Foulard dinn ech spéitstens nach eng Kéier un, wann ech wann ech deemnext mat de Lions Bleus op de Roverweekend gin

Ech wënschen dem Scoutsmouvement an der FNEL eng gutt Hand fir déi Jonk ze begeeschteren, di kleng Erausfuerderungen an der Scouten an di méi grouss am Liewen an de Grapp ze huelen

Lénks Patt, fox astucieux (bei den Dachse wor ech awer ëmmer de Groen)

Page 16: deSCOUT 4/2010

00huet d’Ouere gespëtzt 31

Dons 2009-2010 à la Fondation FNELen mémoire deMadame Laure JACQUEMART, Madame Monique FUNK-RÖDEL et Madame Marie SCHOLTES. Ces dons contribuent à la propagation des idées scoutes au Luxembourg.

“Home Roudebierg”indique le panneau routier, il vous montre le chemin vers le nouveau chalet du groupe FNEL “Les Peaux-Rouges” de Dudelange. Vous trouvez tous les détails (photos, plans) sur le site Internent du groupe: http://www.lespeauxrouges.luL’inauguration du chalet a eu lieu le 24 septembre 2010.

Féliciations aux heureux mariés et aux nouveax parentsNous félicitons:• Marc LAUX (notre ancien Commissaire au programme adjoint, groupe Les Loutres) et Marguerite KOPPES qui se sont mariés le 20 août 2010 à Canach• Martine FELLER (une ancienne des Panthères noires) et Stuart CARCARY qui viennent de se marier le 28 août 2010 sur l’île d’ Inchcolm en Ecosse• Philippe MAYER et Betty RODESCH (également deux Panthères Noires) qui se marieront le 9 octobre prochain à Bettembourg• Caroline DELLERE (notre ancien Commissaire au programme, groupe Wiselen) et Marc THORN qui se marieront le 30 octobre 2010 à Steinfort• Martine WILWERT ( groupe Les Aigles) et Raoul WIRION (Commissaire international, groupe Les Aigles) pour la naissance de leur fils Tunn, qui est né le 19 septembre dernier

Distinctions honorifiques • Le Laurier d’or promotion 2010 fut décerné à Charel BETZ, Jil BOUCHE, Julie BOVE, Jessica CIGRAND Jim DEVOS, Nele D’EXELLE, Kevin DORRELL, Pol ENGELS, Anouk EYSCHEN, Anne-Sophie FABER, Alain FRITSCH, René GROSBUSCH, Mara HUBERTY, Nora JACOBY, Christiane KAUFFMANN-SCHAAF, Franky KAYSER, Georges KROMBACH, Aki KUSKE, Martine MOECHER, Paul O’SULLIVAN, Bob SCHIMBERG, Änder SCHMIT, Guy SCHUBERT, Alexandra WENGLER et Corinne WIRION• Le Mérite Scout 25 ans fut décerné à Brigitte BELINTANI, Guy BICHEL, Derek CLIFFORD, Tanja DONDELINGER, Roby KEMP, Line KUFFER-AUDRY, Michel LEYTEM, René SCHUBERT, Yves STREFF et Patrick VALDAGNO• Le Mérite Scout - 50 ans fut décerné à Emile BECKER, Fernand GILSON, Roland GUT, Norbert KLEES, Thésy KNEPPER-REUTER

FC activités temporaires en hauteur Le Service formation FNEL invite à la journée de recyclage pour les activités temporaires en hauteur (poulie, descente en rappel, pont de singe). La formation PETZL de base est requise pour participer à cette formation. Date: samedi 30 octobre 2010. Formateur: Tom SCHOLTES Informations et inscription pour le 19 octobre 2010 via mail [email protected] ou tél 26480442

Fondation FNELPierre MATAGNE succède à Guy AACH comme Président de la Fondation FNEL, établissement d’utilité publique.

Nouveaux cadres FNELOutre la nomination de Nathalie de la FONTAINE au poste de Commissaire générale, l’Assemblée générale de la FNEL du 16 septembre 2010 a approuvée, respectivement a été informée des nominations de :• Carlo SCHOTT au poste de Commissaire général adjoint (2e mandat)• Michèle DETAIL au poste de RAP (Responsable activité programme)• Sandy SPIELMANN au poste de Commissaire adjointe à la formation• Paul KONSBRUCK au poste de Chargé de la communication• Franky KAYSER au poste de Commissaire aux rovers• Max FISCHBACH au poste de RAProver • Manon FISCHER au poste de RAPscout• Sandra CELLINA au poste de Commissaire aux explorers (3e mandat)• Mariette KILL au poste de Responble du Scout-Shop• Yves BLASEN au poste de Responsable équipe logistique

482 Demandes Congé-jeunesseL’an dernier, le SNJ a traîté, en tout, 482 demandes Congé-jeunesse. Y figurent les 44 dossiers envoyés par les responsables de la FNEL. Pour tout renseignement concernant le congé-jeunesse, contactez [email protected]

Un arbre pour la vieLe 14 novembre 2010 nous plantons des arbres sur le site Misäershaff en souvenir d’une naissance, d’un mariage, de tout autre événement heureux ou en mémoire d’un cher défunt.

Cette action de plantation d’arbres nous permettra non seulement de faire un geste d’amour ou d’amitié, de reconnaissance ou de souvenir, envers des personnes ou à l’occasion d’événements qui ont eu une grande importance dans notre vie, mais également d’aménager les alentours immédiats de notre Misäershaff et encore et surtout, de rassembler ainsi les fonds nécessaires pour la gestion de notre Centre de Formation et de Rencontres.

Celles ou ceus d’entre vous qui veulent figurer parmi les nouveaux donateurs et assister, en tant qu’invité d’honneur, lors de la cérémonie de plantation des arbres en date du 14 novembre 2010, sont prié(e)s de nous contacter avant le 22 octobre 2010 au téléphone 26480442 ou par courriel [email protected]

Vous pouvez soutenir le scoutisme au Luxembourg par un don en faveur de la Fondation FNEL, CCPL LU10 1111 0000 4343 0000

Page 17: deSCOUT 4/2010

C

M

J

CM

MJ

CJ

CMJ

N