deSCOUT 3/2004

21
No 508 / 84. Joergang SCOUTEN A GUIDEN FNEL deSCOUT 3/04

description

Periodique officiel de la FNEL (Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg)

Transcript of deSCOUT 3/2004

Page 1: deSCOUT 3/2004

No 508 / 84. JoergangSCOUTEN A GUIDENF N E L

deSCOUT3/04

Page 2: deSCOUT 3/2004

EDITORIAL3deSCOUT 3/04

deSCOUT

No zwee Méint Vakanz kënne mir eis elo alleguerten op de Wee an en neit Scoutsjoer maachen. Ausgerout, voller Energie an hoffentlech och mat villen néien Iddi’e wëllen a solle mir dëst Joer ugoen. A wann och villes beim Ale bleift, e puer Changementer ginn et awer. Déi meescht ënnert iech wëssen et wahrscheinlech schonn: de Pierrot Matagne huet souzesoen seng Pensioun als Commissaire Général geholl, an d’Martine Faber-Schmit huet sech bereet erkläert fir des Charge z’iwwerhuelen. Op dëser Plaz nach eng Kéier e grousse Merci un hie fir all déi Aarbecht, déi hien an deene leschte 6 Joer (an awer och scho virdrun) bei der FNEL gemaach huet.

D’Scoutsjoer 2004-2005 bréngt eis awer net nëmmen en néien Commissaire Général, ma och eng néi Strategie, déi sech bis d’Joer 2007

EDITORIAL

Périodique officiel de la FNEL Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg

43, rue de Hollerich, Luxembourg

Parait 4 fois par an

Rédaction et mise en page Anne Kaiffer, Martine Feller, Jacques Degardin, Claude Freistroffer Impression Imprimerie Victor Buck, Leudelange Adresse postale deSCOUT (FNEL) B.P. 2676 L-1026 Luxembourg Tel +352 26 48 04 50 Fax. +352 26 48 04 30 E-mail [email protected] Internet www.fnel.lu

Clôture de rédaction pour le prochain numéro le 15 novembre 2004

Zäit gëtt an déi als Haaptziel eng Ouverture vun der FNEL no baussen huet. Ënnert anerem geet et dodrëms, op nationalem Plang déi méi schwaach Gruppen z’ënnerstëtzen, d’Kommunikatioun ënnert eis an no baussen, op allen Niveau’en, ze verbesseren, d’Co-educatioun ze förderen an awer och aal Kontakter op internationaler Basis ze verstäerken an z’ënnerhalen, an neier opzebauen. Eng sëllechen Zieler, déi mir eis wëlle setzen, a wou mir hoffen, se mat ärer Hëllef och richteg kënnen ëmzesetzen.

Nei Energie, nei Iddi’en, Zesummenaarbecht an awer och nach eng gutt Portioun Begeeschterung um Scoutissem, wéi mir e kennen, sinn déi Haaptelementer déi gebraucht ginn, fir dësen intensive Programm z’absolvéieren.

Anne Kaiffer

Page 3: deSCOUT 3/2004

INHALT5deSCOUT 3/04

ZU GUDDER LESCHTEch schwätze mat

De klenge Scout

E gudde Rotschlo

3 Froen

34 36 38 39

deSCOUT 3/04

RONDEREM

CAMP FEDERAL

16

6

21

32 ÄER SAÏTEN

ONGD-FNEL

Pow-Wow 2004

Assemblée Générale 2004

22 26 28

Wëll Sai -Wiselen Camp volant

ROVER4U Rover-Camp vun der LGS20

Ungarn ‘04 Szervousz Magyarország16

INTERNATIONALYouth Explore a China

Volontaire op der Olympiade

14 15

AKTUELLVu et Entendu

Internet-Revue Fir iech gesurft...

Geocaching Wat ass dat?

11 12 13

TITELTHEMAWhen Harry met SallyD’Geschicht vun de Relatiounen tëscht Guiden a Scouten vun der FNEL

6

Ände

r Hat

z

www.fnel.lu

www.fnel-ongd.lu

www.misaershaff.lu

Alles iwwert d’FNEL: Programm vun de Branchen, Geschicht, Charte, Zeitungen, Fotoen, Kalenner, News, Forum, Fiches Techniques a villes méi.

Presentatioun vun der ONGD vun der FNEL mat hiren Projet’en an der Entwécklungshëllef, ënnert anerem am Nepal an am Honduras.

De Site vum Centre de Formation vun der FNEL um Stauséi, mat Photoen vum Haff an Informatiounen iwwert Aktivitéiten a Reservatioun.

Arch

ives

FN

ELAr

chiv

es F

NEL

Page 4: deSCOUT 3/2004

6TITELTHEMA deSCOUT TITELTHEMA73/04

Den Ticot erzielt eis, wéi et dozou koum, dass och Meedercher an d’FNEL opgeholl gi sinn.

Georges Hausemer

DAMMEN-TOURD’Meedercher haten nach ëmmer d’Box un.

Ënnert dem Rack, mee dee bis gutt iwwer de Knéi, deemools wéi de Scoutissem op d’Welt koum. Och déi éischt Guiden, déi d’Marthe Mullendorf an d’Pola Weber matzen am Véierzéngter Krich gestart hunn (1915). Wat d’Jongen am Kolléisch konnten, dat konnten si och. A lass op déi éischt Sortie (1916). Net laang dono goung et op de Camping. 1920 gesäit een se um FNEL’s Pow-Wow. Iwwerdeems louchen déi Hären Deputéiert sech an der Chamber an den Hoer, wéinst dem Meederches-Lycée. D’Fassonge vum 19. Joerhonnert hu gebréckelt, ma vu Mixitéit wor keng Ried.

Déi „nei“ Schoulen aus den drësseger Joren hu FILLES a GARCONS iwwert 2 verschiddenen Diere stoen, duerch déi haut d’Kanner schéi gemëscht eraginn: Emanzipatioun konkret. AGGL a FNEL koume sech an där Zäit mol méi no, mol manner, bis sech d’Häresäit net méi hale konnt. „Troupe les Hirondelles bleues“ huet d’Formatioun fir d’Wëllefchers-Cheftaine geheescht. Du gouf et Krich, de Weltkrich Nummer zwee. E groussen Duercherneen, ma nach keng Mixitéit.

D’Preisen hunn d’Leit gepéngegt an d’Bomme sinn op d’Gare gefall: eis Lëtzebuerger hu sech fonnt, si koume sech ganz no. Wéi et eriwwer wor, sollt et an de Scouten awer goe wéi viru 40. Der „génération montante“ huet dat gegrutscht. Déi Aal an der FNEL hunn d’Ouere gespëtzt

D’Lady BADEN-POWELL ass déi zwou Guidefederatiounen op Lëtzebuerg besiche komm! Wéi et sech gehéiert, wor eng Receptioun mat Autoritéiten am Grand Hotel Brasseur. Als Internationale Commissaire vun der FNEL krut ech am tête-à-tête gesot: “I ask you George, do whatever you can to bring them back again.” D’Chef-Guide vun der Welt hat en apaarte Charme, si wor eng staark Perséinlechkeet. Ech war schlecht drun. “When you are in London, you must come and have tea with me“. Et huet mer déck gedoen, ëmmer wann ech dono zu London war, ma ech hunn dat si gelooss. Haut mengen ech, si huet dat verstan.

Et hält een eng Baach net un, si leeft an d’Mier. Heiansdo hellt d’Weltgeschicht eng Kéier an et huet een herno Krämpes fir ze verstoen, wat virdru wor. De Marconi an de Radio, spéider d’Telé, de Fleming a säin Antibiotique Penicilline, d’Pëll... ma wie wor dat nach?

De «Mai 68» huet vill Ales ewechgespullt an et huet och an der BP-Welt gekréckelt a gewibbelt. Di eng wollten zréck ënner de Scoutshut vun de Päpp, di aner an der nächster Rakéit mat op de Mond. Munnech Federatioun gung an d’Bréch, ma d’FNEL huet et alt nees gepackt. Vun de Meute – Photoe vun 1969 laache Meedercher a Jongen, schéi gemescht. D’Mixitéit wor an der FNEL ukomm.

a vun den „Eclaireurs de France“ koum neie Wand.

Aus der „Journée des chefs“ zu 120 gouf eng Klausur: De Weekend 1949 an der Buerg zu Huelmes. Owes wor déi éischt Assemblée Générale Route a Präsenz vum Pierre BUISSON, dem Star-Pädagog vun den EDF. (Mann a Fra ginn zesummen duerch d’Liewen, wa mir fir d’Co-éducatioun sinn, musse mir se och verwierklechen.) „ Die „mixité“ fand einige starke Gegner, viele Gleichgültige und einige Anhänger“, schreift den Töff diplomatesch (SCOUT 137). „Bei uns ist die Frage zunächst nicht akut“. An der Mauve sinn d’CP‘e weider mat de Cheftaine, kuerz „de jus“ genannt, an d’Stuff, de Pole Nord oder op d’Grenz danze gaang. Eng Formatioun am Takt vum Andy Felten senger gefillvoller Clarinette.

1952: Cheffen aus der ganzer Welt hu sech zu Gilwell Park fir den éischten INDABA getraff. De Sous-camp vun den Damme wäit vun deem vun den Hären. Do konnt ee sech d’Féiss wondlafen. An dach laacht dono d’Jackie Brimacombe um SCOUT Deckel der ganzer FNEL. Leider war hatt aus Südafrika. Ech konnt mer den Avion net leeschten.

Ugangs de 60er Jore soen zwou Truppen der AGGL äddi. Mir konnten déi léif Meedercher net am Reen stoe loossen. No enger Bedenkpaus koume si an d’FNEL. Vu Mixitéit keng Ried: si hunn drop gehal vum Weltguidebüro unerkannt ze ginn. Dat wor déi Damme vum Welt-Comité ënnerschat. Ph

otos

: Arc

hive

s FN

EL

Page 5: deSCOUT 3/2004

8TITELTHEMA deSCOUT TITELTHEMA93/04

MIXITÉIT, eng ERAUSFUERDERUNG?

D’Nominatioun vum Martine Faber-Schmit als Commissaire Général ass eng Première, mee keng Revolutioun. Säit och Meedercher an der FNEL sinn, hu se net gefaart, fi r Responsabilitéit z’iwwerhuelen. Haut sinn a véier vun de fënnef Altersbranchen d’Commissaire Fraen. Mir dinn eis also, wéi et schéngt, guer net schwéier mat der Gläichberechtegung tëscht Fra a Mann.

Dat ass natierlech net nëmmen um Niveau vun de Responsabelen de Fall. Vun de Beaver bis bei d’Rover léieren d’Kanner an déi Jugendlech, am géigesäitege Respekt mateneen eens ze ginn. Dat war natierlech net ëmmer esou (cf. déi viregt Säiten), mee en édukativt Mouvement wéi d’Scoute konnt sech net éiweg virun der Realitéit vun der Gesellschaft verstoppen.

Mixitéit vu Jongen a Meedercher ass säit de 60er Joren eent vun de Mëttelen, déi mer eis gi fi r en Deel vun den Zieler vum Scoutismus ze erreechen: deene Jonken eppes mat op de Wee ginn, fi r dass se zu zefriddenen, aktiven a verantwortungsbewosste Mënschen eruwuessen, déi sech an der Gesellschaft asetze fi r des Welt besser ze verloosse wéi se se virfonnt hunn. Dozou gehéiert och d’Relatioun tëscht Jongen a Meedercher. De Fait, dass si zesummen an engem Grupp sinn a wuel oder iwwel musse mateneen eens ginn, léiert se Virurteeler ofzeleeën, een deem anere seng Differenzen ze erkennen an z’akzeptéieren an en esou als gläichwäerteg unzegesinn.

Et ass natierlech net ëmmer esou einfach, dat ëmzesetzen. Wëll e Meedche vun 12 Joer dat selwecht wéi e Jong am selwechten Alter? Gi Meedercher grad esou gäer op en Hike? A wéi ass et mat de Jongen a Bastelen? Als Responsabel muss een net nëmmen d’Egalitéit tëschent Jongen a Meedercher förderen, mee och op dem eenzelen seng Besoin’en an Interessi’en agoen, déi nun emol jee no Geschlecht verschidde sinn. Et heescht also, dee richtegen Equiliber am Programm ze fannen: engersäits Aktivitéiten ubidden, déi Jongen a Meedercher gemeinsam begeeschteren, anerersäits där, déi méi op dat eent oder anert Geschlecht aginn ouni een ze benodeelegen.

Am Allgemenge leeschten d’Gruppe vun der FNEL do eng gutt Aarbecht, well wéi soss ass et ze erklären, dass Jongen a Meedercher sou gutt mateneen eens ginn an zesummeschaffen. Och wann et a verschidde Branchen net ëmmer sou einfach ass, de Programm souwuel fi r Jonge wéi fi r Meedercher attraktiv ze gestalten, gëtt awer bestätegt, dass d’FNEL deemols, wéi och Meedercher opgeholl goufen, déi richteg Décisoun getraff huet: déi Jonk léiere sech an hir Gemeinsamkeeten an Differenze kennen a respektéieren. D’Erausfuerderung fi r déi nächst Jore besteet doran, déi aktuell Methoden ze festegen an net ze fäerten, neier unzewenne fi r weiderhin e gutt Zesummeliewen an d’Gläichstellung vu Jongen a Meedercher ze förderen.

Jacques Degardin

Eng Fra un der Spëtzt vun der FNEL, dat gouf et bis elo nach nie.

"Baden-Powell hat wirklich eine super Grundlage geschaffe, hat aber meines Erachtens einen grossen Fehler gemacht: er hat seine Frau beauftragt, eine separate Pfadi für Frauen aufzubauen. Diese Trennung von Buben- und Mädchenorganisation ist absolut unsinnig."

Klaus J. Jacobs, fréiere Präsident vun der "World Scout Foundation" (CH-Scout 2/04)

Phot

os: A

rchi

ves

FNEL

Page 6: deSCOUT 3/2004

10TITELTHEMA deSCOUT AKTUELL113/04

VU et ENTENDUQUAK AN DER HASENamen schön wie im Kinderbuch...vom Schlossbrunnen aus lenkt der Froschkönig sein Land, zarte Libellen tragen seine Friedensbotschaft zu den Märchenprinzen... Ort und Fluss gibt es wirklich. Im Oldenburgischen. Sie waren in den Nachrichten, den elektronischen.

MICHEL WURTH,Ancien DM, membre du CN de la FNEL, directeur général fi nances Arcelor, président de Paul Wurth a été porté à la présidence de la Chambre de Commerce. Fernand ERNSTER, un de ses vice-présidents, également ancien éclaireur et membre du CN l’épaulera.

SILVER WOLF IN LUXEMBOURG.The Telstar Akela Thelma COLLIER has been awarded the Silver Wolf by the British Chief Scout. From retirement in the U.K. she returned to Luxembourg to have the award presented to her on June 19th in the group she gave so much to, over several decades. At this occasion she proudly was wearing our Mérite Scout. FNEL honorary chairman Georges HAUSEMER attended the ceremony.

B.A. MONSTRE.La mobilisation pour le TELEVIE a bénéfi cié de l’aide de milliers de bénévoles, S.A.R. la grande-duchesse MARIA TERESA en tête. Les éclaireurs et éclaireuses des Peaux Rouges ont mis leur bazar de Pâques et les Gréng Scouten leur vente de pizza au service de la lutte contre le cancer et la leucémie de l’enfant.

DEN EMILE GRETSCHbridderlech Bub genannt, koum 1922 mat 14 Joer bei d’1st. Echternoach. Vun do un ass de Scoutissem e Stéck vu sengem Denken. Als Fraendokter huet hie sech fi r d’Liewen agesat, fi r d’Verstoe vun der Natur, fi r de faire Sport a fi r d’Wäerter déi der FNEL zu Grond leien. Säit laangem Member vum CN wor en ons en diskreten, generéise Frënd. Hien huet de World Wildlife Fund an eisem Land bekannt gemaach an de Panathlon bei eise Sportler agefouert. Keng Geleeënheet huet hie verpasst,

fi r ze weisen, datt den olympesche Sport an de Scoutissem zwee Äscht vun engem Bam sinn.LE PRINCE FELIXa franchi début juin le cap de ses vingt ans. Ancien de la troupe des Loutres de Mersch, il poursuit ses études à Londres. Sportif avéré, il joue au tennis, pratique le ski, le snowboard, l’athlétisme et le football.DEN ALAIN DE MUYSERan der Zäit bei den Diables Mauves, ass lëtzebuerger Ambassadeur am Portugal genannt ginn.PUR ODER NATUR.Die Besucher der Ferme Misère haben jetzt die Wahl, ob sie im lupenreinen Wasser der neuen Badeanstalt von Rambrouch oder im naturverbundenen See schwimmen wollen. Zu ihrem 25-jährigen Bestehen hat die Gemeinde ein Schwimmbad gebaut: Hauptbecken 25 x 10m, die 60m lange Rutsche startet in 6,27m Höhe. Anne BRASSEUR, CN-FNEL, sprach zur Einweihung. Auch Charles GOERENS, parlementaire du scoutisme, war zugegen.ARNO J. MAYERavait 14 ans en fuyant avec sa famille le pays dans la nuit du 10 mai 1940 (averti e.a. par Henri KOCH). En 1944 il prend la nationalité américaine et sert dans l’armée. En 1949 sa carrière universitaire naît à Yale. Après Harvard, l’historien devient professeur à Princeton qui le retenait pendant 30 ans.«Le Mémorial de Verdun n’a pas pu éviter la répétition de l’horreur». Devant un Théâtre des Capucins comble, il développa ce 11 mai ses vues percutantes sur l’histoire, fondées sur des assises solides, expérimées avec un franc-parler décoiffant. Dans la salle, bon nombre d’anciens camarades l’écoutaient, non sans émotion, évoquer ses souvenirs de jeunesse aux Diables Mauves. La conférence a été introduite par Henri WEHENKEL, ancien D.M. Arno J. Mayer vient d’être nommé au Conseil National de la FNEL.IN AFRIKA SAGT MAN:Wenn du schnell gehen willst, dann gehe allein.Aber wenn du weit gehen willst, dann gehe mit anderen.

Castor Fricoteur

KENNS DU SI?

4 nei Branche-Commissairen...Si stelle sech vir.

Obwuel ech nach guer net esou laang an de

Scoute sinn, sinn ech elo och Beavercommissaire

a probéieren dat esou gutt a fl ott wéi méiglech ze

maachen.

Bei d'Scoute sinn ech komm, well se mech schonn

ëmmer interesséiert hunn a wou ech dunn

d'Méiglechkeet krut fi r an d'Scouten ze goen,

hunn ech se ergraff a sinn, offensichtlech, nach

ëmmer derbäi.

Ech si säit mengem 11ten Liewensjoer an de Scouten. Dono war ech Explorer, du Responsabel... Spéider hunn ech an der Exploreréquipe gehollef a war och Commissaire Adjoint.

Commissaire sinn ech gi well déi Branche mer einfach am beschte gefällt. Dëst Joer wëlle mer weider dru schaffen, dass d’Unitéiten uechter d’Land sou gutt wéi méiglech funktionéieren, an d’Explorer gären Explorer sinn a sou laang wéi méiglech bleiwen.

Firwat ech an de Scoute sinn? Déi eenzeg Äntwert ass : Dofi r!

Ech hunn 1989 als Wëllefche bei de Mamer Wiselen ugefaang, deenen ech och ëmmer trei bliwwe sinn. Mat 16 Joer sinn ech Wellefcherschef ginn a si säit 2004 Roverresponsabel.

Eis Prioritéiten an der Wëllefcherséquipe si vill Spaass ze hunn a sou vill wéi méiglech aner Cheffen ze motivéiere fi r mat ze schaffen.

Ech si säit bal 16 Joer an de Scouten a kommen einfach net méi lass. Ech maachen et och gär a sammele vill Erfahrunge fi r mäi spéidert Beruffsliewen, wann ech dann emol Zäit sollt fannen, och nach schaffen ze goen.

Ech si Commissaire ginn, well ech immens motivéiert si fi r der Roverbranche erëm en neien Élan ze ginn a mat enger fl otter Equipe e gudde Programm op d’Been ze setzen.

Eis Prioritéite si virun allem, méi aktiv Rover an de verschiddene Gruppen erëm ze motivéiere fi r u Federalsaktivitéiten deel ze huelen a sech méi am Scoutismuss z’engagéieren.

Ech mengen, et ass d’Mëschung vun de gudde Kollegen an dem Liewen an der fräier Natur, déi et mécht dass ech de Scoutismus net méi aus mengem Liewen ewech denke kann!

WëllefcherEch sinn d'Sändi Spielmann, an de Scouten och Pudmini genannt. Ech zielen de Leit säit Joren ech hätt 19 Joer (déi meescht

gleewen dat och).

BeaverMäin Numm ass Laurence Meres, ech hunn 21 Joer a komme vun de Piwitschen, wou ech Beaverchef sinn.

RoverEch sinn d'Anne Weis, hunn 22 Joer a si säit 13 Joer an de Scouten, fi r d'éischt bei de Kiewerlecken an elo säit 8 Joer bei de

Piwitschen

Explorer

Ech sinn d'Sandra

Cellina, hunn elo nach/

schonn 27 Joer a sinn

an de Grénge Scoute

vun Diddeleng.

Page 7: deSCOUT 3/2004

12AKTUELL deSCOUT AKTUELL133/04

Claude Freistroffer

Dir wësst, wat e GPS ass a kënnt domatter ëmgoen? Dir wëllt mat der neiester Technik eppes Flottes erliewen? Dann ass dat heiten eppes fir iech:

INTERNET-REVUEA lass geet et - a beschter Internetmanéier queesch doduerch:www.gcbbw.orgHei si virun allem déi 2 Rubriken “Les Fichiers” mat de Fiches techniques an “Les documents” interessant.parati.free.frEe Résumé iwwert de Scoutismus am allgemenge mat awer besonnesch engem Deel iwwert Totemisatiounw w w. p b s . c h / 4 s t u f e / e x p l o re r b e l t /anleitungd1.html oderwww.scoutbase.org.uk/6to25/network/badges/explorer-belt.htmExplorer Belt - Eng flott Idee fir d’Rover - fir nach méi gewuer ze ginn, googelt einfach no Explorer Belt!www.inquiry.netWann der vill Zäit hutt, kënnt der dëse Site kucke goen ...

student.dei.uc.pt/~alexp/scoutimage/ oderscoutimages.free.fr/Eng helle Wulll vu Biller, déi der eroflueden kënnt, erwaart iech hei.www.learn-orienteering.org/old/Welcome to Learn Orienteering! or “How to use a compass” - fir dass der iech net méi verléiert ...www.boussole.free.frEe Site, dee vu Linken nëmmen esou wibbelt - kuckt ënnert Ressources pour scouts - do fannt der, wat der sicht!

www.spielboerse.ch/ oder www.praxis- jugendarbeit .de/sp ie le-sammlung.htmlSpiller fir dobaussen, Spiller fir dobannen, Spiller fir jiddereen ...

www.scoutorama.com/recipe/index.cfmCamping Food & Dutch Oven RecipesMol eppes anescht wéi ëmmer nëmme Mettwurscht... Och de Rescht vum Site kann ee sech roueg ukucken

www.lesnoeuds.comDen Titel seet et schonns: hei fannt der alles iwwert Kniet a Seeler - schéi propper opgedeelt; esouguer de Krawatteknuet ass net vergiess ginn!

www.vennfuessler.deHei ass vläit besonnesch den Deel Service / Pfaditechnik mat sengem «Morseübersetzer» interessant.

www.pfadizueri.chHei fenns de vlait nët déi onmass vun Sachen - dofir ass des Sait awer super gudd gemacht: den Obbau, den Layout, den Inhalt. Esou soll eng flott Sait déi d’Leit och usprecht ausgesin: einfach an informativ.

www.pbs.ch/2stufe/knowhow/welcome.htmAn nach eng lescht Sait fir des Sait voll ze kreien.

Internet Siten iwwer Scoutismus ginn et der eng Onmass. Dofir huet deSCOUT sech d’Méi gemaach fir der e puer flotter erauszepicken - dobäi ass méi Wäert op de Contenu wéi op de Contenant geluecht ginn, well dee léisst leider heinsdo ze wënschen iwwereg.

Wourëms geet et? Majo, de Prinzip ass ganz einfach: Iergendeen huet op iergendenger Plaz eng Këscht verstoppt - den Inhalt ass ganz verschidden an ouni grousse Wäert - normalerweis ass awer wéinstens e Logbuch dran.

Dann, mat Hëllef vun engem GPS, hëllt een déi genee Koordinaten op, déi een da veröffentlecht, meeschtens iwwert Internet; an der Tëschenzäit ginn et onmasseg där “Cachen” - och hei zu Lëtzebuerg - ze fannen ënnert www.geocaching.be, www.geocaching.com oder www.navicache.com wou der dann och all méiglech weider Detailer zu dëser spannender Aktivitéit fannt.

Des Donnéeë ginn da vun anere Leit gekuckt an déi maache sech da mat hirem GPS op d’Sich no dëser Këscht. Wann se se fonnt hunn, droe si sech an d’Logbuch an - wann nach aner Saachen dra sinn, ass de Prinzip deen dass, wann een eppes eraus hëlt, een eppes aneres an d’Plaz leet, fir dass esou de Contenu ëmmer changéiert.

Wann der awer elo mengt, dat ass jo awer einfach, kann ech nëmme soen, dass der d’Kreativitéit vun verschiddene Leit staark ënnerschätzt, wat d’Verstoppe vun esou enger Këscht ugeet - do ginn et nämlech bal keng Grenzen an de Schwieregkeetsgrad variéiert vu liicht bis ganz schwéier.

Gitt kuckt iech e wéineg déi Saach um Internet un a probéiert et ganz einfach emol aus, sidd selwer och kreativ a loosst är Fantasie spille wann der esou eng Stopp maacht - meeschtens ass et eng Plaz, déi iergendwéi extra ass, sief et datt eppes Spezielles do geschitt ass, well eppes Aussergewéinleches do steet, well d'Landschaft do speziell flott ass, well der einfach mengt, d’Leit missten des Plaz onbedengt gesinn oder well... De Visiteur soll also net einfach esou op déi Plaz gelackelt gi sinn.

Et muss jo och net direkt op den Internet publizéiert ginn - als Branchenaktivitéit as déi ganz Saach och ze gebrauchen... Et kann och déi perfekt Entreprise respektiv Aktivitéit mat allem drumm an dra si fir d’Explorer oder d’Rover - entweder esou eng Cache nei kreéieren oder sech op d’Sich maachen - wéi gesot, et ginn der op der ganzer Welt, also och op engem Weekend oder Camp as des Entreprise ze machen.

A wann der souwisou scho gepaakt sidd vun dësem neie “Sport” dann wäer et flott, e Bericht fir hei am deSCOUT ze kréien.

GeocachingClaude Freistroffer

Page 8: deSCOUT 3/2004

14INTERNATIONAL deSCOUT INTERNATIONAL153/04

Fir 8 Rover vun der FNEL, man nehme...3 Wochen an 3 Deeg Zäit a Gedold8 Aller&Retour Fligerticket’en Findel-Athen30˚C am Schied 2mol Gyros iessen am Dag16,5 l Tzatziki (Yughurt-Sauce mat Knuewelek a Concombren) ze empfiele mat orangem Poivron1 Dortoir, 10 Better, 2 Séparé’en an 1 Klimaanlag3 Polo’en, 2 Box’en, 1 Jackett, 1 Hutt, 1 „Banane“, 1Bidon an 3mol Strëmp1 léif Madame um Camp, déi alles fir eis gemaach hätt, an hire klenge Jong an der Ënnerwäsch1 grouss Piscine am Fräien, mat enger grousser Press-Tribün59 992 aner Volontären1 Prise griichesche Gestank

1. Den 8ten August klammen d’Sandy Spielmann (Wiselen), d’Anne-Sophie Widung (CB-DM), d’Martine Nicolay (CB-DM), d’Mischi Nicolay (CB-DM), de Benoît Theisen (Dachsen), den Julien Konsbruck (Dachsen), den Yves Engel (Dachsen) an de Christian Betzen (Well Sai) an de Fliger fir op Amsterdam an dono weider op Athen.

2. Eng Woch lues a gemittlech (scho nëmme wéinst der Hëtzt) eis un déi nei Tâche als Volontär gewinnen an eis forméiere loossen um Site selwer vun der Piscine. Des weideren, Athen entdecke mat senge schéinen a senge manner schéinen Plazen. Vill aal a futtis Steng si mer bewonneregaangen.

Dofir huet d’ASEF (Asia Europe Foundation) an d’ACYF (All China Youth Federation) décidéiert jonk Europäer an Asiaten anzeluede fir eng Woch mat Konferenzen, Dialog an Entdeckung a China. Ënnert de 75 Participante waren 9 Scouten, woubäi d’Martine (CB-DM) an ech Lëtzebuerg an d’FNEL vertrueden hunn. De Rescht ware Vertrieder vu Jugendorganisatiounen, déi an der Ëmwelt oder am éducativen täteg sinn.

Eis éischt Statioun war Beijing, wou d’Eröffnung an déi éischt zwee Deeg Konferenze waren. Vun do ass et mam Zuch op Yichang gaangen, wou mer déi grouss Staumauer (Dräi Däller Damm) besiichtege waren. Dëst ass en impressionant Bauwierk dat leider och seng negativ Säiten huet. 1,3 Mio Mënschen hu missen hiert Doheem verloosse mat enger onsécherer Zukunft a 40 Tempele ginn iwwerschwemmt. Mir hunn eis duerno mam Schëff op de Wee gemaach fir a fënnef Deeg de Yangtze erop ze fuere bis Chongqing. Ënnerwee Si mir öfters stoebliwwe fir z.B. déi kleng „Three Gorges“ ze besiichtegen oder d’City of Ghosts. Och um Programm stoung eng symbolesch Baamplanzaktioun op den Häng vum Yangtze. Iwwerdeems mer gefuer sinn, hate mer Konferenze vu Spezialisten aus China oder vu Leit déi iwwert hier Organisatioun geschwat hunn. Dëst konnt och mol bis owes 10 Auer daueren.

Wat huet dat alles dann elo bruecht? Majo vill. Engersäits huet et jidderengem erlaabt ze gesi wat et soss nach sou u jugendlechen

Organisatiounen an der Welt gëtt, wat si sou maachen a virun allem, wéi si déi eenzel Problemer uginn. Déi Leit déi do ware sinn oft immens aktiv an et kann ee sech Motivatioun huele fir selwer och mol eppes op d’Been ze stellen.

Wat d’Stëmmung ugeet, sou war se super. Et hat en no engem Dag d’Gefill et géing een déi Leit schonn éiweg kennen. Dat sinn ideal Base fir spéider eventuell Coopératiounen ze starten a fir Verschiddener souguer richteg Frëndschaften.

Et dierf een awer net vergiessen ze soen, dass et eng eenzegaarteg Chance war, fir China ze entdecken a mat Leit vun dohannen iwwert Froen ze diskutéieren, déi mir eis sou iwwert China stellen. Hei kënnt dann awer och ee vun de méi negative Punkten an d’Spill. Mir ware vu vir bis hannen encadréiert a si vu Stad zu Stad gesaust, sou dass mer net d’Zäit hate mat de lokale Leit ze schwätze fir si z.B. ze froe wat si dann elo vun där Staumauer halen. Den Hotellen an de Wëllkomsparaden no huet ee sech éischter wéi e Staatsminister gefillt an net wéi een, deen dohinner kënnt fir d’China vun de Chineesen ze entdecken. Doduerch, dass sou vill Dialog tëscht Leit vu verschiddenste Länner bestanen huet, konnt ee sech um Enn awer eng gewëssen Iddi maachen, wéi dat dohannen ass.

Fir eis Scoute war et eng gutt Geleeënheet aneren de Scoutsgeescht méi no ze bréngen an ze weise wat 28 Mio Jonker a manner Jonker an der ganzer Welt verbënnt.

Olivier Faber, CB/DM

D’Waasser, als erneierbar mee net onendlech Ressource, ass e Problem deen eis all betrëfft.

YOUTH EXPLORE a CHINA

Se-Y

oung

Moo

n

als VOLONTAIRE op ATHEN3. 2 Woche laang, déi 8 Volontäre vu

Letzebuerg an hier Uniform stiechen. Mam Bus a mam Metro op den Olympesche Site schécken, wou se an derr grousser Piscine fir e puer Stonnen däerfen an der Sonn brutschelen, d’Sportler (Béischten) däerfe bewonneren, an niewebäi sech em Journaliste bekëmmeren. An 2 min 30 Resultater ausdeelen a kucken, dass hinne kee Journalist an där Hëtzt erdiischtert.

4. Tëschenduerch Pins’e sammelen an tauschen... wie krut da lo déi meescht?

5. Mee nëmme geschafft gouf souwisou net, souvill war och net ze schaffen do, dofir war d’Méiglechkeet awer nach aner Sportdisziplinne kucken ze goen; lëtzebuerger Sportler ufeiere goen; déi génial Ambiance am Stadion mat kréien; Visiten am Olympeschen Duerf, op d’Agro-Police, Lëtzebuerger Ambassade; eis sozial mat anere Volontären aus aner Natioune mëschen; an eis op d’Plage ofkille goen.

No 3 Wochen an 3 Deeg huet sech eng super a flott Équipe zesummegebak! Mee ouni Preparatioun an Organisatiounstalenter, wei de Marc Theisen, Präsident vum COSL an d’Paulette Nicolay, Internationalen Commissaire vun der FNEL, wär eis Exploratioun an Expeditioun sécher net esou einfach iwwert d’Bühn gaangen... Dofir e Grousse Merci, am Numm vun eis 8!

Martine Nicolay

8 Rover vun der FNEL waren als Volontaire op d’Olympesch Spiller vun Athen 2004 hëllefen.

M. N

icol

ay/J

. Kon

sbru

ck

Page 9: deSCOUT 3/2004

deSCOUT 3/04

Vum 17. bis den 31. Juli ware ronn 400 Scoute mat op de Camp Fédéral vun der FNEL an der Géigend vu Budapest.

Vun den Aktivitéiten hier hu mer natierlech dat nämmlecht gemaach wéi all déi aner. Dat heescht Balaton, Budapest, Putzka, oder huet et anescht geheescht naja dat mat de Päerd, Aquarena, an dann en Hike a nach villes méi.

Zu onsen Nuetsaktivitéiten hunn ausser schlofen och Griewer gruewe wéinst dem Reen a Piquet’en aschloen, déi mer erausgezu krute, gehéiert. Oder awer och um Hike an der Wiss d’Schnuppenstären zielen (22 am ganze goufe gesinn). Naja, natierlech sinn um Sous-Camp och nach aner Saache gelaf, wéi Gebuertsdagsparty oder awer och stonnelaang Carré’en. Stonnelaang souze mer och am Bus oder besser gesot louche mer am Bus um Bueden ze schlofe fir ons vun onsen Nuetsaktivitéiten ze erhuelen. Du ware mer erëm all gutt drop.

Gutt drop ware mer och, wéi mer an de Restaurant waren (de leschten Dag a bei de Päerd) a mol nees eng Kéier net hu misse kachen an spullen. Botzen hun mer och ëmmer fläisseg gemaach, naja am Fong hunn ëmmer déi, déi e bëssen Dommheete gemaach hunn, d’Toiletten an d’Dusche gebotzt. Et war och ëmmer witzeg, wann een ageseeft ënnert dem äiskale Waasser stoung an op eemol war kee Waasser méi do, mee bon, et huet een da jo nëmme missen 1-2 Stonne waarden.

Sou, lo weess ech näischt méi iwwert de Camp ze zielen, wat net souwisou all Mënsch scho weess! Ausser vläit, dass de ganze Camp mega gäil war an ech hoffen, et huet jidderengem sou gutt gefall wéi mir!

CAMP an UNGARNJulie Kayser, Kiewerlecken

mäi CAMP

CAMP FEDERAL1716CAMP FEDERAL

Also… Wat soll ech iech dann iwwert Ungarn zielen?!? Bei ons um Souscamp 2 war ëmmer eng lass, wei der och am Goulasch konnt noliesen!

Phot

os: A

rchi

ves

FNEL

Page 10: deSCOUT 3/2004

deSCOUT 3/04

Samschdes, den 24. Juli ass en Tornado um Sous-Camp 3 iwwert d’Zelter a Richung Süde gejot. En huet vill Kéip Gras an d’Luucht gewierbelt. Et war eng grouss Opreegung bei de Scouten, well en hätt alles ewech blose kënnen. Ech hunn nogefrot, wéi déi aner um Sous-Camp de Spektakel fonnt hunn:

Vic (Wiselen)Et war mega-cool well et war eppes Eenzegaarteges, opreegend!

Benoît (Dachsen)Et war eng Ofwiesslung, well et emol eng Kéier keng Katastrof war, déi vun de Scoute provozéiert gouf. Et war mega witzeg.

Yasmine (Aigles)Et war onerwaart, ech hun et cool fonnt, dass et Hee gereent huet. Et wor déi éischte Kéier, dass ech een Tornado gesinn hunn an no derbäi war.

Max (Aigles)En ass zimlech iwwerraschend opgetaucht. Et war faszinant, well ech dat nach nie virdru gesinn hunn.

Julie (Aigles)Ech si mega frou, op dësem Sous-Camp ze sinn, well hei passéiert ëmmer esou eppes.

Dënschdes si mer moies an dräi Gruppen agedeelt ginn: déi “schnell” an zwou mëttelschnell bzw. lues Gruppen. Dunn ass all hallef Stonn eng Patrull/Grupp lass gaang. Et huet net laang gedauert, du wousste mer och schonn net méi genee, wou an op wéi enger Plaz op der Kaart mer eis befonnt hunn. Mir sinn emol einfach weider getrëppelt, mat eise “schwéiere” Rucksäck um Réck, bis mer eis iwwerhaapt net méi erëm fonnt hunn. Jojo, dat si richteg Scouten...

Nodeems déi éischt och scho mat jéimeren a mat kräischen ugefaang hunn, si mer endlech am Duerf ukomm, mee leider hate mer keng Kraaft méi, fir bis op d’Mëttesplaz ze goen. Dunn huet eis awer déi fein Hike-Equipe Waasser op déi Plaz bruecht, wou mir eis du niddergelooss hunn. No enger gudder Mëttegpaus si mer du weider bis op d’Nuetsplaz gaang. D’Nuecht war déck cool, well mir konnten ënnert fräiem Himmel schlofen.

Deen anere Moien hu mer emol Frühsport gemaach (Laurenzia), wou mer dunn emol gutt waakreg gi sinn (naja...). No enger gudder Stonn wore mer schonn op der Mëttesplaz, wou dunn déi dräi Gruppe beschloss hunn, trotzdem weider bis op d’Camp-Plaz ze goen. Jojo, an dunn hu mer eis emol erëm eng Kéier verlaf (wéi konnt et och anescht sinn?), mee du si mer awer no villem Bierg op an of heel ukomm. Wat wore mer frou, fir an eng gutt kal Dusch ze kommen, well mir hu gestonk a geschweesst wéi keen Zweeten. Igitt, Pfui!!

18CAMP FEDERAL CAMP FEDERAL19

FEI LEIT ginn zu FOUSSPatrull “NIL-Mir hu Stil” vum Sous-Camp 1

Eise mega strammen, awer och haarden Hike!

Um Sous-Camp 3 huet en Tornado vu 6m Duerchmiesser an 8m Héicht fir vill Opreegung gesuergt.

TORNADO um CAMPMax Bichel, Panthères Noires

Page 11: deSCOUT 3/2004

deSCOUT 3/04 ROVER2120ROVER

Philippe Mayer

Organiséiert gouf dëse Camp vun der RaRo-Branche vun der LGS, déi no 4 jäereger Virbereedung eng helle Wull un Aktivitéiten unzebidden hat. Ënnert anerem en Internationalen Dag, wou all Land sech konnt virstellen, Atelier’en zum Thema Wand an Äerd, e „Global Development Village“, Adventure-Aktivitéiten mat Klotergaard, Fun Games an och méi traditionell Aktivitéiten, wéi en Hike vun 2 Deeg oder Visiten.

Fir de gudde Fonctionnement vun dësem ganz geluedene Programm hunn iwwer 100 Staffleit gesuergt, ënnert deenen och 2 FNEL’s Scoute waren. Fir d’Stafféquipen huet de Camp awer schonns eng gutt Zäit virun der offizieller Ouverture ugefaangen, well wéi mer wëssen, vun näischt kënnt näischt, an esou gouf et och am Virfeld scho vill lëschteg Préparatiounsversamlungen, déi mat Sécherheet schonn am Virfeld zu der gudder Stëmmung ënnert den Équipë gefouert huet.

Richteg lass gaangen, ass et dunn eng Woch ier d’Participant’en komm sinn, nieft enger ganzer Wull vu Konstruktiounen, goufen Zelter, Duschen,Toiletten an alles wat sou eng kleng Stad sou brauch opgeriicht. Och dat wat sou e Camp un onerwënschte Saache produzéiert, huet misse géréiert ginn, an sou goufen souguer eng 700 Meter laang Ofwaasserleitung queesch duerch de Bësch bis op Lasauvage geluecht an en ausgeklügelt Recycling-Konzept ausgeschafft.

No dëse ganze Virbereedunge wor dunn alles prett, fir de Rover e flotte Camp ze erméiglechen, an sou war et dunn och den 22. Juli sou wäit. Vun der Gare an der Stad ass et mam Zuch Richtung Südengaang, an dat lescht Stéck bis op d’Camp-Plaz hunn d’Rover mam „Train 1900“, der Minièresbunn, an zu Fouss zréckgeluecht.

Wéi ëmmer ass et hei direkt mam Ariichte vun de Sous-Campë weider gaang an no enger klenger Veillée ënnert sech huet sech dunn den 2. Owend jidderee virun der grousser Bühn versammelt fir de Camp offiziell ufänken ze loossen.

Heifir hate sech d’Organisateuren e Spektakel, ënnert dem Thema vum Camp, déi „4 Elementer“, afale gelooss. Och d’Gestaltung vun der Bühn huet näischt ze wënschen iwwereg gelooss: op déi zwou Säite verdeelt stoungen 4 Tierm (10m héich), déi mat Effekter versinn eent vun den Elementer representéiert hunn.

Den Dag drop ass et dunn sou richteg lass gaangen, an déi éischt Aktivitéite sinn ugelaf, wou sech d’Rover vun deene 4 Sous-Camp’en amëséieren, informéieren oder physesch teste konnten.

Dëst war natierlech och beim Hike méiglech, deen d’Participant’en iwwer 2 Deeg an eng vun deene 4 Regioune vum Land gefouert huet. Hei hunn se net nëmmen hiert Geschéck mat Kaart a Kompass misse beweisen, mee och den Teamgeescht an dat logescht léise vu Problemer hu se réischt

zum Ziel bruecht. Och Segelen, Surfen, Kanufueren, Klammen, Ronnflich mam Fliger, an och, wéi d’ganzt Land sollt op spektakulär Art a Weis erfueren, Spéléo stoungen um Programm.

Tëschenduerch waren dann awer och nach ëmmer Aktivitéiten, déi all d’Leit ëmmer erëm zesummebruecht hunn. Concert’en, eng grouss Feier vir d’Rover, oder all Owes och de Bar an d’Chill-Out Zone, wou déi verschiddenst relaxéierend Aktivitéite gelaf sinn, mee och grouss Fussballs- oder Volleyballsmatcher.

Natierlech war och dëse Camp rëm vill ze séier eriwwer an no 10 Deeg, villen neie Frëndschaften, super Aktivitéiten an enger genialer Stëmmung, ass dunn och de 4U

4U, dat wor de Numm vum internationale Rover-Camp zu Lasauvage, deen 300 Scouten a Guiden aus 25 Länner a vu 4 Kontinenter zesummegefouert huet.

RANGER-ROVER 4U

mat enger Ofschlossfeier op en Enn gaang. Hei ass dann nach eng Kéier vill gelaacht ginn, och iwwert déi kleng Pannen déi bei

sou engem grousse Camp ëmmer emol virkommen, an no enger kuerzer Nuecht, wou nach eng Kéier sou richteg gefeiert gouf, wor dann deen Daag do, dee kee Scout sou wierklech gär huet, den Daag wou et rëm heem geet.

Vun deem Moment u geet et da ganz séier, vir t’éischt sinn all d’Zelter fort a kuerz drop och all déi Leit, mat deenen een déi lescht 10 Deeg verbruecht huet. An esou bleift nach just eng eidel Wiss iwwereg an natierlech d’Fro, wéini et erëm op deen nächste Camp geet. Déi Kéier da vläicht op en internationale FNEL’s Camp ?

Photos: LGS

Page 12: deSCOUT 3/2004

deSCOUT 3/04

Dans le but d’améliorer les conditions

de scolarité des enfants au Honduras,

la FNEL-ONGD, en collaboration avec

l’ESED, (Européens solidaires avec

l’enfance démunie) est en train de

construire des locaux aux élèves du

secondaire dans le village de Punuare,

province de Olancho au Sud-est du

Honduras.

Actuellement, il n’existe au village

qu’une seule école, nettement surchargée:

elle abrite l’école primaire le matin, et

le niveau secondaire l’après-midi. La

communauté fait de son mieux pour la

maintenir, mais l’école est clairement

insuffisante pour accueillir les enfants

dans des conditions pédagogiques

minimales.

Depuis plusieurs années, le « Patronato

Pro-Mejoramiento Comunal de la

Aldea de Punuare » (Comité pour le

développement communal du village de

Punuare)- notre partenaire local- demande

au gouvernement la construction d’un

Intitulé de l’action : Construction d’une école rurale secondaire « San Jorge de Olancho » située dans le village de Punuare, à l’intérieur du Honduras.

Localisation de l’action: Honduras, Département d’Olancho, village de Punuare.

HondurasDilcia Figueroa

Présentation du Projet FNEL 028

22ONGD ONGD23

Phot

os: O

NG

D F

NEL

Page 13: deSCOUT 3/2004

deSCOUT 3/04

de formation professionnelle pour toute

la zone avoisinante comprenant toute

une série de villages dispersés. Nous

avons profité de notre séjour au Honduras

pour contacter les autorités éducatives

qui pourraient décider de doter, à charge

du budget de l’éducation publique, la

nouvelle école de professeurs spécialisés

de l’enseignement professionnel. Ainsi,

des contacts ont été noués dans ce sens

avec la Vice-ministre de l’Éducation et

la Directrice Régionale de l’Éducation à

charge du département de Olancho. La

proposition a été très bien accueillie, malgré

les restrictions budgétaires existantes et

nous sommes maintenant dans l’attente

d’une décision administrative formelle.

Si cette transformation en centre de

formation professionnelle était possible,

l’ESED et la FNEL-ONGD seraient prêts

à construire à partir de 2006, un module

supplémentaire afin d’y prévoir de la

place pour les adolescents de la région.

deuxième bâtiment, sans aucun succès.

C’est pourquoi, tout le village de Punuare

s’est engagé dans la réussite du projet:

le Patronato a apporté le terrain, les

matières premières de la région (sable,

pierres) et les villageois ont fait le travail

de défrichement, de nettoyage et de

préparation du terrain etc.…

En ce mois d’août, une délégation de la

FNEL-ONGD et d’ESED a visité le projet

et a constaté que celui-ci s’est déroulé très

bien et l’état d’avancement est conforme

aux prévisions. Vous pouvez constater sur

les photos que les murs de tout le bâtiment

sont achevés ainsi qu’une partie des toits,

des portes et des fenêtres. Nous espérons

que le reste sera prêt pour la prochaine

rentrée scolaire en février 2005. L’école

compte déjà maintenant des professeurs

pour les trois premières années du

secondaire et quelques 300 élèves.

Au cours de cette visite, les villageois

ont manifesté leur ambition de faire de

l’école secondaire de Punuare un centre

24ONGD ONGD25

Page 14: deSCOUT 3/2004

26RONDEREM deSCOUT RONDEREM273/04

wëllkomm geheescht hunn. Weider goung et du mat der Finale vun der Trophée du Commissaire Général, déi dëst Joer d’Aigles aus dem Rolléngergronn fir sech entscheede konnten.

De Pow-Wow war awer och, ewéi ëmmer, d’Geleeënheet, fir Belounungen ze verdeelen: “Bonne Meute” a “Leaping Wolf” fir déi Wëllefchers-Meuten resp. Wëllefcher, déi besonnesch gutt geschafft hunn, bei de Scouten goufe “Bonne Patrouille” a bei den Explorer “Unité Pilote” verdeelt. Och d’Kandidaten, déi hir Formatioun mat Succès ofgeschloss hunn, kruten hir Brevet’en an hunn hiert Verspriechen ofgeluegt. Méi oder manner Jonker goufe geéiert, mam “Laurier d’Or” oder mam “Sanglier d’Argent” fir gutt Aarbecht an hirem Grupp oder an der FNEL.

Zum Schluss goufen d’Responsabel vum Camp Fédéral an Ungarn virgestallt a krute vum Commissaire Général Pierre Matagne eng schéi Rees a vill Spaass mat de ronn 400 Scoute gewënscht. Mat der Chaîne des Adieux gouf dunn net nëmmen de Pow-Wow, mee och d’Scoutsjoer 2003-2004 ofgeschloss.

Op de Wise ronderëm de Piwitschen hirem neien Home “Anita Reuter” hu sech vu moies u ronn 750 Scouten op eng Rees duerch d’Mëttelalter gemaach. Op ville flotte Poste konnten d’Beaver, d’Wëllefcher, d’Scouten, d’Explorer an d’Rover dës Zäit vu méi no kenne léieren.

Mir kënnen hei natierlech net alles opzielen, mee fir all Alter war eppes do: et gouf Brout um Feier gebak a Fakelen aus Wuess a Léngent gemaach, op e puer Plaze ware Ritterturnéier, z.B. op hëlze Päerd oder mat Speerwäerfen an och op grousse Maschinnen aus Beemstämm konnt een seng Geschécklechkeet beweisen. Déi artistesch veranlagt konnte beim Schmatt Aarmbänner aus Eise maachen oder Mënze schloen. Och Kreiderhexen hunn am Mëttelalter eng wichteg Roll gespillt a si hunn natierlech och zu Capellen net däerfe feelen. Et konnt deemno jiddereen eppes fir säi Goût fannen an déi meescht hu bestëmmt och nach dat eent oder dat anert bäigeléiert.

Nomëttes war dunn deen offiziellen Deel vum Pow-Wow. Deen huet ugefaang mat de Riede vum Nationalpresident vun der FNEL Alain Georges an der Presidentin vun de Caper Piwitschen Alice Ruppert-Hemmen, déi d’Scouten an d’Éieregäscht

POW-WOW zu CAPELLENJacques Degardin

Den 11. August haten d’Caper Piwitschen op den 82. Pow-Wow agelueden.

Phot

os: Ä

nder

Hat

z (4

), Ja

cque

s D

egar

din

(2)

Page 15: deSCOUT 3/2004

28RONDEREM deSCOUT RONDEREM293/04

ASSEMBLEE GENERALEClaude Freistroffer

“Gees de mat op d’Assemblée?” “Jo sécher, et muss ee jo bal!”Esou ähnlech Dialogen si bestëmmt ze

héiere wann et em eent vun de wichtegsten Evenementer vun engem Scoutsjoer geet. D’Ursaache firwat een dann elo geet si verschidden: vun echter Iwerzeegung iwwert eng Invitatioun fir déi eng oder aner Auszeechnung ze kréie bis hin zur einfacher Mussesaach well déi neideg Leit gebraucht gi fir iwwert eppes ofzestëmmen, wäert wuel alles dobäi sinn.

Dëst Joer war se dann am Centre Culturel zu Colmar-Bierg bei den Hirsch. No den übleche Rieden a Begréissungen, de Rapport’en an dem Programm fir dat neit Joer vun de Branchen, der Formatioun an dem Trésorier si mer dann zum Haaptpunkt komm: d’Passation du Pouvoir vum Commissaire Général dem Pierre Matagne, deen no 6 Joer déi Charge dem Martine Faber-Schmit iwwerléisst.

Dem Martine seng Ried war dann och ganz erfrëschend an huet d’Richtung tracéiert an déi d’FNEL déi next Joere goe wëllt, mat folgenden Themen déi d’FNEL mat de Cheffen diskutéiere wëllt:- Schafe vun 3 neie Gruppen an 3

verschiddene Regioune bis 2007- international Kontakter verbessere mat

Projeten mat Palästina/Israel, mam Cap Vert an awer och mat auslännesche Jugendlechen hei zu Lëtzebuerg

- Ausschaffe vun engem globale Konzept fir den Image vun der FNEL ze dynamiséieren

- Integratioun vu benodeelegte Jugendlechen- an als leschte Punkt soll iwert Coéducatioun

an de Branchen nogeduecht ginn.

Nom Mëttegiessen (Goulasch, sécher als Erënnerung un de Fédéralscamp an Ungarn) ass et da mat der Réunion des Chefs weider gaangen.

Hei stoungen dann als éischte Punkt Atelieren zu den Themen, déi moies an der Assemblée ugeschnidde goufen, um Programm. D’Animateuren déi dës Ateliere geleet hunn, fréier Scouten, ware ganz bewosst ausgewielt ginn an hate schonn eng gewëss Distanz zur FNEL. Hinnen op jidder Fall ee grousse Merci. D’Presentatioun vun deem, wat an de verschiddenen Équipen op d’Blat komm ass, ass als gudden Ufank ze verstoe gewiescht, all Thema soll während dem Joer intensivéiert ginn.

No enger kuerzer Paus hu sech d’Cheffen dunn opgedeelt, fir an hir respektiv Branche-Versammlungen ze goen, fir de Programm vum kommende Joer virzebereeden.

Bleift dann elo nach d’Fro ze beäntweren ob den Dag dann elo eng Mussesaach ass oder net; vläicht geet ee jo och just dohi fir seng Kollegen zeréck ze gesinn - an dat ass bestëmmt och ee ganz gudde Grond.

Gekoppelt mat der Réunion des Chefs ass dëst Evenement de Startschoss an en neit Scousjoer.

REUNION des CHEFSClaude Freistroffer

Phot

os: Ä

nder

Hat

z

Page 16: deSCOUT 3/2004

30RONDEREM deSCOUT RONDEREM313/04

Formation: Diplômes

1er Cycle (Aide-Animateur)Beaver (Assistant Chef de Colonie)Anne BUCHLER, Kiewerlecken StrassenCarole LENTZ, HOGA LuxembourgCaroline BRAUSCH, Les Castors SyrdallIsabelle STRAUSS, Feldmais EhlerangeLucie LIONTI, Peaux Rouges DudelangeMichelle VREHEN, Les Loutres Mersch

Wëllefcher (Assistant Chef de Meute)Agata KRAL, Les Loutres MerschAmy KOHN, Lions Bleus BonnevoieAnne LIMPACH, Lions Bleus BonnevoieAnne MEYER, Luusseg Quachlecken EchternachAnne SCHACKMANN, Aigles RollingergrundCaroline MARTIN, Les Castors SyrdallCathia NEU, Dachsen DippachChristian ROTH, Well Sai SteinselFelix NOTHAR, Däereldéieren BridelLaura ALLDIS, Dachsen DippachLisa KLEMANN, Aigles RollingergrundLynn ROB, Dachsen DippachMyriam ELAARRAD, Aigles RollingergrundNicolas JOST Kiewerlecken StrassenPatsy HATZ, Lions Bleus BonnevoiePhilippe SERVAIS, Däereldéieren Bridel

Scouten (Assistant Chef de Troupe)Andy HENDRIKS, Panthères Noires LorentzweilerBen SUTTOR, Bisons Futés FrisangeChantal HERMES, Piwitschen CapCharlotte WIRION, Aigles RollingergrundChristoph BOCK, Greng Scouten DudelangeGrégory COLLETIN, Lions Bleus BonnevoieJessica CIGRAND, HOGA LuxembourgJessica REDING, Well Sai SteinselMaxi LEYDET, Lions Bleus BonnevoieSven GOUDEN, Bisons Futés FrisangeTrixie FEIDER, Aigles Rollingergrund

Explorer (Ass. Responsable d’Unité)Dominique WICKLER, Piwitschen Cap Joël FISCHER, Lions Bleus BonnevoieLaurent CREMER, Lions Bleus BonnevoieTom BACKES, Les Castors Syrdal

Laurier d’OrChristian BETZEN, Well Sai SteinselGeorges CAMPILL, Mamer WiselenMarco CHRISTEN, Mamer Wiselen Anette CIGRAND, HOGA LuxembourgMartine FELLER Brigitte GARAND, Piwitschen CapRené GLODEN, HOGA LuxembourgGeorges LENTZ, HOGA LuxembourgSimone MEYERS-WIES, HOGA LuxembourgPatty NEY, Mamer WiselenMichel RUPPERT, Piwitschen CapNathalie SCHWEICH, Kiewelecken StrassenSandy SPIELMANN, Mamer WiselenCorinne SPODEN, Piwitschen CapMady WEGENER, Greng Scouten Dudelange Dennis WEZENBERG

Distinctions honorifi ques

Mérite Scout (25 Joer)Christiane REDING, Greng Scouten DudelangeLouis BONN, HOGA LuxembourgRené EIFFES, Peaux Rouges DudelangeLuc KRAUS, Les Loutres MerschJo BRANDENBURGER, Les Loutres MerschAnne GROFF, Piwitschen CapIsabelle KAYSER, Piwitschen CapLuc URYFrançois TURKYves BLASENNancy BROSIUSMargot GUILLONGinette GUILLONJosiane KAISER-HINGER

Mérite Scout (50Joer)Marguerite MARSON-BEFFORT, Aigles RollingergrundAuguste PESCHON, HOGA LuxembourgGuy AACH, HOGA LuxembourgLéon ALFF, HOGA LuxembourgRoger KRANTZ, HOGA LuxembourgRudi VON GRAES, Greng Scouten DudelangePierre NIELES, Greng Scouten DudelangeMarco EWERARD, Greng Scouten Dudelange Jean CLEES, Greng Scouten DudelangeNicolas BENASSUTI, Greng Scouten Dudelange Louis DICKES, Greng Scouten Dudelange

Nestor HEROS, Greng Scouten DudelangeNicky KLEIN, Peaux Rouges DudelangeBenny CLAUSSE, Peaux Rouges DudelangeRené GOORIX, Peaux Rouges DudelangeVince ZAPPONE, Peaux Rouges DudelangeNico FOUARGE, Peaux Rouges DudelangeRené LOOS, Peaux Rouges DudelangeJeanny BRASSEURHenri CASELPaul GEDITZSimone GEHLEN-DIEDERICHGeorges HAUSEMER René LECORSAIS Jos LOSCHETTERJulien MEYER Robert SUNNENAdeline TIDICKCharles TURK Renée WELL

Sanglier en ArgentMartine FABER-SCHMIT

Golden Rhino (Nepal Scouts)Eugène BERGERPierre MATAGNEPaul GEDITZ

2e Cycle (Animateur)Beaver (Chef de Colonie)Alexandra SCHNEIDER, Peaux-Rouges DudelangeLaurence MERES, Piwitschen CapGilles MARTIN, Les Castors SyrdallLynn FEYEREISEN, Les Castors SyrdallCorinne SCHOOS, Dachsen DippachPatrick GRAAS, Les Loutres Mersch

Wëllefcher (Chef de Meute)Kirsten TOMBS, CBDM LuxembourgMartine MOECHER, Lions Bleus BonnevoieJeff BAUER, Kiewerlecken Strassen

Scouten (Chef de Troupe)Cathy GIRARDIN, Greng Scouten DudelangeJulie KOHN, Hirsch Colmar-BergCarole JACOBY, Les Loutres MerschPhilippe ROBILLARD, Robert Schuman

Explorer (Responsable d’Unité)Thierry WINCKEL, Peaux-Rouges Dudelange

3e Cycle (Woodbadge)Carole CAHENCaroline DELLEREMarc LAUXVéronique SCHOTT-WAGNERSteffen TROCH

Trophées

WellefcherLeaping WolfPhilippe MAJERUS, Bisons FutésLouis KERSCHEN, CBDMMax BEIDLER, Greng ScoutenJulia DEGREMONT, KiewerleckenBrian DIEDERICH, KiewerleckenStephanie DONDELINGER, KiewerleckenFrançoise PUNDEL, KiewerleckenCarole SCHWEICH, KiewerleckenTom SIERADZKI, KiewerleckenCharel BLESER, PiwitschenTom COLOMBO, Piwitschen

Bonne MeuteAigles RollingergrundCBDM LuxembourgGreng Scouten a Guiden DudelangeKiewerlecken Strassen

ScoutenBonne PatrouillePatrull Draach, Piwitschen Cap

Patrull Fuuss, Greng Scouten Dudelange

Patrull Miissercher, Lions Bleus Bonnevoie

Patrull Pinguin, Bisons Futés Frisange

Patrull Stenkert, Wiselen Mamer

Gewënner vum ExploPatrull Superdreckskëscht, Dachsen Dippach

ExplorerUnité PiloteHOGA Luxembourg

Les Loutres Mersch

Badge PiloteJeff FISCHER

Distinctions honorifi ques

Page 17: deSCOUT 3/2004

32ÄER SÄITEN deSCOUT ÄER SÄITEN333/04

e CAMP VOLANT zu 4Manou Ginter, Wëll Sai

Dënschdes, den 1. Juni sollten d’Mamer Wisele sech mat de Wëlle Sai op der Gare an der Stad treffen. Mir hate vir, 4 Deeg laang queesch duerch Lëtzebuerg ze wanderen an ons gutt ze ameséieren.

Wéi mir op der Gare ukomm sinn, hu mir och schonn déi éischt Iwwerraschung erlieft. Mir waren nëmmen zu zwee Scouten !! Mir sinn dunn an de Bus fir op Konsdref geklomm. Wéi mir ukomm sinn, huet d’Liinchen, ech wees net fir d’wéivillt, seng Carrymat am Bus leie gelooss! Naja, dat war dunn och net sou schlëmm, well hatt dat jo scho gewinnt ass, ëmmer iwwerall eppes ze vergiessen.

Mir sinn also op eisen Trajet vu Konsdref op Bäerdref gaangen. Ënnerwee huet d‘Liinchen e bësse „Quizmaster“ gespillt: ëmmer wa mir e Bam gesinn hunn, huet hatt gefrot wéi een dass dat da wier; an déi Nohëllefstonn konnte mir och gutt gebrauchen! Ausserdem hate mir d’Geleeëenheet, fir an e puer Höhlen ze goen. Am Mëllerdall hu mir dann ons, oder besser gesot, dem Liinchen seng Bidon’en opgefëllt, well mir dräi Hännessen ons vergiess haten! Dat ass wierklech net sou praktesch op engem Camp Volant. E bësse méi spéit hu mir eis eng gemittlech Plaz gesicht, wou mer e Feier gemaach a

gutt zu Mëtteg giess hunn, well en eidele Mo ass eng uereg Plo!;)

Am zweeten Deel vun eiser klenger Rees deen Dag ass näischt Extraes méi virgefall, ausser dass et eng Kéier staark gekraacht hat, wéi ech op e Fiels wollt klammen. Dat war meng Box! Mee dat war net weider schlëmm, well et nëmmen e klengt Lach war.

An der Holay zu Bäerdref ukomm, hu mir ons no der Inspektioun vun dëser flotter Géigend mol installéiert, an du souze mer ganz gemittlech ronderëm d’Feier bis mir d’Iesse bruecht kruten. Well mer nëmmen zu sou wéineg waren, konnte mer net alles schleefen. Ech hunn also eng kleng Këscht mat Iessaache gedroen a wéi ech se ofsetze wollt, huet et nees kräfteg gekraacht, a lo war e risegt Lach iwwert

de ganzen Hënner a menger Box! Et huet awer kee gestéiert an dofir hu mir mat onsem Owesiessen ugefaangen: eng gutt Bauerenomelett! Dat nächst wat nees eng komme gelooss huet, war d’Liinchen: hatt huet et fäerdegbruecht, fir seng ganz

waren och nach aner Leit an der Piscine, do hu mer geduecht et ka jo net sou schlëmm sinn. Also hu mir eis ganz motivéiert fäerdeg gemaach fir an d’Waasser, well mir gemengt haten, dass et gehëtzt wier. Mee et war trotzdem zimlech kal !! Lo stounge mir do an der Schwammbox an hunn eis iwwerwonnen a sinn dragesprong. No zwou Minutte ware meng Hänn an dem Floor seng Féiss ganz wäiss. Ier mir rausgaange sinn, si mir nach e puer mol d‘Rutschbunn erofgerutscht. Also um Bauch geet et wierklech am séiersten. An d’Floor war souguer ëmmer méi séier wéi de Jeff, well seng Schwammbox näischt ass fir sou anzwousch erofzerutschen! An du séier an d‘waarm Dusch; naja, e puer Grad méi hätten do och net geschuet!

Well mir nach e bëssen Zäit haten ier de Bus koum, si mir nach an eng Bäckerei gaang, fir e waarme Schoki ze drénken an d’Bäckeschfra mat eise Spiller ze ënnerhalen. Déi läscht Iwwerraschung koum dunn och nach: wéi mir op der Bushaltestell stoungen, ass de Bus komm, mee amplaz stoenzebleiwen, ass hien einfach laanscht gefuer! Mee ier mir eis konnten opreegen (d’Liinchen huet sech zwar schonn de Kapp zerbrach, wéi mer da lo géingen heemkommen), ass de Bus awer erëm laanschtkomm: en hat e bësse méi wäit just d’Kéier gemaach !

Sou, dat war et! Sou ass e mega coole Camp zu 4 zu Enn gaang, a jiddereen deen net matgaang ass, huet eppes verpasst !

Gamelle mam Iessen ëmzegeheien. Tja, domm gaang, da muss du ebe vum Buedem iessen!( ;-) ) Schued, dass mir kee Maillot Jaune dobäihaten. Ier mir schlofe gaang sinn, hu mir eis nach e puer Geschichten erzielt, an sou ass deen éischten Dag eriwwergaang.

Nodeems mir méi oder wéineger gutt geschlof haten, goufe mir vun engem zimlech nervösen Kaweechelche moies erwächt, wat net opgehalen huet op engem Bam Kaméidi ze man. Ech, „Gléckspilz,“ hat e Raup an den Hoer, deen ech du vu Schreck ganz séier ewech gehäit hunn.

Nom Kaffi hu mir eis rëm op de Wee gemaach fir op Beefort, wou mir virhate schwammen ze goen. D’Wieder huet moies och super ausgesinn! Um Wee hu mir rëm e puer Höhlen gesi mat Tonne verwénkelte Weeër an Trapen iwwerall, mir sinn duerch eng riseg Wiss an duerno e mega steile Bierg eropgaang. Als Belounung hu mir Packalu (oder sou ähnlech) giess.

Bis dohin huet jo alles gutt geschéngt, mee knapps ware mir fäerdeg mat iessen, huet et ugefaang schrecklech ze reenen. A vu dass een am Bësch genau sou naass ginn ass wéi um Feld, si mir einfach iwwert d’Felder op Beefort an deen éischte Café gestierzt. Mee mir hate jo schonn décidéiert fir an d’Piscine ze goen a jidderee war nach ëmmer domat averstan, an dofir si mir trotz dem Wiederëmschwong dohi gaang. Mëttlerweil hat et jo och opgehalen ze reenen an et

Phot

os: C

arol

ine

Del

leré

Page 18: deSCOUT 3/2004

34ZU GUDDER LESCHT deSCOUT ZU GUDDER LESCHT353/04

Vic Jacoby, 19. Sep Mir hun eis schon bestemmt all gefroot wei soll e Contrakt ausgesinn fi r en Scoutshome ze verlounen ? Waat solle mer froen derfi r ? As daat dann elo net awer ze deier ? OK daat as gudd mee Kiichen as net equippeiert oder kascht dann nach Oppreis ! Mir Loutres sin am gaangen e neien Contract op Been ze stellen a sammelen dofi r hei op desem Wee gären e puer Meenungen waat verschidde Leit schon bei emgem Kontrakt genervt huet oder waat wirklech eng gudd Idee war

Tania Schmit, 20. SepEch sin am booking Team vun de GS an mir hun eis e Kontrakt gebastelt an zwar op Daitsch-Franzéisch an Englesch. Mir wieren interesséiert en Austausch mat aaneren ze maachen. Mellt iech mol hei déi nach interesséiert sin. -Get et en Kontrakt fi r de Misaireshaff????? Dann kéinte mir deen jo och mol als Virlag huelen. -mir hei zu Diddeléng hun keen Règlement dʼordre intérieur? wien huet sou eppes an dingt dat iwwerhaapt eppes???

ECH SCHWÄTZE MATZur Réimerzäit war de Forum Maart- a

Veersammlungsplaz. Hei goufe Neiegkeete verkënnegt, ausgetauscht an diskutéiert. Et gëtt och e Forum vun der FNEL, zwar ouni Pavé a Bänken, mee um Internet. Des virutell Plaz ass op fi r jidder Scout, dee wëll mat gläichgesënnte seng Erfahrungen austauschen. Dat kënne suwuel Iddië si fi r Aktivitéiten, Informatiounen iwwer Camp’en oder Reglementer, Diskussiounen iwwer Saachen, déi engem méi oder manner gutt gefalen, asw.

Wéi geet dat? Ganz einfach: um Site www.fnel.lu fannt der uewen e Link “Forum”, deen iech direkt op déi Säit bréngt. Ausserdem sinn op der éischter Säit och déi 5 lescht Beiträg opgelëscht, wou een direkt op dat neisten Thema weidergeleet gëtt. De Forum selwer ass a verschidde Beräicher ënnerdeelt: General Scouting, wou méi allgemeng mateneen diskutéiert gëtt, bei Events geet et méi ëm Aktivitéiten, da gëtt et nach Internet, Informatiounen a Second-Hand Shop. En anere groussen Deel huele Fiches Techniques an: fi r Spiller, Bastelen, Iessen asw. Des Sammlung vu Fiches Techniques ka vu jidderengem benotzt ginn, gläichzäiteg kann a soll een och eegener dropsetzen, fi r dass aner Leit kënnen dovu profi téieren.

Nach e klengen Tipp: wann der iech am Forum aschreift, kënnt der déi gelies an ongelies Message sortéieren an en E-Mail kréie wann eppes neies bäikomm ass.

Op www.fnel.lu gëtt et e Forum. Wat ass dat a wéi gebrauchen ech dat? Eng kleng Anleitung...

Verlounung vum Home

Wou? Wéini? Mat wiem? Weist eis, wou der et am léifste maacht: deSCOUT liesen.

CONCOURS

- Eleng oder zu puer op der Foto- Lescht Editioun vum deSCOUT- Fotoen un [email protected] De Gewënner

gëtt op deser Säit

veröffentlecht a kritt seng Foto

als Poster

Page 19: deSCOUT 3/2004

36ZU GUDDER LESCHT deSCOUT ZU GUDDER LESCHT373/04

Martine Feller

de klenge SCOUT

Mir begéinen em iwwerall: moies d‘Zeitung um Kaffisdësch,d‘BicheranderSchoul,wanneend’BréifboîteopméchtassallesvollBréiweraReklammen...;enasssougueropderToilette-dePabeier.Anochdatwat’sduelolies,assopPabeiergedréckt.Meefirwat dann dee ville Pabeier? Fréier,wou et nach kengFotokopiesmaschinngouf,dohunnd’LeitallWuertselwermissenofschreiwewasienTextwolltekopéieren.HautklickemirengKéier, a schwupps... de Printer dréckt einfach emol esou 200Säiteneraus...déieenamFongguernetgebrauchthuet!5Säitewierenduergaang.Meehautassdatjonetesouwichteg...fireisvläichtnet...meefird’Beemschonn!DatwichtegstMaterial,ausdeemdePabeierproduzéiertgëtt,assHolz-alsoeRohstoffdeennetausgeet,meenowiisst.WamiralsomatMoossendomatëmginn,dannaasdatkeeProblem.MeeeBambrauchengganzReiJorebisegroussass-matengemLaser-PrinterkannenopjidderFallnetmathalen.EiseVerbrauchuPabeierasseevundeGrënn,firwatallJoergrouss Flächen u Bësch emgehaë ginn.All Mënsch verbrauchan derMoyenne ronn 600 Gramm Pabeier am Dag. 90% vundeBeem,déifireiseGebrauchuPabeierofgeholztginn,kënntausdemAusland,souguerkanadescharusseschBëschergifireis ëmgeseet.Amplazgimeeschtens nei Beemgesat,mee datsinn dacks Zorten, déi séier wuessen - Fichten oder Kiefer.VerschwonnesinnanderZäitawernetnëmmendéialBeem,mee ochmeeschtens d‘Déieren an d‘Planzen, déi an deem aleBëschgeliefthunn.All5teBammdeegehaëgëtt,lantanengerPoubelle.Etheeschtalsospueren,firdassdeBiergvuPabeiernetnachméigroussgëttand‘Bëschernachméikleng...

EnHeftfirDäitsch,eentfirFranséisch,eentfird’Vokabelen,eentfird’Rechnen...PABEIER PABEIER -iwweralldeePabeier!

Mai Baitrag fir d’Emwelt: ech verzichte vun

elo un op meng Zensuren, Prufungen a Kaarte

fir der Boma Merci ze soe fir dee fotte Cado

Hiwwele man amplaz vu Bierger

CONCOURSBravo un d’Carole Schweich vun de Kiewerlecken, wat als Eenzegt de Concours aus dem leschte klengeSCOUT richteg beäntwert huet a vun eis d’Dschungelbuch geschenkt kritt.

Hiwwele man amplaz vu BiergerAll Ziedel huet 2 Säiten, fi rwat also net och op déi 2 Säite schreiwen?

De Pabeier deen ech net méi brauch emdréinen an nach eng Kéier huelen - op d‘mannst als Ziedel fi r ze kritzelen!

Wie liest dann all déi Reklammen? Déi meescht lande souwisou an der Poubelle! E klengt Apsebild mat „Keng Reklammen w.e.g.“ geet duer, fi r e Pak Pabeier ze vermeiden.

Du brauchs:• 3 Säiten Zeitung (oder

aneren ale Pabeier)

• 1 Stéck ale Kleederstoft

• 1 grousst aalt Handduch

• 1 Mixer

• 1 Schossel (fir ze réieren)

• 4 Tase Waasser

• 1 Biitchen oder eng flaach Schossel

• 1 Gitter fir Mécken/Moustiquen dobaussen ze halen (net mei grouss ewei d’Biitchen)

• 1 Bak-Rull

An esou geet et:1. Lee d’Handduch op den Dësch an dorop

d’Stéck Stoft.

2. Rapp den ale Pabeier a kleng Stécker a maach en an d’Schossel.

3. Schëtt 4 Tase Waasser derbäi.

4. Verréier dat Ganzt mam Mixer zu Bräi.

5. Fëll d’Biitche mat Waasser (3 cm), schëtt de Bräi dran a verréier dat Ganzt.

6. Elo zapps du d’Méckegitter an d’Biitche bis de Bräi driwwer leeft, du hiefs d’Gitter liicht u fir dass d’Waasser ofdrëpst.

7. Du hëlls d’Gitter mam Bräi eraus a kipps et an engem Coup em op d’Stéck Stoff.

8. Elo fiers du mat der Bak-Rull gutt fest driwwer fir dass de Rescht Waasser erausleeft.

9. Du kanns d’Gitter elo lassman an d’Stéck Stoft mam Pabeier op d’Léngt hänke fir ze dréchnen.

10. Du kanns elo däi neie Pabeier vum Stoft lasszéien... a färedeg ass et!

Mir maache selwer Pabeier

Page 20: deSCOUT 3/2004

38ZU GUDDER LESCHT deSCOUT ZU GUDDER LESCHT393/04

3FROEN

Wei fillt ee sech als frëschgebakene Commissaire Général vun der FNEL?

Ech fille mech erausgefuerdert an an zappelecher Erwaardung vun deem, wat mer

wuel zesummen ëmsetze wäerden a wéi mer et uginn. Dass dat Ganzt elo och nach e

gewësse Stress ausléist ass wuel näischt Extraes.

Wat ass eigentlech e Commissaire Géneral?

Genee wéi de Generaldirekter vun enger Firma, definéiert de CG d’Richtlinnen an awer

och d’Strategieë vun der FNEL an dat zesumme mat senger Equipe: Commissaires au

Programme, à la Formation an dem Secrétaire Général. Déi Décisiounen, déi hei am

enke Krees geholl ginn, mussen awer op verschiddenen Niveau’en gestëmmt ginn:

Comité de Direction, Conférence Permanente des Groupes an Assemblée Générale.

Et ass also net sou dass hien alles selwer kann décidéieren.

Do dernierft ass hie responsabel fir d’internt Fonctionnement vun der FNEL,

d’Cohésioun tëscht de Gruppen. Hien ass awer och den éischte Représentant vun

der FNEL bei den Administratiounen, den Eltere vun sengen Memberen an der

Société civile.

Wat sinn deng Prioritéiten, respektiv, wat läit dir als Commissaire Général ganz

besonnesch um Häerz?

E freedegen, ustiechenden Dynamismus an onse Scoutsaktivitéiten,

Opgeschlossenheet an eng gesond Risikofreedegkeet fir nei Weeër ze goen. Ech sinn

näämlech iwwerzeegt, dass dat déi effikassten Aushängschëlder (Image) sinn, déi

mer eis als FNEL kënne ginn.

Vum Anne Kaiffer un d’Martine Faber-Schmit, neie Commissaire Général vun der FNEL.

däi SCHLOFSAKClaude Freistroffer

De Schlofsak huet déi schwéier Aufgab, de Kierper an enger kaler, däischterer Nuecht waarm ze halen. Du solls op 3 Saachen oppassen: Wäermleeschtung, Pakgréisst a Gewiicht.

Doraus ergëtt sech dann och scho seng Form: nämlech Mumieförmeg. Virdeel: nëmmen esou wéineg Material wéi néideg, de Foussdeel erwiermt sech méi schnell a verhënnert esou kal Féiss, dee breede Schëllerdeel erlaabt awer onageschränkt Bewegungsfräiheet.

De Grondprinzip vum Schlofsak ass et, esou vill Loft an esou vill klenge Kummere wéi méiglech anzefänke fir doduerch d’Isolatioun ze garantéieren. Zwee Materialie ginn dofir gebraucht: Daunen oder Konschtfaser.

Daunen, meeschtens am Verhältnis 80% Daunen/20% Fiederen, sinn a punkto Gewiicht, Isolatioun a Wuelbefannen ongeschloen - se hunn awer ee ganz groussen Nodeel: esoubal se naass oder och nëmme fiicht gi verléieren se hier Isolatiounsfähegkeet a fir se neess dréchen ze kréien dauert et nawell seng Zäit.

Konschtfaser huet an de leschte Joren eng rasant Entwécklung matgemaach a garantéiert haut déi nämmlecht Wäermleeschtung wéi Daunen, mam Virdeel vu relativer Onempfindlechkeet geintiwwer Fiichtegkeet an en plus dréchent se vill méi schnell. Och de Präis ass méi niddereg.

D’Baussematerial soll méigléchst loftonduerchlässeg a waasserofweisend sinn. Banne soll d’Material dann e gudden Schlofkomfort garantéieren: 1/4 Liter Schweess muss no baussen transportéiert

ginn a virun allem soll et hautsympatesch sinn.

De Schlofsack ass kaaf, hoffentlech net ze grouss, well soss muss zevill Loft erwiermt ginn; elo gëllt et nach, e richteg ze gebrauchen. Ganz wichteg: doheem ni ogerullt am Paksak an de Schaf leeën, mee ëmmer ausgerullt an de Schaf hänken, net ze oft wäschen (doduerch leid d’Wärmleeschtung besonnesch vill, gutt lëfte geet meeschtens duer). Eng super Alternativ ass ee sougenannte Jugenherbergschlofsak deen an dee «richtege» Schlofsak kënnt - aus Seid ass et de pure Luxus a kann onbedenklech an esou oft wéi néideg gewäsch ginn.

Da muss een natierlech oppassen, dass dat gutt Stéck net fiicht gëtt, dozou gehéiert och, e moies an d’frësch Loft ze hänke fir dass de Schweess kann dréchenen - bei schlechtem Wieder also och net ausgebreet am Zelt leie loossen mee propper an de Paksak verstauen.

Wann een elo nach eng gutt Ënnerlag huet (dobaussen ass ee Feldbett z.B. net ideal, well ëmmer neess kal Loft vun ënnen, do wou dem Schlofsack seng Schwachstell ass, dem Kierper Hëtzt entzitt), steet enger gemittlecher waarmer Nuecht ënnert stärekloerem Himmel näischt méi am Wee.

Läschten Tipp: déi meeschten Hëtzt geet iwwert de Kapp veluer, eng (Schlof) Mutz wierkt bei grousser Keelt Wonner.

Page 21: deSCOUT 3/2004