deSCOUT No 552 Ritual (1)
-
Upload
fnel-scouten-a-guiden -
Category
Documents
-
view
262 -
download
10
description
Transcript of deSCOUT No 552 Ritual (1)
No 552 / 95. Joergang September 2015
spezial
02
DENINDEX03 DENIWWERBLÉCK
04 DEBEAVER
08 DEWËLLEFCHEN
10 DESCOUT
12 DSPILL(SG-1.Deel)
15 DENEXPLORER&DEROVER
17 DSCOUTSMETHOD
19 DKAARTESPILL(LX)
DENIMPRESSUMdeSCOUTNo552
PériodiqueofficieldelaFNEL
Éditeur:FNEL Scouten a Guiden61a, rue de TrèvesL-2630 Luxembourg
Redaktioun&miseenpage:Anne Simon, Claudine Scheeck, Commissariat au programme
Fotoën:Archive FNELDrock:Hengen Print & MoreOplo : 4600
Agence WELTER SARL
L-5650 Mondorf-les-Bainssucc.P.Greter et F.Schumacher
ALLEZMARCEL!
*N
ou
s vo
us
gar
anti
sso
ns
qu
e M
arce
l n’a
pas
été
mal
trai
té...
UN OBJECTIFÀ ATTEINDRE?Cactus vous soutient!*
EISANNONCEUREN
03
DENIWWERBLÉCKTRADITIOUNE, RITUALER AN D’SCOUTSMETHOD.EN IWWERBLÉCK.Léiwe Beaver, Wëllefche, Scout, Explorer a Rover,Léif Elteren,
Et gëtt eng Hellewull Jugendmouvementer op der Welt, mee d’Scouten sinn dat, wat sech duerch eng Rëtsch Traditioune, Ritualer an enger klorer Method vun deenen aneren ënnerscheed. Dëst ass näischt wat eis e groe Baart mécht, glat a guer net! Et ass eppes, woumatter mir eis kënnen identifizéieren, ausernee setzen an eng Gemeinsamkeet mat alle Scouten op der ganzer Welt fannen an eis trotzdem ganz individuell entwéckele kënnen. Dat ass sécher eng vun de wichtegen Eenzegaartegkeete vum Scoutismus.
Dofir gëtt et iwwert dëst ganzt Scoutsjoer 4 Spezialeditioune vum DeScout, déi sech nëmme mat der Scoutsmethod an hire Ritualer an Traditioune beschäftegt.
Do fënns du, op Beaver oder Rover, ëmmer een allgemengen Deel, dee fir all d’Branchen zielt (an dëser Ausgab op S.17), an da kanns du nach op der Säit vun denger Branche liese, mole, probéieren a spillen, a Saache gewuer ginn, déi et nëmme bei iech gëtt.
ELO KUCK SEIER OP DER SÄIT VUN DENGER BRANCHE, DO STI BESTËMMT NACH E LAUTER INTERESSANT SAACHEN.
04
DEBEAVER
MENG ÉISCHT SCHRËTTMoie léiwe Beaver,ech sinn de Bibu, dee jonke, grousse Beaverjong! Du weess net genau wat e Beaver ass? Ma kuck a lies dës Zeitung vun elo u genau, da léiers du eis kennen! Esou gesinn ech aus:
Wéi s du gesäis, kann a weess de Beaver Bibu scho Villes an en schafft fläisseg an hält eréischt op, wann d’Arbecht gutt gemaach ass. Bass du och esou fläisseg?
Kenns du zum Beispill d’Beavergeschicht? Mat all den Déieren? Hues du schonn eng Kéier e Bild zu der Geschicht gemoolt?
Hues du eppes, wat s du besonnesch gäre méchs? An ëmmer probéiers besser ze ginn do dran?
Dann hues du déi blo Krall „ E Beaver ass fläisseg“ méi ewéi verdéngt! Mol se séier hei faarweg a weis se dengem Chef.
Mat menge staarken Patte kann ech gutt buddelen.
Ech hu staark a laang Zänn, fir d’Beem ze fällen, déi ech duerno fir mäin Damm benotzen kann. �
Ech hunn en décke Pelz, dass et mir ni kal gëtt am Waasser. �
Ech hunn e grousse Schwanz, dee mir beim Steieren a Rudderen am Waasser hëlleft, awer och fest „klack“ mécht, wann ech op d’Waasser schloe fir meng Frënn virun eppes ze warnen. �
05
SCOUTSMETHOD
DE BIBU GEET OP D’REES
06
DEBEAVER
07
08
DEWËLLEFCHEN
Du kenns bestëmmt Dschungelbuch vum Rudyard Kipling! An 2 Bicher opgedeelt erzielt et d’Geschicht vum Mowgli deen am Dschungel bei de Wëllef opgewuess ass.
De Kipling ass en englesche Schrëftsteller deen vun 1865 bis 1936 gelieft huet, 15 Bicher geschriwwen an den Nobelpräis fir Literatur kritt huet.
An der Wëllefchersbranche liewe mir esou, wéi de Mowgli mat de Wëllef, zesummen an enger Meute. An dengem Vademecum fënns du d'Kuerzfaassunge vun e puer Geschichten aus dem Dschungelbuch. Et ginn der awer vill méi, déi deng Cheffen dir kënnen erzielen. Dacks kanns du an deng Frënn iech a Situatiounen déi dir erlieft hutt an de Geschichten erëmerkennen.
Dschungelgeschicht ass déi grouss Traditioun bei de Wëllefcher op déi sech all d'Elementer vun der Scouts-method, wéi se hannen an dëser Zeitung beschriwwen ass, erëmfannen. Aus der Dschungelgeschicht ergëtt sech deng Progressioun (Entwécklung – an der 2. Spezialzeitung DeS-
cout) mat de Badger, d'Verspriechen, d'Devise an d'Gesetz (3. Ausgab), an d'Zesummeliewen an der Meute (4. Ausgab).
D'Dschungelgeschicht léiers du net nëmmen duerch d'Nolauschteren an erziele kennen, mee wann deng Cheffen oder di grouss Wëllef eng DESCENTE spille, kanns du se och kucken. Eng Descente ass en Theater-stéck, wou een Deel aus der Dschungelgeschicht gespillt gëtt.
DSCHUNGELGESCHICHT
09
An dëser an deenen nächsten Ausgabe vun dëser Spezialzeitung fënns du och ëmmer nei Kaarte mat Person-nagen aus dem Dschungel mat deenen s du, wann s de se bis all gesammelt hues, verschidde Spiller maachen, déi mer der no an no erklären. Hei schonn emol dat éischt:
BATTLE ËM D’WÄERTER (Quartett): (ab 2 Spiller) Di mof Karakterkaarte gi gläich-méisseg ënnert iech opgedeelt. All Personnage huet Punkten fir gewësse Wäerter (Frëndschaft, Ge-
rechtegkeet, Deelen…) Dee mat de mëllste Patte fänkt un: hie sicht sech vun der éischter Kaart déi en an der Hand huet e Wäert eraus. Elo kuckt jiddereen wéi vill Punk-
ten dee genannte Wäert op senger eegener Kaart huet. Dee mat deem héchste Wäert huet dee Streech gewonnen an kritt alleguerten d’Kaarten aus deem Tour – also jidderengem seng éischt. Deen deen den Streech gewënnt gëtt den neie Wäert un an esou weider. Dee keng Kaarte méi huet ass eraus, an deen dee se um Enn alleguerten huet, huet gewonnen.
Elo kuck séier hei an der Zeitung wou deng Dschungelkaarte sinn, dass de keng verpass.
VERBANNSPILLVerbann all Figur mat hirer gréisster Karaktereegeschaft!
loyal,trei
wëssend
duerchdriwwen
opmierksam
geschwätzeg
beschützend
Baloo Mowgli
groe Brudder
Ikki
Mang
Rakscha
10
DESCOUTLéiwe Scout,
Ritualer an Traditioune spillen och an denger Branche eng wichteg Roll. Op dengem Wee duerch d'Scoutsbranche gees du duerch vill kleng Etappen, déi s du elo zesumme mat denger Troupe oder Patrull a Form vun engem Gänsespill nach emol duerchgees oder och vläit nei entdecke kanns.
An dëser an an deenen nächsten Ausgaben vum DeScout Spezial iwwert d'Ritualer an d'Traditiounen fënns du 4 Deeler vun engem Gänsespill zum Thema Ritualer an Traditiouen, esou ewéi d'Spillregelen, d'Froen an d’Aufgabe vum Gänsespill an net ze vergiessen, d'Spillfiguren, den Scoutsdapp.
Dofir maach d'Ae grouss op, dass du näischt verpass.
Klengen Tipp: Zéck net am Scoutsbichelchen nozekucken oder däin Troupe Chef ze froen, wann s du eemol eppes net kenns oder net weider weess.
Lies och ëmmer den allgemengen Deel an all Zeitung (an dëser Ausgab op
Säit 17). Do geet et ëm déi Traditiounen a Ritualer déi all Branche betreffen.
Vill Spaass!
1111
1414
15
ENTREPRISE & METHODEAn der Unitéit/Clan plangen an organiséiere mir zesumme verschidden Entreprisen/Aktivitéiten.
ENTREPRISE À COURT TERME: Dës Entreprise erstreckt sech just iwwert e puer Wochen, z.B. eng Sortie, e Weekend oder eng B.A.
ENTREPRISE À LONG TERME: Dës Entreprise erstreckt sech iwwert e puer Méint oder esouguer ee ganzt Joer, z.B. e Camp, en Theaterstéck oder soss e Projet.
WAT BRÉNGT EIS D’ENTREPRISE / DÉI GEMEINSAM ORGANISATIOUN?
An der Unitéit/Clan gëtt de Gruppegeescht gestäerkt duerch zesummen erreechten Ziler. Doduerch dat d’Unitéit mateneen d’Entreprise plangt, dass de Clan zesumme seng Aktivitéite festleet an ausféiert, léiert all Member mat jidderengem eens ginn, a Meenungsverschiddenheeten auszediskutéieren. D’Toleranz gëtt méi grouss.
ALL Member vun der Unitéit/Clan léiert sech selwer, seng Grenzen, seng Talenter a seng Schwächten kennen. Hie léiert seng Meenung éierlech soen a selbstänneg Décisiounen huelen.En Explorer soll léiere, selwer op sech opzepassen, a mam gudde Beispill virzegoen. De Rover soll dat scho souwisou esou maachen a geléiert hunn a weider esou ëmsetzen.
DENEXPLORER
D’IDDI
Jidder eenzelne Member vun der Unitéit/Clan soll d’Méiglechkeet hunn, seng Iddien dem Grupp matze-deelen. Dofir maacht der am be-schten zesummen e Brainstorming.
Wann dir elo bannent der Unitéit/Clan eng Iddi eraussicht, sollt dir iech all op eng eenegen. Dëst kann am Ufank relativ schwiereg sinn. Probéiert awer är Iddi weider ausz-eschaffen, bis jidderee sech der-mat identifizéiere kann. Bei den Explorer kann de CU natierlech dobäi hëllefe mee e soll a wäert iech keng Iddi um gëllene Plateau zerwéieren.
DEROVER
16
FICHE TECHNIQUE
D’Plangen ass am Ufank déi schwieregst Phase an der ganzer Entreprise. Kuckt dass der net d'Flemm kritt, well d'Plangen ze laang dauert.Maacht een Organisatiounsplang, wou dir festleet wat organiséiert muss ginn, a bis wéini a wie wat mécht.
Bei der Opdeelung sollt dir bei ären éischten Entreprisen dorop oppassen, dass jiddereen dat maache kann, wat e wëllt oder woufir en Talent huet. Net dass de Jempi, deen e Bifdeck net vun engem Schnitzel ënnerscheede kann, de Menü alleng opstelle muss. Maacht iech d’Liewen also net méi schwéier wéi et ass.
WIEN ORGANISÉIERT WAT?
All Member vun der Unitéit/Clan soll sech un der Organisatioun bedee-legen. Kuckt dass déi eenzel Aufgaben gläichméisseg tëscht all Mënsch opgedeelt sinn.
D’REALISATIOUN
D’Realisatioun besteet aus der Exekutioun vun deem Geplangten, also der Aktivitéit selwer. Dat wichtegst ass, dass dir all zesummen een Zil erreecht (z.B. beim Hike ass dëst är Schlussdestinatioun). An egal wéi, wäert der net déi éischt an och net déi lescht déi en Zil net géingen erreechen. Aus Feeler léiert een am meeschten.
Fail, fail again, fail better. Samuel Beckett
DENEXPLORERTIPPS:
Hänkt iech an ärem Reuniounssall ee Planning op. Hei drot dir alles an, wat dir scho gemaach hutt, a wat nach ze maachen ass. Esou kritt jiddereen aus der Unitéit e besseren Iwwerbléck iwwer dat, wat nach ze maache bleift.
Et geet dacks méi séier, wann dir iech a Gruppen andeelt an do e Konzept ausschafft. Duerno gëtt dat der ganzer Unitéit virgestallt, an d’Unitéit brauch et (wann et val-
abel ass) just nach z’akzeptéieren.Presentéiert all Versammlung e Rapport iwwer d’Progressioun vun der Aarbecht.
DEROVER
SCOUTSMETHOD
17
WAT ASS IWWERHAAPT D’SCOUTSMETHOD? De B.P. huet d’Scoutsmethod entwéckelt an definéiert, et geet drëms dass mer am Spaass, Spill an doduerch dass mer et maachen, aplaz, ewéi an der Schoul zum Beispill, just erkläert kréie, eppes Neies léieren an eis, jiddereen a sengem eegenen Tempo weiderentwéckelen. No dësem System funktionéieren d’Scouten op der ganzer Welt.
Iwwer méi ewéi honnert Joer hu sech esou eng Réi Traditiounen a Ritualer entwéckelt, déi et haut nach ëmmer ginn, esou ewéi fréier, anerer sinn ewechgefall oder neier duerch technesch Entwécklungen zum Beispill derbäi komm (De JOTA ass haut net nëmme méi en Jamboree on the Air - also e
weltwäite Funk-Camp, mee och e JOTI, also on the Internet, an dee gouf et virun
20 Joer emol nach net).
Verschidde Ritualer maachen d’Scouten op der ganzer Welt (Uniform, Ver-
sprieche, Gesetz), aner Traditioune ginn et just pro Land, Regioun, Federa-tioun, Grupp, oder Branche (De BeaverFunDay ass zum Beispill just fir d’Beaver
vun der FNEL, während Dschungelbuch an der ganzer Welt als Basis fir d’Branche
vun de Wëllefcher benotzt gëtt). Dofir wäerte mir et sécher net fäerdeg bréngen all Traditiounen a Ritualer opzezielen iwwert déi nächst puer Zeitunge, mee awer e gudden Deel.
Wat awer all d’Branchen vun alle Scoute vun all Alter op der ganzer Welt sécher gemeinsam hunn, ass dass si no der Scoutsmethod schaffen. Dës besteet aus 7 Haaptelementer, déi a verschiddene Forme fir all Branche erëmkommen. E grousse Rover interesséiert d’Geschicht vum Bibu vläit net méi esou vill, mee dofir ginn d’Rover zesummen op de Moot an e klenge Beaver oder Wëllefche ka vläit nach net an d’Ausland fuere fir do Schoule mat hëllefen ze baue, mee och hien huet Méiglechkeeten all Dag eng gutt Dot ze maachen.
DSCOUTSMETHOD
TRADTIOUNE RITUALER
18
DÉI 7 ELEMENTER VUN DER SCOUTSMETHOD VERSPRIECHEN A GESETZ - ass fir all Branche liicht adaptéiert, mee et seet am Prinzip dat selwecht.
LEARNING BY DOING - ass di grouss Léiermethod vun de Scouten: wann ech eppes selwer maache, léieren ech am meeschten an am séiersten. Et heescht och, dass ee ka Feeler maache, well duerch Feeler léiert een.
DE "PATRULLE" SYSTEM - dësen heescht esou, well de B.P. fir d'alleréischt d'Branche vun de Scoute gegrënnt huet. Mee heizou zielen awer alleguerten di kleng Gruppen aus all Branche, (Damm, Sixaine, Unitéit, Clan). Et geet dobäi, dass dee klenge Grupp, sech, ofhängeg vun der Alters-Stuf natierlech méi oder manner, selwer organiséiert.
DE SYMBOLESCHE KADER - dozou gehéiere virun allem d'Geschichten, déi an deene verschidde Branche virkommen, d'Themen, déi e Camp oder eng Sortie huet, fir hier eng speziell Atmosphär ze ginn, an natierlech d'Uniform, Kreescher, Bon'e, Ritualer wéi mer opstinn oder schlofe ginn, Geschichten an alles wat mat der Fantasie ze dinn huet.
PERSÉINLECH PROGRESSIOUN - heescht dass jidderee fir sech an am klenge Grupp sech kann a wäert a sengem Tempo an no senge Méiglechkeeten entwéckelen. Heizou gehéieren d'Badger an all Branche, an natierlech och spéiderhin, de Wee zum Chef.
NATUR - ass den ideale Setting fir d'Scoutsmethod ze exploréieren. Vun an an der Natur ka jiddereen entdecke, bäiléieren, spillen, ausprobéieren, Verantwortung a Respekt weisen, a seng Fantasie spille loossen.
ERWUESSENEN ËNNERSTËTZUNG - De Chef ass ewéi e grousse Brudder: e Virbild, een deen duerch seng Erfahrung scho méi weess, ewéi ee selwer. En ass do fir dech an däin Damm/Sixaine/Patrull/Unitéit/Clan ze ënnerstëtzen an iech ze hëllefen iech, lues a lues selbstänneg ze organiséieren.
DSCOUTSMETHOD
19
Akela
Ech sinn de Chef vum S
eoni-Ruddel. E
gudde Jeeër an en zimlechen Eenzel-
gänger. Ech si frou mat alle W
ëllef vu m
engem R
uddel, an ech beschütze se, w
ell ech si staark a gescheit. Ech féieren se am
d’Dschungel an ech
bréngen deene Jéngste bäi, wat se m
usse w
ëssen, fir staark a gerecht ze sinn. Ech halen op d’Traditioun an op d’Éier vum
R
uddel. Ech sinn e richtegen Gentlem
an. D
e Mow
gli huet mer d’Liew
e gerett, wéi
ech am S
here-Khan seng Fal gerode w
ar. D
ofir hunn ech dem M
owgli gehollef, de
Shere-K
han dout ze maachen, an ech hu
mäi Liew
e gelooss am K
aampf m
at de R
ouden Hënn, fir d’Éier vum
Won-Tolla ze
retten.
Bagheera
Baloo
a geféierlech. Ech sinn e Spezialist vun
der Juegd - ewéi et sech fir e gudde,
schwaarze P
anther gehéiert.
Ech hunn dem M
owgli alles op dësem
G
ebitt bäibruecht. Dobäi sinn d’Éier an
de Respekt vum
Dschungelgesetz ganz
wichteg fir m
ech.
Ech war dem
Mow
gli säi Pätter, w
éi en an
d’Seoni-R
uddel kom
me
sollt. D
ofir hunn ech hinnen e S
téier, deen ech dout gem
aach hat, geschenkt.D
e Mow
gli ass de Stär vu m
engem Liew
-en. Et m
écht mer Freed, hien ze beroden
a mat him
ze diskutéieren.
Buldeeo
Jo, ech sinn en dichtege Jeeër, an d’Leit am
Duerf erkennen dat un. M
ee trotzdem
erzielen ech gär Geschichten an erfannen
der och, fir bei den Duerfl
eit unzeginn.
Ech verfollegen
de M
owgli
a seng
Elteren. Fir mech ass hien een D
äiwel. A
seng Eltere sinn Zauberm
eeschter.
Wéi de M
owgli an d’D
uerf koum, huet
Aplaz seng A
arbecht ze maachen, huet
hien de Shere-K
han dout gemaach. Ech
hunn alle Leit am D
uerf gezielt, ech hätt den Tiger ëm
bruecht, fir d’Belounung ze
kréien. Wéinst m
engem G
estëppels hunn d‘D
uerfleit de M
owgli net akzeptéiert.
Dholen (d‘R
outhënn)M
ir komm
en aus der Géigend vun D
ek-khan aus dem
Dschungel. W
a mer am
R
uddel op d’Juegd ginn, da si mer fir ze
fäerten, a mer m
aachen alles dout, wat eis
iww
er de Wee leeft. S
ouguer de Shere-
Khan fäert eis.
Mir hunn d’Fam
ill vum W
on-Tolla dout gem
aach. Hien ass bei d’S
eoni-Ruddel
Hëllef siche gaangen. D
e Mow
gli huet eis m
am K
lenge Vollék vun de Fielsen, dem
Akela, dem
Phao an dem
Won-Tolla eng
Fal gestallt. Vill vun eise Leit si gestuer-w
en, mee den A
kela an de Won-Tolla och.
Déi aner D
éiere soen, mir w
iere béis a m
ir hätte keng Perséinlechkeet, w
ell mir
blannemännches eisem
Chef follegen.
TchilEch
hunn d’S
pur vum
M
owgli
fonnt, w
éi d’B
andar-Log hie
gekidnäppt haten, an ech hunn dem B
a-loo an dem
Bagheera gesot, w
ou si hie géife fannen.
Ech versti mech gutt m
at all Mënsch,
an oft
sangen ech,
wann
ech fl
é-ien. Ech si jidderengem
säi Kolleg am
D
schungel, och wann ech net esou rich-
teg frou mat hinne sinn.
Zum S
chluss, wann se dout sinn, kom
me
se awer souw
isou all bei mech, w
ell ech sinn
en A
assfréisser. A
ls G
eier hunn
ech de Bléck vun U
ewen an bréngen
d’Noriichten aus der Loft.
Ech sinn
de Léierm
eeschter vum
D
schungelgesetz. Ech bréngen de Wëllef
d’Gesetz, d’P
rinzipien an d’Gebräich bäi.
Ech hale Schoul ënnert engem
décke M
awa, engem
Bam
mat roude B
lumm
en. Ech w
ar dem M
owgli säi P
ätter, wéi hien
an d’ Ruddel vu S
eoni opgeholl gouf an ech hu beim
Fiels vum G
rousse Rot a
sengem N
umm
geschwat.
Ech sinn ëmm
er gutt gelaunt an ech
passen op meng W
ëllef op, besonnesch op de M
owgli. D
éi aner Déiere soen, ech
wär gescheit, w
ell ech vill weess, a si
respektéiere mech dofir. D
e Mow
gli ass m
ir im
mens
wichteg,
och w
ann ech
heiansdo granze muss, ew
éi all gudden ale bronge B
ir.
©Les Scouts A
SBL /E411©
Les Scouts ASBL /E411
©Les Scouts A
SBL /E411
©Les Scouts A
SBL /E411©
Les Scouts ASBL /E411
©Les Scouts A
SBL /E411
20
Tchi
l
Frën
dsch
aft
88
Ger
echt
egke
et
86
Wël
len
81
Mat
ginn
77
Liew
ensf
reed
84
Wäi
shee
t
82
Bag
heer
aB
aloo
Frën
dsch
aft
85
Ger
echt
egke
et
97
Wël
len
96
Mat
ginn
79
Liew
ensf
reed
72
Wäi
shee
t
84
Frën
dsch
aft
74
Ger
echt
egke
et
95
Wël
len
82
Mat
ginn
73
Liew
ensf
reed
61
Wäi
shee
t
83
Frën
dsch
aft
74
Ger
echt
egke
et
69
Wël
len
76
Mat
ginn
72
Liew
ensf
reed
66
Wäi
shee
t
73
Frën
dsch
aft
23
Ger
echt
egke
et
21
Wël
len
34
Mat
ginn
20
Liew
ensf
reed
52
Wäi
shee
t
18
Frën
dsch
aft
27
Ger
echt
egke
et
38
Wël
len
76
Mat
ginn
23
Liew
ensf
reed
60
Wäi
shee
t
44
Dho
len
(d‘R
outh
ënn)
Bul
deeo
Ake
la
21
©Les Scouts A
SBL /E411
Bandar-log
Mir sinn e Vollek dat ouni G
esetzer an ouni Chef lieft. A
m léifsten S
angen an D
anzen m
er, a
ganz besonnesch
gär zerklappe m
er eis, ouni ze wësse firw
at. ‘T ass w
ouer, mee m
er vergiessen ëm-
mer alles. D
éi aner Déiere w
ëssen, dass m
ir arrogant a béis sinn an drop an der-w
idder léien.Enges D
aags hu mer de M
owgli gekid-
nappt, well m
ir wollten, dass hien eise
Chef géif. Dat w
ar dach ganz normal,
well genau w
éi mir A
fen geet hien op zw
ee Féiss. Aw
er de Bagheera an de B
a-
Mow
gli ze retten. De K
aa ass eise gréis-ste Feind. M
ir sinn ëmm
er an der Clique ënnerw
ee a sprange vun engem A
ascht op deen aneren.
Thuude G
roe Brudder
Ech w
unne ganz
ënnen an
de kale
Grotte, w
ou ech dee schéinste vun alle S
chätz versuergen:
dem
Kinnek
säin A
nkus. D
at ass
eppes ew
éi e
Ben-
gel vu
60 cm
m
at enger
Spëtzt
aus Eisen,
mat
deeër een
d’Elefanten dirigéiere kann.Ech si fest dervun iw
werzeegt, dass nach
aner Männer a K
inneken heinidden an de K
aale Grotte liew
en, mee ech w
äert jid-dereen, deen hei de S
chatz klaue komm
e w
ëll, dout maachen.
Ech sinn
daf, m
eng A
e si
rout ew
éi R
ubinsteng an
ech kennen
déi ganz
Wourecht an d’G
eschicht vum D
schungel. M
äi N
umm
heescht
‹Ale
verdréchente S
tronk›, ech sinn nämlech eng ganz al
wäiss K
obra.
IkkiEch
sinn d’S
tachelschwäin,
hunn ëm
mer eppes N
eits op Lager a sinn eng
richteg W
äschfra. Ech
hunn z.B
. dem K
aa verzielt, dass e klenge M
ënsch an den Dschungel kom
m w
ier.
Ech verziele vill Geschichten, déi ech
net richteg matkritt hunn oder déi
ech falsch erëmginn. M
unch Déiere
gleewe m
er net alles.Ech
si ganz
verfrooss a
kriddeleg am
Iessen. Ech iessen nëmm
en déi beschte M
äifel a nëmm
en dat, wat
ganz zeideg ass.Ech gesi ganz pickeg aus, m
ee ech sinn et net.
Nag a N
againaM
ir wunnen am
Gaart vum
Teddy a senger Fam
ill.
Mir
wëlle
si op
jiddwer
Fall dout
maachen, fir dass m
ir d’Haus ganz fir
eis hunn. Dann hunn eis kleng K
obrae genuch P
laz, fir grouss ze ginn.
Aw
er dunn ass de R
ikki-Tikki-Tawi
komm
an
huet eis
ganz Pläng op d’K
opp gehäit. Dobäi
hunn him säi schaarfe K
reesch a seng Vitesse vill gehollef.
Rikki-Tikki-Taw
iEch sinn e M
ungo. Ech sinn am G
aart vum
Teddy, engem klengen indeschen B
ouf gelant. S
eng Famill an hie si ganz léif. D
o hunn ech de Villchen D
arzee a seng Fra begéint. S
i kräischen sech d’Aen aus dem
K
app, well d’K
obraen Nag an N
againa hir K
leng friessen. Dat ass net richteg!
Ech hunn et do mat de K
obraen opgeholl, déi och den Teddy a seng Fam
ill wëllen
dout maachen. D
’Kobrae si m
éi grouss w
éi ech, mee w
ann ech rose ginn, da kréien ech ganz rout A
en, an ech jäizen R
ikk-Tikk-Tikki-Tschk, an
da gëtt
kee m
ech Meeschter.
De M
owgli hunn ech ni begéint. M
eng G
eschicht erzielt, wéi déi aner D
éieren an Indien liew
en.
Ech sinn
den eelste
Jong vum
W
ollefspapp am
R
akscha, also
de S
téifbrudder vum M
owgli.
Hien
an ech,
mir
louchen éiw
eg beienee fir ze spillen. D
ofir hale mir och
zesumm
e wéi P
ech a Schw
iefel. Ni géif
ech hien am S
tach loossen, och wann e
bei d’Mënschen zeréck géing.
Ech hunn
hie gew
arnt an
him
gesot, dass de S
here-Khan nees do w
ier. Mam
Tiger eng
Fal gestallt,
fir en
dout ze
maachen. D
éi aner Wëllef soe vu m
ir, dass
ech gären
deele, Verantw
ortung iw
werhuele, si beschützen a m
äi Mond
hale ka, wann et si m
uss.
©Les Scouts A
SBL /E411©
Les Scouts ASBL /E411
©Les Scouts A
SBL /E411©
Les Scouts ASBL /E411
©Les Scouts A
SBL /E411
22
Frën
dsch
aft
94
Ger
echt
egke
et
77
Wël
len
72
Mat
ginn
75
Liew
ensf
reed
68
Wäi
shee
t
83
Frën
dsch
aft
46
Ger
echt
egke
et
51
Wël
len
74
Mat
ginn
33
Liew
ensf
reed
58
Wäi
shee
t
73
Frën
dsch
aft
36
Ger
echt
egke
et
22
Wël
len
33
Mat
ginn
24
Liew
ensf
reed
83
Wäi
shee
t
12
Frën
dsch
aft
83
Ger
echt
egke
et
85
Wël
len
89
Mat
ginn
86
Liew
ensf
reed
94
Wäi
shee
t
71
Frën
dsch
aft
41
Ger
echt
egke
et
25
Wël
len
76
Mat
ginn
25
Liew
ensf
reed
57
Wäi
shee
t
33
Frën
dsch
aft
44
Ger
echt
egke
et
45
Wël
len
47
Mat
ginn
63
Liew
ensf
reed
68
Wäi
shee
t
62
Ban
dar-
log
Thuu
de G
roe
Bru
dder
Ikki
Rik
ki-T
ikki
-Taw
iN
ag a
Nag
aina
23
©Les Scouts A
SBL /E411
de Wollefspapp
Ech hunn de Mow
gli ënnert dem
Gehecks entdeckt. H
ie war nach
ganz kleng, an de Shere-K
han huet no him
gesicht. M
eng Fra d’Rakscha an ech hunn
hien als ee vun eisen adoptéiert.Ech hunn de M
owgli, de G
roe Brud-
der an hir Gesëschter geléiert, op
d’Juegd ze goen an d’Gesetz vum
D
schungel ze respektéieren.
Ech sinn
autoritär, m
ee im
mens
frou m
at m
enge Wollefskanner,
och wann ech hinnen dat net ëm
-m
er direkt weisen.
Tabakid’S
eoni-Ruddel
Wéi
all S
chakal sträifen
ech duerch
d’Géigend a friessen d’R
eschter, déi d’Leit an d‘D
éieren iww
reg gelooss hunn, well
mir feelt de M
utt, fir selwer op d’Juegd ze
goen.Ech sinn e P
arasit vum D
schungel an ech gehéieren
zu kengem
R
uddel. H
eiansdo halen
ech m
ech m
am
Shere-K
han op,
deen Dag drop sinn ech bei de W
ëllef. Ech lauschtere vill op dat, w
at ronderëm m
ech verzielt gëtt a soen et anere w
eider, egal ob si e gudden oder schlechte G
ebrauch dovu m
aachen. Dat si m
eng Tricken an déi fäerten déi aner D
éieren. H
eiansdo soen se, ech wier den D
ewanee,
besonnesch dann,
wann
ech geckeg
vu R
oserei am D
schungel ënnerwee sinn an
alles bäissen, wat m
er iww
er de Wee leeft.
Dat ass déi ellenst Erfarung, déi en D
éier am
Dschungel m
aache kann.
ThaEch
sinn dem
H
athi säin
Ur-U
r-...Ur-
grousspapp. Viru laanger Zäit hunn ech den D
schungel erschaf. M
at mengem
Rüssel hunn ech G
rief aus-gehuew
en, an déi d’Waasser gelaf ass.
Wann ech m
at mengen décke Féiss op
de B
uedem
getuppt hunn,
koum
gutt W
aasser eraus. Wann ech m
am R
üssel geblosen hunn, sinn d’B
eem ëm
gefall, an et ass eng fräi P
laz entstanen. Du kou-
men d’D
éieren an den Dschungel. S
i hu sech gutt verstanen. Ech hunn dem
Tiger e Gefale gem
aach, an hie gouf de R
iichter vum D
schungel. M
ee enges Daags huet en e R
éi dout gem
aach. An do koum
d’Angscht virum
D
oud an den Dschungel. A
n zanterhier gehéiert eng N
uecht am Joer dem
Tiger.
TschutschundraEch
sinn eng
kleng B
isamrat,
ängschtlech a ganz butzeg.
Ech sinn
dem
Rikki-Tikki-Taw
i begéint. D
een huet eis gerett, wéi
hunn.
Ech hunn net säi Courage. Mee ech
héiere gutt, an esou konnt ech dem
Mungo hëllefen a sengem
Kam
pf m
at de Kobraen.
Rakscha
Ech hunn de Mow
gli ugeholl ewéi m
äin eegene
Wollëfspuppelchen.
Ech hat
e gär, ech hunn en déi ganz Zäit, w
ou en am
Dschungel w
ar, gefiddert, beschützt a verteidegt. W
éi hien
an d’M
ënschenduerf goung,
sinn ech ëm nogaang, fir op en opzepas-
sen. Wéi d’M
essua an hire Mann fortgelaf
si, sinn ech hinnen nogaang, fir si virun de Leit, déi se agespaart haten, ze be-schützen. A
m R
uddel vu Seoni sinn ech eng W
ol-lefsfra w
éi all déi aner. Mäin N
umm
be-deit D
ämon: W
éi der Däiw
el verdeede-gen ech m
eng Kanner. D
e Shere-K
han kann e Liddchen dovu sangen. D
eem
geet de Wapp viru m
ir.
Mir sinn d‘R
uddel vun de Wëllef. Eise
Chef, den
Akela,
féiert eis
an den
Dschungel a léiert eis, eist G
esetz ze befollegen an och dat vum
Dschungel.
Mir
hunn eis
eege G
ebräich fir
zesumm
enzeliewen,
zum
Beispill
wann et drëm
s geet, e neie Wëllefchen
opzehuelen. S
i brauchen
zwee
Pätteren,
déi aw
er net
hir Elteren
dierfe sinn.
Mir hunn eng D
evis: “D’S
täerkt vum
Wollef ass den Trapp, an d’S
täerkt vum
Trapp ass de Wollef.”
Mir versam
melen eis beim
Rotsfiels.
©Les Scouts A
SBL /E411©
Les Scouts ASBL /E411
©Les Scouts A
SBL /E411©
Les Scouts ASBL /E411
©Les Scouts A
SBL /E411
24 24
Frën
dsch
aft
74
Ger
echt
egke
et
82
Wël
len
76
Mat
ginn
58
Liew
ensf
reed
65
Wäi
shee
t
79
Frën
dsch
aft
23
Ger
echt
egke
et
36
Wël
len
78
Mat
ginn
31
Liew
ensf
reed
65
Wäi
shee
t
22
Frën
dsch
aft
82
Ger
echt
egke
et
76
Wël
len
73
Mat
ginn
87
Liew
ensf
reed
77
Wäi
shee
t
64
Frën
dsch
aft
83
Ger
echt
egke
et
76
Wël
len
73
Mat
ginn
94
Liew
ensf
reed
59
Wäi
shee
t
78
Frën
dsch
aft
63
Ger
echt
egke
et
76
Wël
len
21
Mat
ginn
74
Liew
ensf
reed
17
Wäi
shee
t
68
Frën
dsch
aft
87
Ger
echt
egke
et
83
Wël
len
89
Mat
ginn
84
Liew
ensf
reed
66
Wäi
shee
t
93
de W
olle
fspa
ppTa
baki
d’S
eoni
-Rud
del
Tha
Tsch
utsc
hund
raR
aksc
ha