Soal un-ipa-smp-kode-ipa sp-38-volumekuate28093ese2809380f_2
IPA · 1 2015/1 REWA NEWS IPA ‹‹ Résidence Op der Waassertrap ›› 2016/3 De Fräsch vun der...
-
Upload
dinhkhuong -
Category
Documents
-
view
222 -
download
0
Transcript of IPA · 1 2015/1 REWA NEWS IPA ‹‹ Résidence Op der Waassertrap ›› 2016/3 De Fräsch vun der...
1
2015/1
REWA NEWS
CIPA
‹‹ Résidence Op der Waassertrap ››
2016/3
De Fräsch vun der Waassertrap 2016
2
3. Editorial vum Myriam Cecchetti / Ëmweltschäffin
4. Retro
5. Retro
6. - 7. D’Equipe vum Soins
8. D’Equipe vum Soins
9. Humanitude
10. Dräi Deeg Kiermes op der Waassertrap
11. Grillfest am UPG
Vernissage am CIPA
12. Vernissage Exposition ’’Mënschen am Alter’’ am Park Backes
zu Suessem
13. Pappendagfeier/ Oktoberfest
14. Mullefest/ Nächst Fester
15. Et hunn eis verlooss 2016
Sortie op ORVAL
16. Wëllkomm eisen neie Mataarbechter 2016
E grousse Merci Numm vum CIPA-Chouer
IMPRESSUM
ZEITUNG VUM: CIPA ‘Résidence Op der Waassertrap’
REDAKTIOUN: Residenten an d’Lola Feltz (éducatrice diplômée/Animation)
LAYOUT: Lola Feltz
VERBESSERUNG: Cliff Schmit
FOTOEN: Personal vun der Equipe Animation a Marie-Paule Muller
DROCK: IMPRIMERIE CENTRALE
ADRESS: RESIDENCE Waassertrap | L-4408 Belvaux
TEL.: +352 59 49 40 - 1
KONTO: Kontosnummer fir en ‘Don’
LU35 0019 5201 0195 3000 bei der BCEE.
INTERNET SITE: www.cipa-sanem.lu
Inhalt
3
Editorial
Léiw Residenten,
Där sidd eng Generatioun an der et dat Wuert Nohaltegkeet
nach net esou gebraucht ginn ass wéi haut, mee wou där awer
nohalteg gelieft hutt. An der Zäit virun, am an nom 2. Weltkrich
ass et nach kee Massekonsum ginn, au contraire, alles war rar.
Et si keng Liewensmëttel verschwennt ginn well et waren der
kaum genuch do. Alles ass a Mosse konsuméiert ginn.
Südlännesch Friichten huet bal kee kannt an et huet een der
och kaum kritt. De Gaart ass geheegt a gefleegt ginn a war oft déi eenzeg
Méiglechkeet iwwerhaapt frëscht Uebst a Geméis kënnen ze iessen, och sinn d’
Kanéngercher an d’ Hénger gezillt ginn. Dir hutt vill misse schaffe fir oft nëmmen
eng kleng Paie ze hunn.
Dir wousst et ze schätzen wann d’ Recolte gutt ausgefall ass, a wann se schlecht
ausgefall ass, dann ass de Rimm eben méi enk geschnallt ginn.
Dir waart déi Generatioun déi nohalteg gelieft huet mee wat ass du geschitt?
Mat der Industrialiséierung an der Globaliséierung ass de Gaart an de Bezuch zum
Buedem ëmmer méi an der Hannergrond geroden / vergiess ginn.
Firwat sollt ee sech dann och midd maachen wann an deene grousse
Supermarchéen de Choix vill méi grouss war an och nach vill méi bëlleg.
Déi nei Generatioun huet et esou dann och verléiert op hier Ëmwelt uecht ze ginn a
bewosst ze konsuméieren. Dat wat där ze maachen hat,
hate si elo ze vill, an se sinn och deementspriechend
domadder ëmgaange mam Fait dat mir all elo nees
ëmdenke mussen.
Eise Service Ecologique ass am Moment am gaange
Seminairen ofzehale wéi een e Gaart soll uleeën. Mir
plangen och eng Gardebaucité nieft de Kleintierzüchter,
fir dat mir nees leiere mam Buedem, mat eiser Ëmwelt
eens ze ginn. Déi nei Generatioun huet villes verléiert wat
dir nach konnt an do si mir elo all gefuerdert.
Är Mathëllef ass fir eis ëmsou méi wichteg a mir wäre frou
Iech kënnen an eiser Gaardebaucité ze begréisse wann
et dann esouwäit ass. Dir hutt dat néidegt Wëssen a
Kënnen.
Mir freeën eis op allefall elo schonns dorobber iech do kënnen ze empfänken a gutt
Rotschléi ze kréien oder och einfach just zesummen ze sëtze bei engem Patt an ze
poteren.
Myriam Cecchetti
Ëmweltschäffin
Service écologique:
Myriam Kieffer, Patrice Bamberg,
David Hengen, Jos Mathieu
4
Retro
2011 war dat éischt
Chantierfest um Belval op der
Waassertrap.
D’ Leit konnte kucke goe wou
dee neie CIPA hikënnt.
Zesummen ass gegrillt a
gedronk ginn.
Um zweete Chantierfest ware
richteg vill Leit komm.
Bodyguards
vum CIPA
Hei soll ech dann
demnächst am Service
Restaurant schaffen...
5
Retro
A wat fir een
Zëmmer
kréien ech
wuel ? Dat ass jo ee richteg
grousse
Restaurant.
Zesummen mat der Famill
konnte si virwëtzen an all hir
Froen iwwert den neie CIPA
stellen. De Restaurant war op
jidder Fall gutt gefëllt am
Réibau an d’ Stëmmung war
och ganz gutt.
6
D’ Équipe Soins
Eist Objektiv am CIPA ass et
all eis Residenten zefridden
ze stellen, sief et um Niveau
vun dem Hébergement, der
Restauratioun oder der
Animatioun. Fir e Service
mat Qualitéit z’ offréieren a fir dass d’ Leit sech ewéi doheem kënne fillen,
geréiert de CIPA Rewa déi ganz Fleeg déi gebraucht gëtt a séchert domat och
den Alldag. De CIPA ass an zwee Liewensraim opgedeelt. All Stack huet seng
Infirmerie, seng Apdikt, a seng
multidisziplinär Equipe. Den éischte Stack
huet eng ‘unité psycho-gérontologique
fermée’. Dës Unitéit huet hier eege Kichen,
Stuff, Iesszëmmer an en agreabele
gesécherte Gaart. Am UPG liewe 27
Residenten, déi eng speziell adaptéiert
Fleeg, Betreiung a Begleedung brauchen.
No der Philosophie vun der ‘Humanitude’
ginn d’ Soinen a Funktioun vun de Wënsch
an dem Rhythmus vun de Residenten
ugepasst. Wann e Resident eng Fleeg
oflehnt, da gëtt dës op spéider hin am Dag verluecht, de Soin gëtt net mat
Gewalt duerchgezunn. Mir probéieren och de Schlof ze respektéieren, well wéi
heescht et ‘’Besser schlofen, besser Liewen’’. Schléift de Resident wann de
Soignant bei hie kënnt, da verleet hien de
Soin op spéider fir de Resident a Rou
weider schlofen ze loossen. Allgemeng
besteet eis Missioun an der Fleeg vun der
Hygiène, dem Virbereeden a Verdeele vu
ve r sc h i d d e n e m e d i k a me n t ö s e n
Traitementer, Diabetiker ze begleeden an
ze stabiliséieren, Wonnen ze versuergen,
Bluttprouwen ze huelen, de Kontakt mat
den Dokteren, Spideeler an de Familljen
ze garantéieren.
Zënter e puer Joer entwéckele mir eis. Eis Erwaardungen a punkto Qualitéit
sinn héich an dofir hu mir och e Grupp am Beräich Palliativ - Fleeg an d’Liewe
geruff. En interne Grupp, bestoend aus Soignanten, enger Psychologin, enger
Ergotherapeutin an aus Membere vun der Animatioun/Educatrice diplômée,
Aide socio-familiale, trefft sech all Mount fir iwwert déi Residenten ze
schwätzen, déi ënnert dem Statut ’’Palliativ’’ stinn.
WAHL Ben; SCHULER Loïc; DE TEMMERMANN Emilie
7
Eis enk Relatioun mat den Dokteren vum CIPA,
dat spezifescht Material dat mer konnten
uschafen dank generéisen Don’ en (eng spezial
Matrass, eng Sprëtze Pompel, eng speziell Fotell..)
an déi verschidde Formatiounen déi dat
motivéiert Personal gemaach huet, dat alles huet
exzellent Resultater mat sech bruecht.
Notre objectif au CIPA ne s’arrête pas à satisfaire
nos résidents au niveau de l’hébergement, la
restauration ou l’animation. Afin d’offrir des
services de qualité et leur permettre de se sentir
comme chez eux, le CIPA REWA gère intégralement les soins nécessaires à tout
un chacun et de ce fait, sécurise le quotidien.
Le CIPA est composé de deux étages de vie. Chaque étage possède son
infirmerie, sa pharmacie et son équipe pluridisciplinaire.
Le 1er étage a la particularité de disposer d’une unité psycho-gérontologique
fermée. Cette unité possède sa propre cuisine, salon, salle à manger ainsi qu’un
agréable jardin sécurisé. L’UPG (Unité psycho-gérontologique) accueille ainsi 27
résidents nécessitant davantage de soins, de surveillance et
d’accompagnement.
Se référant à la philosophie de l’Humanitude®, les soins sont dispensés en
fonction des souhaits et du rythme de nos résidents. En effet, un soin refusé par
un résident sera simplement reporté à un autre moment de la journée, sans qu’
aucun soin de force ne soit réalisé. Nous essayons également de respecter au
mieux le sommeil, car comme le dit l’adage « Mieux dormir, mieux vivre ». Ainsi
lorsque le résident dort
lorsque le soignant se
présente pour les soins, le
soignant reportera le soin à
plus tard afin de laisser le
résident dormir à son gré.
De manière générale, nos
missions consistent entre
autres à assurer les soins
d’hygiène, la préparation et la
distribution de différents
traitements médicamenteux,
suivre et stabiliser les
résidents diabétiques, prendre en charge les différentes plaies, réaliser les
D’ Équipe Soins
8
prises de sang ou encore
assurer le lien entre les
médecins, l’hôpital et les
familles.
Dans le cadre de notre
démarche d’amélioration
continue, nous avons
développé depuis quelques
années les soins palliatifs.
Une é qu i pe in te r ne
composée de soignants,
d’une psychologue, d’une
ergothérapeute et des membres de
l’animation, se concerte tous les mois
afin d’évaluer la situation des
différents résidents placés sous ce
statut.
Nos liens étroits avec les médecins du
CIPA, le matériel spécifique acquis
grâce aux généreux dons (matelas
alternating, pousse-seringues, fauteuil
coque..) et les différentes formations
réalisées par un personnel motivé
permettent à ce groupe d’obtenir
d’excellents résultats.
Emilie de Temmermann
LoÏc Schuler
D' Équipe Soins
9
Humanitude
Garantir zéro soin de force tout en assurant qu'aucun abandon de soin ne sera
fait pour autant, respecter la singularité et l’intimité de la personne, vivre et
mourir debout via la verticalisation, s'ouvrir vers l’extérieur et faire de notre CIPA
un lieu de vie, un lieu d’envie sont les 5 principes tirés de la philosophie de l'Hu-
manitude®, instaurée au sein de notre établissement depuis 2014.
Efficace dans l'accompagnement de personnes atteintes de la maladie d'Alzhei-
mer, la philosophie de l’Humanitude® vise à restituer à la personne sa dignité
d’être humain et s’inscrit dans une démarche de bientraitance. Elle repose sur
un ensemble de pratiques, de gestes, d'habitudes et de paroles auquel nous
avons souhaité former notre personnel.
C'est donc en 2014 que la première formation, alliant théorie et pratique, sera
enseignée sur une durée de 4 jours au sein de l'établissement. A ce jour, soit 3
ans plus tard, 28 collaborateurs du service assistance et soins sont formés et
12 du service animation. Souhaitant poursuivre l'action de formation et cons-
cients que la mise en Humanitude® ne se limite pas aux équipes soins/
animation, les professionnels de la restauration et du ménage, respectivement
17 personnes, ont récemment été formés.
En pratique, au quotidien, nos équipes veillent
à respecter …
- le refus : quel qu’il soit,
- le sommeil,
- le rythme : en prenant le temps pour chaque
résident et en s’adaptant à lui et non l’inverse,
en respectant son autonomie, aider à faire et non faire à la place,
- le non - désir : à savoir ne pas forcer à manger quelqu’un qui n’a pas faim ou à
dormir s’il n’a pas sommeil,
- et la verticalisation : la marche étant une activité capitale qui sollicite toutes les
fonctions de l’organisme, elle permet ainsi de limiter les pertes d’autonomie
liées à l’alitement ou l’immobilisation.
Soucieux de l’amélioration continue de nos prises en charge, le
groupe Humanitude® a été créé afin d’analyser et de progresser dans nos pra-
tiques. Le groupe est composé d’Alain Didier (Kiné et référent Humanitude®),
Emilie de Temmermann (Responsable BF1), Nadine Bettendorf (AS BF1), Vera
Gadde (AS BF1), Stéphanie Teixeira (AS BF1), Natascha Baumgartner (AS BF1),
Melissa Weiler (AS BF2), Sandra Conrardy (AS BF2), Myriam De Ron (Infirmière
BF2), Rosaline Buchmann (AS Animation) et Lola Feltz (Educatrice Animation).
Emilie de Temmermann
10
Freides owes ass d’ Kiermes offiziell
opgemaach ginn an duerno ass et
direkt lass gaange mam Programm.
Musék, Iessen a Gedrénks, Geschneeks
vun der Kiermesbud a villäicht eng
Blumm vun der Schéissbud. Fir jidderee
eppes dobäi.
Samschdes moies ass et du lass
gaange mat engem klenge Floumaart,
wou och deen een oder aneren eng gutt
Affaire gemaach huet. Beim Concert –
Apero ass gelaacht a gegeckst ginn an
nomëttes hunn d’ Kanner an déi
Jugendlech gewise wat si beim Sporting
Club léieren. Duerno waren eis Senioren
drun. Beim Moudendefilé hunn och si
eng gutt Figur gemaach. Mir hunn den
Dag mat Kapverdianeschem Danz
ausklénge gelooss a jiddereen ass
zefridden Heem gaang.
Sonndes moies huet de Chouer vum
CIPA ‘Danz am Sëtzen’ virgestallt an och
si hunn 100 % ginn. An de Luef krute si
och direkt duerno. Nomëttes goung et
mat Country Musik weider. Et gouf
gedanzt, gelaacht a geschwat.
Munchereen hat Gléck bei der Tombola
oder beim Béchseschéissen. Wéi een
op de Fotoen erkennen kann, war et
dräi Deeg laang eng super Stëmmung
op der Waasertrap.
Dräi Deeg Kiermes op der Waassertrap
Vum 1. bis den 3. Juli 2016
11
Vernissage vun der
Expositioun ‘Mënschen am Alter’
Sonndes, den 09. Oktober 2016
um Rez - de - chaussée vum
CIPA ‘Résidence op der Waassertrap’
Um 11:00 Auer
Grillfest am UPG
Ganz schéin!
Meng Famill
ass
zefridden!
D’ Fritte si
gutt!
Wonnerbar!
12
Vernissage Expositioun: ’’Mënschen am Alter’’ am Park Backes zu Suessem
Während e puer Wochen ass de
Fotograf Här Jos Boggiani hei am CIPA
circuléiert. Am Oratoire vum CIPA huet
hie ganz vill Residente geknipst. Hien
huet missen eng Auswiel treffe fir am
Park Backes auszestellen. Dat war net
sou einfach, well et ware ganz vill
ausdrocksstaark Portraiten dobäi. 21
vu 65 Fotoe goufen am Park Backes ausgestallt.
Freides, den 08.07.2016 ëm 16:30 Auer si mir mat deene Leit, déi an der Ausstellung
dobäi waren, op de Vernissage gefuer.
Eis Residenten an hir Frënn a Famill ware beandrockt.
13
C . I . P . A .
« R É S I D E N C E O P D E R W A A S S E R T R A P »
invitéiert Iech Sonndes den
09. Oktober 2016
op d’ OKTOBERFEST
vun 11:00 bis 17:00 Auer
Concert - Apero um 11:00 Auer
MENU Schwéngshéis – Sauermous – Speckgromperen
Kaffi an Dessert Präis: 22€ Kannermenü: 10 € Service Repas um 12:30 Auer
Umelle w.e.g. bis den 30. September 2016 um Tel: 59 49 40-1
Méindes bis Freides vun 08:00 - 16:00 Auer
De
Pappendagfeier Sonndes, den 02. Oktober 2016
vun 10:00 Auer un an der Cafeteria
Musikalësch Begleedung
14
Nächst Fester:
18. September 2016 Concert - Apero
02. Oktober 2016 Pappendag / Fête des pères
09. Oktober 2016 Oktoberfest
13. November 2016 Mullefest
SONNDES, DEN 13. NOVEMBER 2016
Am Festsall vum CIPA
’’Résidence op der Waassertrap’’
MELLT IECH W.E.G. AN DER REZEPTIOUN UN
UM TEL 59 49 40—1
BIS DE 04. NOVEMBER 2016
Méindes bis Freides vun 08:00 - 16:00 Auer
Moules à volonté
MULLEFEST
Pâtisserie a Kaffi
De Service geet um 12:30 Auer un !
22 €
15
Sortie op ORVAL
En Entdeckungsdag op ORVAL
Freides, de 07. Oktober 2016
Une journée de découverte à ORVAL
Vendredi, le 07 octobre 2016
Falls Dir interesséiert sidd, da mellt Iech w.e.g. beim
Marie - Paule vum Service Animatioun un.
Die Legende von Orval Das Kloster soll als Geste der Dankbarkeit geschaffen worden sein. Die Witwe Mathilde, die aus Versehen ihren Ehering in die Quelle dieses Tals fallen gelassen hatte, betete zu Gott, und sogleich erschien eine Forelle an der Wasseroberfläche, die in ihrem Maul den kostbaren Ring trug. Da rief Mathilde : "Dies ist wahrlich ein Goldtal (Val d’Or) ! ", und sie beschloss, aus Dankbarkeit ein Kloster an diesem geweihten Ort zu gründen. http://www.orval.be/Die-Legende-von-Orval
Et hunn eis verlooss 2016:
Mme FRAST-DEVAS Louise +25/06/2016
AM ALTER VU 84 JOER
Mme PICCO-MONTEGANI Iside +29/07/2016 AM ALTER VU 85 JOER
M FRISING Victor +04/08/2016
AM ALTER VUN 92 JOER
M JUNCKER Joseph + 07/08/2016
AM ALTER VUN 92 JOER
Mme LEMMER– ROTH Lily + 13/08/2016
AM ALTER VU 95 JOER
Mme BAASCH Josephine + 17/08/2016
AM ALTER VUN 78 JOER
M BISCHEL Léon + 28/08/2016
AM ALTER VU 86 JOER
16
Wëllkomm eisen neie Mataarbechter 2016
Bienvenue aux nouveaux collaborateurs 2016 Nom Prénom Date d' entrée Service
De Numm vun eisem
CIPA - Chouer ass Le nom de notre Chorale du CIPA est
D’ Fräschen vun der Waassertrap
E grousse Merci un d‘ Christiane fir säin Engagement während Joeren am Keramikatelier, bei Sortien a Fester.
KREMETTER Mandy 16/05/2016 Accueil & Réception
GRAF Natascha 01/06/2016 Ménage
FUNCK Simone 01/08/2016 Accueil & Réception
LAGENDIJK Eric 01/08/2016 Assistance & Soins BF2
HOUDREMONT Claudia 16/08/2016 Assistance & Soins BF1