Brochure 2009 Mat Freed fir d'Liewen léieren - Ediff Rued/Syr & Walfer
-
Upload
syrdallschoulen -
Category
Documents
-
view
270 -
download
8
description
Transcript of Brochure 2009 Mat Freed fir d'Liewen léieren - Ediff Rued/Syr & Walfer
Centre d‘Education DifférenciéeRoodt/Syre & Walferdange
Mat Freed fir d‘Liewe léieren
Centre d‘Education Différenciée
Roodt/Syre et Walferdange
Centre d‘Education DifférenciéeRoodt/Syre & Walferdange
An dëser Brochure, wëlle mir Iech ee klengen Iwerbléck verschafen, iwert dat, wat mir an eiser Schoul schaffen, an och doriwer, wéi mir dat mat eise Schüler erreeche wëllen.
Harmonesch Perséinlech-keeten kann een nëmmen kréien, wann een de Schüler als eng
g a n z h e e t l e c h P e r s o u n betruecht , onofhängeg vu senger Behënnerung. Jiddereen huet Stärkten op déi een opbaue kann a soll. Léiren an Erzéihung ginn do Hand an Hand. Well dat , wat eis Schüler hei léiren, ass net nëmmen fir de Moment, mee ass villsäIteg a räich, an ass
dorober ausgeriicht fir dass si duerno am Liewen sou gudd wéi méiglech eenz ginn.
Duerfir och e ise Motto: „Mat Freed fir d‘Liewe léiren“
„D‘Ziel vun der Schoul soll ët ëmmer sinn,harmonësch Perséinlechkeeten,
an net Spezialisten ze entloossen.“Albert Einstein
Centre d‘Education DifférenciéeRoodt/Syre & Walferdange
Mat Freed fir
d‘Liewe léiren
Wéi ee roude Fuedem duerchzitt dëse Leedsaz all Klasse, Gruppe an Entwécklungsstufen vun eise Schüler.
„Mat Freed fir d‘Liewe léiren“ seet genau dat aus wat mir Erzéier a Léierpersounen wëllen erreechen. Fir d‘éischt geet ët eis mol drëms, mat Freed ze léiren. Dat heescht net, dass d‘Schüler maachen därfen, wat se wëllen! Et bestinn, wéi iwerall rondrëm eis, kloer Verhalensreegelen, un déi sech jiddereen hale muss. Mee et gëtt un den Interessen a Stärkten vu jiddfer eenzelnen Schüler opgebaut, et gëtt ausprobéiert an experimentéiert, et gëtt versicht, déi Matière, déi soll geléiert ginn, gräifbar a verständlech ze maachen.
Léiren ass näischt theoretesches, mee eppes wat ganz konkret ausgeriicht ass. Alles wat
d‘Schüler bei eis léieren, sollen si kënnen dobaussen gebrauchen an uwenden. Duerfir gi mir och regelméisseg op den Terrain eraus, maachen kulturell an éducatif Visiten, organiséiren Stagen a kucken passend Arbéchsplazen fir déi jeweileg SchülerInnen ze fannen.
Dat ass dat, wat mir ënner „léiren fir d‘Liewe“ verst inn. Vum kléngste Schüler b is zum Schoulofgänger gëtt versicht hinnen Wëssen, Techniken a Wäerter ze vermëttelen, déi si och ausserhalb vun der Schoul gläich ëmsétze kënnen.
Op de nächste Säiten kënnt Dir lo noliesen, wéi sech déi eenzel Zielsetzungen an deene verschiddenen Graden openaner opbauen.
Centre d‘Education DifférenciéeRoodt/Syre & Walferdange
Kompetenzen:
Hei dat, wat an eiser Schoul iwergräifend duerch all Altersstufen geléiert gëtt:
1. AutonomieEe vun deene Punkte, deen an all Altersstuf, op natierlech dem jeweilegen Niveau geléiert soll ginn, ass Selbstständegkeet.
2. HandlungskompetenzArbechten - schoulesch oder manuell - gesinn, erkennen an duerchféire kënnen, ass eng Kompetenz, déi een d‘ganz Liewen iwer muss fäerdeg brengen.
3. ArbechtshaltungUn enger Arbecht dru bleiwen, net (direkt) opginn, an se bis zum Schluss duerchféiren.
4. Sozial IntegratiounDobaussen, am Alldagsliewen vun eise Matmënschen präsent sinn, ass eng grouss Erausfuerderung! Sief et an der Regelschoul, um Terrain oder am Beruff, eis SchülerInnen, hiert Kënnen an hier Fähegkeeten solle fir jidderee siichtbar sinn!
WëssenNatierlech gëtt bei all dëse Kompetenzen d‘Wëssen net ausser Uecht gelooss! All Kand, Judendlechen an Erwuessenen wëllt léiren, wëllt Wëssen dobäi kréien, och wann dat op ganz verschiddenen Pläng ka sinn. Duerfir gëllt ët, niewend de Kulturtechniken, wéi Rechnen a Sproochen asw, sech och praktecht, kulturellt an Alldagswëssen unzeeegnen. Je no Behënnerung variéiert natierlech d‘Thematik, genausou wéi och d‘Quantitéit an d‘Methodik, vun deem Wëssen wat vermëttelt soll ginn, ouni awer dass domat eppes an der Qualitéit vum Ënnerriichten ännert. Am Géigendeel, ee qualitativ héichwärtegen Unterrécht ass fir eis all d‘Viraussetzung, fir all eise SchülerInnen kënnen dat Meescht an dat Béscht mat op de Wee ze ginn!
Individuell LiewensbewältegungAll eis SchülerInnen solle léieren mat hierer Behënnerung - sief dat
enger geeschteger, enger sozialer Behënnerung mat Verhalens-schwieregkeeten oder enger Léierbehënnerung - am Liewen sou gudd wéi méiglech eenz ze ginn. Autonomie, Handlungskompetenz, Arbechtshaltung a Wëssen sinn dowéinst déi Haaptzieler, déi mir an eiser Schoul op allen Alters- an Entwécklungsstufen vermëttele wëllen. Ausserdeem gi fir déi grouss SchülerInnen Stagen an Arbechtsplazen no hieren Interessen a Fähegkeeten opgesicht.
An alle Gruppen gëtt ëmmer mat de Méiglechkeeten vun de jeweilege Schüler geschafft, dat ganzt awer ëmmer mat dem Respektéiren vun hiere Grenzen! Et gëtt soumat probéiert si op ee béschtméiglechen Niveau ze bréngen, ouni si awer ze iwerfuerderen.
Centre d‘Education DifférenciéeRoodt/Syre & Walferdange
Opbauen vu BasiskompetenzenAll Kand, muss, fir sech gutt
kënnen ze entwéckelen, emol fir d‘éischt Basiskompetenzen
opbauen. Nëmmen esou kritt et iwerhaapt Méiglechkeeten fir sech kënnen Kulturtechniken unzëeegnen
oder op iergend eng Manéier kënnen fir d‘Liewen ze léiren.
Wat ass domat gemengt? Kierperschema & Motorik
Fir d‘éischt muss d‘Kand sech mol kénnen, spieren, sech am Raum erëmfannen a
bewegen. Wahrneh-mung,
Motorik, a basal Sti-
mulatioun gehéiren
och dozou. Dann ass
et awer och ganz
wichteg vu klengem un sozial
Kompe-tenzen
opzebauen: Op all Kand eenzel agoen, Ängschten ofbauen, positiv Erwardungshaltungen opbauen asw.
Da gëllt et awer och genee Strukturen ze schafen (z.B. e
geregelten Dagesoflaf). D‘Kand soll Secherheete kréien fir dat, wat op et
duer kënnt. Natierlech gëtt och ganz vill Wärt op Kommunikatioun geluecht. Sproochlech Kompetenzen
- verbal wéi non-verbal (Mimik, Gebärden...) - solle gefördert an
ausgebaut ginn. D‘Kand soll Freed un der Sprooch entweckelen.
Viraussetzungen fir AutonomieSelbstkompetenz muss
opgebaut ginn: d‘Kand muss léiren sech selwer aschätzen ze kënnen an
sech ze organiséiren, Ufuerderungen selbststänneg kënnen ze erleedegen
a sech un Uweisungen ze halen. Natierlech ass dat ee ganz lange Léierprozess. Dëst fängt mat klengen
Arbechtsopträg unn, déi dann lues a lues zu ëmmer méi komplexen
Aufgabe ginn. De jonke Schüler muss eng „Gruppewahrnehmung“
erléiren: vum „ech“
op de „mir“. Hie muss sech am
Grupp a mat dem Grupp erliewen. Sou
kann dann och Koopera-
tiounsfäheg-keet opgebaut ginn.
Natierlech solle vu jonkem Alter
aus unn Interessen waach geruff
ginn! D‘Kand soll dobäi sou
gelenkt ginn, dass et d‘Méiglechkeet kritt méiglechst vill nei Interesseberäicher kennen ze léiren.
Dëst si Viraussetzungen fir e Léiren vun de Kulturtechniken ze
erméglechen. Dobäi soll d‘Léiren ëmmer handelnd-konkret sinn. De
Schüler muss „begräifen“ fir kënnen ze verstoen.
Ziel ass, e sënnvollt,
liewenspraktescht Léiren um Niveau vum Kand, en vue fir eng
héchstméiglech Autonomie, an ëmmer an Ofsprooch mat den Elteren unzestriewen!
Ënnergrad: Zielsetzungen
Basiskompetenzen opbauen
&Viraussetzunge fir
Autonomie schafen!
Dëst sinn d‘Haaptzieler fir eis
jéngste Schüler.
Centre d‘Education DifférenciéeRoodt/Syre & Walferdange
Mëttelgrad: ZielsetzungenLiewensorientéiert Schaffen & AutonomieNodeems éischt Basiskompetenzen erléiert gi sinn, an en éischte Kontakt mat Kulturtechniken gemat ginn ass, geet et drëms, dëst auszebauen - an dat ëmmer am Hibléck fir op e praktescht, zukunftsorientéiert Liewen virzebereeden.Schoulesch Kompetenzen
D’Themen am Mëttelgrad sinn als eng Initialiséirung, eng Virbereedung zu den Themenerarbechtungen vum Uewergrad ze verstoen. Si ginn sou wäit wéi méiglech no de Schüler hierem Interessensgebitt erausgesicht an erschafft. Praktesch Themen ginn fächeriwergräifend behandelt. Sou gëtt an den Alldags‐Aktivitéiten dat schoulescht Wëssen ëmmer integréiert: Beim Kachen Lléisst esou z.B. Mathemathik, Sproochen asw mat eran. Kulturtechniken a schoulesch Wëssensvermëttelung soll sënnvoll erléiert ginn ‐ Dat heescht net reng theoretesch, mee ëmmer am Hibléck op eng praktesch Situatioun: z.B. Rechnen mam Euro, Auer léiren, e Busplang liesen a verstoen... Awer och eng pädagogesch gudd erschaffte Sexualitéits‐Erzéihung, déi nom Bedarf vun de jeweilegen Schüler zesummegestallt gëtt, gehéiert dozou. D’Schüler sollen mat hiere Méiglechkeeten, sou wäit wéi et (hinne) méiglech ass, gefuerdert ginn ‐ am Hibléck, dass si ab dem Uewergrad ëmmer méi praktesch schaffen.
Handlungskompetenz & Arbechtshaltung
D‘Schüler ginn am Mëttelgrad ëmmer méi Lir Aufgaben responsabiliséiert. Chargen (Arbechten) ginn no hiere Méiglechkeeten verdeelt, ouni Iwer‐, bzw Ënnerfuerderung! Si sollen déi dann selbststänneg ausféiren. Handlungsschrëtter gi kennegeléiert an erübt. Duerno soll de Schüler da selwer drun denken an se ausféiren. An Alldagssituatiounen an am Interagéiren mat de Schüler gëtt soumat ganz vill Lir hiert Alldagsliewen erléiert. Wichteg dobäi ass, um Niveau an NET um Thema ze differenzéiren! Lues a lues soll ëmmer méi un dat Liewenspraktescht erugefouert ginn: Pauseniessen oder kleng Menuer kachen, Akaafslëschten schreiwen oder mat Piktogrammen erstellen an domat akaafe goen, mam Euro schaffen, Auer léiren...
Sozialverhalen & Kommunikatioun
Et ass wichteg Strukturen ze schafen, wou sech jiddereen orientéire kann. Niewent de Schoulregelen ginn et z.B. och Klasseregelen. Domat sollen d‘Schüler hiert eegent Verhale kontrolléiren a reguléiren kënnen. Si sollen Techniken erléiren, wéi si sech „dobaussen“ (an der Gesellschaft) behuelen sollen. „Ech‐ Bezogenheet“ vum Schüler soll lues a lues ëmmer méi duerch eng Gruppen‐Zougehéiregkeet ersat ginn. Kommunikatioun spillt do eng wichteg Roll: sech léiren auszedrécken an auszetauschen, Informatiounen weider ginn vun deem wat erlieft gouf, awer och een deem aneren nolauschteren. Wëssen, dass ee gehéiert gëtt, dass een d’Méiglechkeet vum gemeinsamen Austausch huet, dass e Problemer eescht geholl ginn, an zesummen no Léisungen gesicht gëtt, ass eng weider Sécherheet Lir de Schüler a fördert e positivt Sozialverhalen. D‘Kand ass net nëmmen de Schüler aus der Schoul, mee gët ganzheetlech
gesinn: Liewen doheem, Liewen an der Schoul, Fräizäit ... gehéiren zesummen a sollen och am Schoulgeschehen mat abezu ginn!
Centre d‘Education DifférenciéeRoodt/Syre & Walferdange
UEWERGRAD: ZIELSETZUNGENWeiderféirung vum Mëttelgrad & Virbereedung op LiewenspraxisDen Iwergang vum Mëttel- an den Uewergrad ass fléissend. Déi haapt Zielsetzungen bleiwen. Ännerën mecht sech virun allem d‘Entwécklungsstuf vum Schüler, deen lo voll an der Pubertéit stécht, a säi Rôle am Erwuesseneliewen sicht. Verbonnen domat sinn natierlech Ännerungen an de Liewensusiichten, an domaten och am Verhalen zu sengem Géigeniwer an zu sech selwer. Et gëlt de Schüler ze leeden an him Sécherheeten ze vermëttelen, fir dass hien säi Wee an d‘Zukunft fënnt!
Autonomie an Handlungskompetenz förderen
léire plangen an organiséiren (Arbechten, AusLligg, ...)
léieren Verantwortung Lir sech selwer iwerhuelenEmgang mat Medie léieren (digital Fotoapparat; Internet, Telé, Radio; ...)
Eng positiv Arbechtshaltung entwëckelenVerantwortung iwerhuelen Lir kleng Arbechten an der Klass oder an der Schoul
Verantwortung Lir Arbechtsmaterial iwerhuelen
mat Hëllef vu Piktogrammer / Textuleedungen eenzel Arbechtsschrëtter ëmsetze léieren
verschidde Beruffer resp. Arbéchtsméiglechkeeten kenneléieren duerch Visiten um Terrain
Sozialverhalen a Kommunikatioun am Grupp förderen
léieren eng eege Meenung ze hunn an auszedrécken
léieren mat KonLlikter eens ze ginn
Respekt, Akzeptanz an Toleranz vis‐à‐vis vu senge Matmënsche weisen
Individuell kognitiv Kompetenze praktësch ëmsetzen
individuell Lies‐ a Rechefähegkeete förderen
Emgang mat Geld, Auer, Moossen (akaafe goën, Busplang liesen, zesumme kachen, ...)
perséinlech Interessen an individuell Projeten förderen
Allgemengwëssen am Kontext vun der Aktualitéit förderen (Noriichten beschwätzen, kulturell Visiten, ...)
Ech sinn ech
eng gesond Astellung zu sengemKierper hunn
pubertär Bedierfnisser verstoen, sech léieren ofzegrenzen, duerchzesetzen
ee gesond SelbstwärtgeLill hunn (ech kann eppes; ech sinn eppes wärt)
seng eege Kreativitéit ausliewen (duerch Molen, Theater, Musek, Danz, ...)
Sport maachenSchwammen, Turnen, Airtramp, Psychomotorik
Centre d‘Education DifférenciéeRoodt/Syre & Walferdange
Chancen an eiser ArbechtsweltD‘Gesetz vum Statut vum „Behënnerten Arbechter“ ass oft fir eis Schüler déi eenzeg Chance - mee kee Garant! - fir um Arbechtsmaart eng Plaz ze fannen. Wann een de Statut ufreet, heescht dat net, dass déijeneg Persoun näischt kann, mee dass se op verschiddene Punkten Defiziter virweist - also wou ee méi Schwieregkeeten huet, oder wou et méi lues geet. Wann de Patron eng Persoun ënnert dësem Statut astellt, dréit de Staat d‘sozial Laaschten a kënnt fir en Deel vum Akommes op. Ausser him weess awer keen, dass een dëse Statut huet.
Z i e l s e t z u n g e nArbechtshaltung
opbauen
seng Arbecht orga-
niséiren, duerchféiren a
bis zu engem Ofschloss
bréngen
Arbechtstechniken
erléieren
Léiren an deene
verschiddene Beräicher
vun der Arbechtswelt an
am Haushalt eenz ze ginn
Sozial Integratioun
Konflikter vermeiden &
léisen, Kommu-nikatoun
léiren & asetzen, sech a
sengem Ëmfeld erëm
fannen an eenz ginn
Stagen & Arbechts-
plazen opsichenpassend zu Interessen,
Fähegkeeten, Ausdauer & Motivatioun a praktesch Erfahrungen um
Arbechsmart maachen
VIRBEREEDUNG OP D‘ARBECHTSWELTDe Centre de Propédeutique Professionnelle ass eng beruffsvirbereedend Schoul. D‘Haaptziel ass, all Schüler - egal wéi grouss hier Behënnerung ass - an e puer Joer um Arbechtsmaart (sief ët um ordinären oder um protegéierten) ze integréiren.
Dass dëst net liicht ass, versteht sech vum selwen. Leider ass et net méiglech fir een Diplom virzebereeden. Déi eenzeg Chance déi eis Schüler hunn, ass hiere Fläiss an hiert Kënnen, hiert gudd Behuelen an d‘Gesetz vum Statut vum
„Behënnerten Arbechter“, dat hinnen den Antrétt an d‘Arbechtswelt ee Stéck méi no brengt.
Duerfir muss een de Schüler hir manuell Fähegkeeten
souwäit förderen, wéi et hirem Intellekt méiglech ass; dat heescht souwäit, wéi et fir si ze faassen ass, wéi si et ver-stinn an ëmsetze kënnen. Si mussen Arbechthaltung
opbauen, an sech awer och Schwieregkeeten stellen an dës iwerwanne kënnen. Duerfir mussen d‘Schoulaktivitéiten fonktionell an interessant sinn. Si mussen ee gewëssene Schwieregkeetsgrad
hunn, ouni dem Schüler seng Kapazitéiten ze iwerfuerderen. E
positivt Selbstwertgefill muss opgebaut an ënnerhale ginn, an et muss déi Aktivitéit / Arbecht fonnt ginn déi de Schüler interesséiert a färdeg bréngt. Oft
huet hien awer falsch oder guer keng Virstellung vun der Arbechtswelt. Duerfir wëlle mir probéiren verschidde Stageplazen unzebidden. De Schüler
muss sech selwer ee Bild dovu maache kënne, wat Schaffen heescht an ass!Seng manuell Fähegkeeten sollen op een héchstméigleche Niveau bruecht ginn, a
gläichzäiteg soll dem Schüler säi Sozialverhalen verbessert a positiv opgebaut ginn. Vill Zouwendung a Sécherheeten a sengem Ëmfeld hëllefen him dobäi!
Beruffsvirbereedend KlassenSchwéierpunkt: Léierbehënnerung & sozial Integratioun
Centre d‘Education DifférenciéeRoodt/Syre & Walferdange
Ënner ënnerstetzender Kommunikatioun versteht een all pädagogesch an therapeutesch Hëllefstellungen, déi eng Erweiderung vun de kommunikative Méiglechkeeten bei Mënschen ouni, oder mat wéinig Lautsprooch ervirbrengen. Dës kënnen souwuel bei Kanner, Jugendlechen an Erwuessener agesat ginn. Niewend Kierpersprooch (Mimik & Gestik), zielen zu den Hëllefsmëttelen ënner anerem och Gebärden, Photoen, Biller, Piktogrammer asw. An eisem Grupp gëtt virun allem mat de leschtgenannten Hëllefsmëttel geschafft.
Ënnerstetzend Kommuni-
katioun:
Beru
ffsvi
rber
eede
ndKl
asse
nSc
hwéi
erpu
nkt:
Gee
scht
eg B
ehën
neru
ng
Mat Behënnerung duerch d‘LiewenMir wëllen Menschen mat geeschteger Behënnerung beschtméiglechst op d‘Liewen preparéieren.
Eis ass et ganz wichteg, dass all Schüler als gläichwärteg Persounen ugesi ginn. Duerfir gi regelméisseg Aktivitéiten mat de Schüler aus dem anere Grupp, mee awer och mat Schüler vu Rued gemat (sou z.B. bei den Garden‐, an Holz‐arbechten). Hei kënne si mat aneren zesummeschaffen (Responsabel muss dobäi sinn) an einfach Aktivitéiten iwerhuelen (riechen, ewechféiren, schläifen, usträichen...). All Arbechten, wou si och spéiderhinn eng Kéier d‘Méiglechkeet kréien fir se vläicht ze maachen, ginn hei ugebueden: Jardinage, Recycling, Kichen, Haushalt, Kärzen‐, Holz‐ a
ZielsetzungenResponsabilitéit fir sech a fir déi aner huelenKommunikatioun: sech matdeelen & elementar Emgangsformen erléiren (Moien, Merci, Äddi...)
Selbststännegkeet mat Hëllef vun ënnerstetzender Kommunikatioun erléirenSënnvoll Arbechte verriichten an esou d‘Gevill vermëttelen, dass dem Schüler säi Schaffen wärtvoll ass
Centre d‘Education Différenciée Roodt/Syre & Walferdange
Eist Schoulpersonal
Monique BIEWER Irma CHENET VéroniqueDELLI-ZOTTI
Nathalie DEMUTH
Paul FEITLERChargé de la Direction
Gaby FUNK Bob GEIB Luc HAAS Astrid HECK
Ralph HOFFELT Ben HOMAN Marie-Jeanne KIEFFER
Caroline KINNEN
Centre d‘Education DifférenciéeRoodt/Syre & Walferdange
Liliane KOEUNE Martine MATHES Danielle MOLITOR
Jacquie PAPIER
Rémi SACRÉ
Gaby SCHMITZ
Claudia SIMOES
Alice STEINBACH
Tina STEYER
Dany WEBER Pier ZAHLENChristiane THILL
Eis Sekretärinnen:
Centre d‘Education DifférenciéeRoodt/Syre & Walferdange